6. Kapitel
De Kinnek Benjamin schreift d’Nimm vum Vollek op a bestëmmt Priister, fir si ze enseignéieren—De Mosiah regéiert als e gerechte Kinnek. Ongeféier 124–121 v. Chr.
1 An elo huet de Kinnek Benjamin geduecht, et wier ubruecht, nodeems hien zum Vollek geschwat hat, d’Nimm vun all deenen opzehuelen, déi eng Allianz mat Gott agaange waren, fir seng Geboter ze halen.
2 An et huet sech erginn: Ausser de klenge Kanner gouf et net eng eenzeg Séil, déi net d’Allianz agaange wär an net de Numm vum Christus op sech geholl hätt.
3 A weider huet et sech erginn: Wéi de Kinnek Benjamin mat all deem op en Enn komm war a säi Jong Mosiah zum Herrscher a Kinnek iwwert säi Vollek geweit hat an nodeems hien him all Verantwortung a Bezuch op säi Räich iwwerginn hat an nodeems hie Priistere bestëmmt hat, déi d’Vollek enseignéiere sollten, fir datt et esou d’Geboter Gottes héieren a kenneléiere géif, a fir ëm den Eed, deen et agaange war, am Gediechtnes waakreg ze halen, huet hien d’Leit entlooss, an esou sinn si, jiddwereen no senger Famill, rëm heem gaangen.
4 An de Mosiah huet ugefaangen, amplaz vu sengem Papp ze regéieren. An hien huet seng Regierung a sengem drëssegste Liewensjoer ugefaangen, also am Ganzen ongeféier véierhonnertsechsasiwwenzeg Jore no där Zäit, wou de Lehi Jerusalem verlooss hat.
5 An de Kinnek Benjamin huet nach dräi Jore gelieft an dunn ass hie gestuerwen.
6 An et huet sech erginn: De Kinnek Mosiah ass op de Weeër vum Här gewandelt an huet seng Riichterspréch a Statute beuecht an huet seng Geboter an allem, wat hien him gebueden huet, gehalen.
7 An de Kinnek Mosiah huet säi Vollek d’Äerd bebaue gelooss. An och hie selwer huet d’Äerd bebaut, fir datt hie sengem Vollek net zur Laascht fale géif, fir datt hie genausou handele géif, wéi och säi Papp an allem gehandelt hat. An dräi Jore laang gouf et kee Sträit ënnert all sengem Vollek.