Scriptures
Mosiah 11


11. Kapitel

De Kinnek Noah regéiert a Béist—Hie genéisst e raut Liewe mat senge Fraen an Niewefraen—Den Abinadi prophezeit, datt d’Vollek a Sklaverei bruecht gëtt—De Kinnek Noah sicht, him d’Liewen ze huelen. Ongeféier 160–150 v. Chr.

1 An elo huet et sech erginn: Den Zeniff huet dem Noah d’Kinnekräich iwwerdroen, dat war ee vu senge Jongen; dofir huet den Noah ugefaangen, a senger Plaz ze regéieren; an hien ass net op de Weeër vu sengem Papp gaangen.

2 Kuckt, hien huet d’Geboter vu Gott net gehal, mee hien ass de Wënsch vu sengem eegenen Häerz nogaangen. An hien hat vill Fraen an Niewefraen. An hien huet säi Vollek verfouert, ze sëndegen an dat ze maachen, wat an den Ae vum Här eng Abscheilechkeet ass. Jo, a si hunn Prostitutioun an allerhand Béist begaangen.

3 An hien huet eng Steier erhuewe vun engem Fënneftel vun all deem wat si besëtzen, ee Fënneftel vun hirem Gold a vun hirem Sëlwer, ee Fënneftel vun hirem Ziff an hirem Koffer, hirem Messeng an hirem Eisen an ee Fënneftel vun hire fetten Déieren an och ee Fënneftel vun all hire Getreider.

4 An dat alles huet hie geholl, fir sech selwer ze ënnerhalen, a seng Fraen a seng Niewefraen; an och seng Priister, an hir Fraen an Niewefraen; esou hat hien d’Affäre vum Kinnekräich verännert.

5 Well hien huet all d’Priister ofgesat, déi vu sengem Papp geweit gi waren, an huet neier an hirer Plaz geweit, déi, déi am Stolz vun hirem Häerz iwwerhieflech waren.

6 Jo, an esou goufen si an hirer Faulheet, an hirem Gëtzendéngscht an an hirer Prostitutioun ënnerstëtzt duerch d’Steieren, déi de Kinnek Noah sengem Vollek opgezwongen hat; sou huet d’Vollek sech immens beméit, fir Ongerechtegkeet ze ënnerstëtzen.

7 Jo, an och si sinn zu Gëtzendénger ginn, well si duerch déi eidel a schmeechelhaft Wierder vum Kinnek a vu senge Priister verleet goufen; well si hu schmeechelhaft Saachen zu hinne gesot.

8 An et huet sech erginn, datt de Kinnek Noah vill elegant a grouss Gebaier gebaut huet; an hien huet se mat schéine Wierker aus Holz a mat all méigleche wäertvolle Saachen aus Gold, an aus Sëlwer, an aus Eisen, an aus Messeng, an aus Ziff an aus Koffer, verziert;

9 An hien huet sech och e grousse Palais gebaut, an en Troun matzen dran, dat alles aus edlem Holz war a mat Gold a Sëlwer a mat wäertvolle Saache verziert war.

10 An hien huet seng Aarbechter och allerhand Aarbechte bannent de Mauere vum Tempel hierstelle gelooss, aus edlem Holz an aus Koffer an aus Messeng

11 An d’Sëtzer, déi fir déi Héich Priister reservéiert waren, déi iwwert all deenen anere Sëtzer stoungen, huet hie mat rengem Gold verziere gelooss; an hien huet eng Brüstung virun hinnen opbaue gelooss, fir datt si hir Kierper an hir Äerm drop leeën, wärend si ligenereg an näischnotzeg Wierder zu sengem Vollek schwätzen.

12 An et huet sech erginn: Hien huet no dem Tempel een Tuerm gebaut, jo, ee ganz héijen Tuerm, sou héich, datt hien, wann hien op senger Spëtzt stoung, iwwer d’Land Schilom an och d’Land Schemlon, dat d’Lamaniten a Besëtz haten, kucke konnt; an hie konnt souguer alles Land ronderëm iwwerwaachen.

13 An et huet sech erginn, datt hie vill Gebaier am Land Schilom baue gelooss huet; an hien huet ee groussen Tuerm um Hiwwel am Norde vum Land Schilom baue gelooss, dee fir d’Kanner vum Nephi e Refuge war, wéi si aus dem Land geflücht sinn; an esou ass hie mat de Räichtemer verfuer, déi hie kritt hat, duerch d’Steiere vu sengem Vollek.

14 An et huet sech erginn, datt him säi Räichtum ganz wichteg war, an hien huet seng Zäit mat senge Fraen an Niewefraen an engem opreegende Liewe verbruecht; an esou hunn och seng Priister hir Zäit mat Houere verbruecht.

15 An et huet sech erginn: Hien huet ronderëm am Land Wäigäert geplanzt; an hien huet Wäikeller gebaut an huet Wäin am Iwwerfloss produzéiert; an dowéinst gouf hien zu engem Wäisëffer a genausou säi Vollek.

16 An et huet sech erginn: D’Lamanite koumen iwwer säi Vollek, iwwer all Kéiers eng kleng Unzuel, an hunn ugefaangen, si ëmzebréngen—op de Felder a wärend si op hir Häerden opgepasst hunn.

17 An de Kinnek Noah huet ronderëm d’Land Waachen ausgeschéckt, fir si ofzewieren; mee hien huet der net genuch geschéckt, an d’Lamanite koumen iwwert si an hunn si ëmbruecht an hu vill vun hiren Häerden aus dem Land ewech gedriwwen; sou hunn d’Lamaniten ugefaangen, si ze vernichten an hiren Haass un hinnen aus ze loossen.

18 An et huet sech erginn, datt de Kinnek Noah seng Arméie géint si geschéckt huet, a si goufen zeréckgedriwwen, oder si hunn si fir eng Zäit zeréckgedriwwen; dofir, si koume voller Freed iwwer hir Beut zeréck.

19 An elo, wéinst dëser grousse Victoire, sinn si am Stolz vun hirem Häerz iwwerhieflech ginn; si hunn sech mat hirer eegener Kraaft gebretzt, a gesot, datt hirer fofzeg géint Dausende vun de Lamanite standhale kéinten; an esou hunn si sech gebretzt an sech gefreet um Blutt, an um Bluttvergéisse vun hire Bridder—an dat wéinst der Béist vun hirem Kinnek a senge Priister.

20 An et huet sech erginn, datt et e Mann ënnert hinne war, deem säin Numm Abinadi war; an hien ass ënnert si gaangen an huet ugefaangen ze prophezeien a gesot: Kuckt, sou seet den Här, an sou huet hie mir gebueden a gesot: Gitt eraus a sot zu dësem Vollek: sou seet den Här—Wéi dësem Vollek, well ech hunn hir Abscheilechkeeten, hir Béist an hir Prostitutioun gesinn; an ausser si kéieren ëm, wäert ech si a menger Roserei besichen.

21 An ausser si kéieren ëm an si kommen zum Här, hirem Gott, zeréck, kuckt, ech ginn si an d’Hänn vun hire Feinden; jo, a si ginn a Sklaverei bruecht; a si gi vun der Hand vun hire Feinde geplot.

22 An et wäert sech erginn, datt si wëssen, datt ech den Här, hire Gott, sinn, an e jalouse Gott sinn, deen d’Ongerechtegkeete vu mengem Vollek besicht.

23 An et wäert sech erginn: Wann dëst Vollek net ëmkéiert a sech net zum Här, zu sengem Gott, dréint, da wäerten si a Sklaverei ausgeliwwert ginn; a kee wäert si befreien, ausser den Här, den Allmächtege Gott.

24 Jo, an et wäert sech erginn: Wann si dann zu mir jäizen, wäert ech lues sinn, hiert Gejäiz ze héieren; jo, an ech wäert zouloossen, datt si vun hire Feinde geschloe ginn.

25 A wann si net a Sak a Stëbs ëmkéieren a mächteg zum Här, zu hirem Gott, jäizen, wäert ech hir Gebieder net héieren an si och net aus hirem Leed befreien; an sou seet den Här, an sou huet hie mir gebueden.

26 Lo huet et sech erginn: Wéi den Abinadi dës Wierder zu hinne gesprach hat, waren si rosen op hien an hunn him nom Liewe getruecht; mee den Här huet hien aus hiren Hänn befreit.

27 Wéi elo de Kinnek Noah vun de Wierder héieren hat, déi den Abinadi zum Vollek gesprach hat, war och hie rosen; an hien huet gesprach: Wien ass deen Abinadi, datt ech a mäi Vollek vun him geriicht sollt ginn, a wien ass deen Här, deen sou grousst Leed iwwert mäi Vollek brénge wäert?

28 Ech kommandéieren iech, den Abinadi heihinner ze bréngen, fir datt ech hien ëmbréngen, well hien huet dës gesot, fir mäi Vollek opzestëppelen, sou datt een op deen anere rosen ass, a fir ënner mengem Vollek Streidereien ze stëften; dofir wëll ech hien ëmbréngen.

29 Elo waren d’Ae vum Vollek verblend; dofir hunn si d’Häerz géint dem Abinadi seng Wierder verhäert an hu vun där Zäit un duerno getruecht, hien ze ergräifen. An de Kinnek Noah huet säin Häerz géint d’Wuert vum Här verhäert, an ass net vu senge béise Saachen ëmgekéiert.