Scriptures
Mosiah 27


27. Kapitel

De Mosiah verbitt Verfollgung a befielt Gläichberechtegung—Den Alma, de Jonken, an déi véier Jonge vum Mosiah versichen, d’Kierch ze zerstéieren—En Engel erschéngt a befielt hinnen, domadder opzehalen—Den Alma gëtt stomm geschloen—All Mënsch muss erëm gebuer ginn, fir d’Erléisung ze kréien—Den Alma an d’Jonge vum Mosiah verkënnegen déi gutt Noriicht. Ongeféier 100–92 v. Chr.

1 An et huet sech erginn: D’Verfollgungen, déi vun den Ongleewegen iwwer d’Kierch bruecht goufen, hunn esou zougeholl, dat d’Kierch ugefaangen huet, ze grommelen an sech doriwwer bei hire Führer ze bekloen; an si hunn sech beim Alma beklot. An den Alma huet de Fall hirem Kinnek Mosiah virgeluecht. An de Mosiah huet sech mat senge Priister beroden.

2 An et huet sech erginn: De Kinnek Mosiah huet een Opruff duerch d’ganzt Land ronderëm geschéckt, nämlech dat een Ongleewege kee méi verfollegen däerf, deen der Kierch Gottes ugehéiert huet.

3 An et gouf ee strengt Gebot an alle Kierchen, dat et ënnert hinne keng Verfollgung däerf ginn, dat et ënnert alle Mënsche Gläichheet soll ginn,

4 dat si sech hire Fridde vu kengem Stolz a kenger Arroganz stéiere loosse sollten; jiddweree soll säin Nächsten uechte wéi sech selwer a mat eegenen Hänn fir säin Ënnerhalt schaffen.

5 Jo, an all hir Priister an Enseignante sollte mat hiren eegenen Hänn fir hiren Ënnerhalt schaffen, an alle Fäll, ausser e wier krank oder a grousser Bedierftegt; an andeems si dës Saache gemaach hunn, sinn si räichlech an d’Gnod vu Gott agaang.

6 An et huet een ugefaangen, erëm vill Fridden am Land ze hunn; an d’Vollek huet ugefaangen, ganz vill ze ginn a sech weiderhin iwwer d’Uewerfläch vun der Äerd auszebreeden, jo, am Norden an am Süden, am Osten an am Westen, a si hunn grouss Stied an Dierfer an allen Deeler vum Land gebaut.

7 An den Här huet sech hirer ugeholl an huet et hinne wuel ergoe gelooss, a si goufen ee grousst a räicht Vollek.

8 Elo goufen d’Jonge vum Mosiah zu den Ongleewege gezielt; an och ee vun de Jonge vum Alma gouf zu hinne gezielt, hie gouf Alma genannt, no sengem Papp; trotzdeem ass hien ee ganz béisen an ee gëtzendéngschtege Mann ginn. An hie war ee Mann vu ville Wierder an huet de Leit vill Geschmeecheltes gesot; dofir huet hien der vill vum Vollek verfouert, fir no der Weis vu senge béisen Doten ze handelen.

9 An hie gouf ee grousst Hënnernes fir d’Wuelergoe vun der Kierch Gottes: Hien huet dem Vollek d’Häerz geklaut; hien huet vill Oneenegkeeten ënnert dem Vollek verursaacht; hien huet dem Feind Gottes Geleeënheet ginn, seng Muecht iwwert si ze praktizéieren.

10 An elo huet et sech erginn, datt, wéi hie probéiert huet, d’Kierch vu Gott ze zerstéieren, well hien am Geheime mat de Jonge vum Mosiah ronderëm gaangen ass, fir d’Kierch ze zerstéieren an d’Vollek vum Här feel ze leeden, entgéint de Geboter vu Gott oder souguer dem Kinnek—

11 a wéi ech iech gesot hunn, wéi si dorëmmer gaangen sinn a sech géint Gott gestallt huet, kuckt, do ass hinnen een Engel vum Här erschéngt; an hie koum wéi an enger Wollek erof; an hien huet wéi mat Donnerstëmm gesprach, déi d’Äerd, wouropper si stoungen, biewe gelooss huet;

12 a sou grouss war hir Bestierzung, dat si zur Äerd gefall sinn an d’Wierder, déi hien zu hinne gesprach huet, net verstanen hunn.

13 Mee hien huet nach eng Kéier geruff, nämlech: Alma, erhief dech a komm no vir, well firwat verfollegs du d’Kierch Gottes? Well den Här huet gesprach: Dës ass meng Kierch, an ech wäert se opriichten; an näischt wäert se zerstéieren, ewéi eleng d’Iwwertriedunge vu mengem Vollek.

14 A weider huet den Engel gesprach: Kuck, den Här huet d’Gebieder vu sengem Vollek héieren, an och d’Gebieder vu sengem Kniecht Alma, deen däi Papp ass; well hien huet mat vill Glawe fir dech gebiet, fir datt s du zum Wësse vun der Wourecht bruecht géifs; dofir sinn ech elo komm, dech vun der Muecht an Autoritéit Gottes ze iwwerzeegen, fir datt d’Gebieder vu senge Kniechten no hirem Glawen erhéiert géifen.

15 An elo kuck, kanns du d’Muecht Gottes bestreiden? Well kuck, léisst net meng Stëmm d’Äerd biewen? A kënnt dir net och mech virun iech gesinn? An ech si vu Gott geschéckt.

16 Elo soen ech dir: Géi hin an denk un d’Gefaangenschaft vun denge Pappen am Land Helam an am Land Nephi; denk dorunner, wat hie Grousses fir si gemaach huet, well si waren a Sklaverei, an hien huet si befreit. An elo soen ech dir, Alma: Géi denges Wee a sich net méi duerno, d’Kierch ze zerschloen—fir dat hir Gebieder Erhéierung fannen—och wann s du selwer verstouss wëlls ginn.

17 An elo huet et sech erginn: Dës waren déi lescht Wierder, déi den Engel zum Alma gesprach huet, an hien huet sech ewech gemaach.

18 An elo sinn den Alma an déi, déi mat him waren, erëm zur Äerd gefall, well grouss war hir Bestierzung; well mat hiren eegenen Aen haten si een Engel vum Här gesinn; a seng Stëmm war ewéi Donner, deen d’Äerd biewe gelooss huet; a si woussten, dat et ausser der Muecht Gottes näischt gouf, wat d’Äerd biewen an ziddere loosse konnt, wéi wann se géif zerräissen.

19 An elo war d’Bestierzung vum Alma esou grouss, dat hie stomm gouf, dat hie säi Mond net méi opmaache konnt; jo, an hie gouf schwaach, sou dat hien net eemol seng Hänn beweege konnt; dofir hunn déi, déi mat him waren, hie geholl, an hunn deen Aarme gedroen, jo, bis hie viru säi Papp geluecht gouf.

20 A si hu sengem Papp alles matgedeelt, wat hinne geschitt war; a säi Papp huet sech gefreet, well hie wousst, dat et d’Muecht Gottes war.

21 An hien huet vill Leit sech versammele gelooss, fir dat si dovunner temoignéieren, wat den Här fir säi Jong gemaach hat, an och fir déi, déi mat him waren.

22 An hien huet d’Priister zesummebrénge gelooss; an si hunn ugefaangen ze faaschten an zum Här, hirem Gott, ze bieden, datt hien dem Alma de Mond opmaache géif, fir datt hie schwätze kéint, an och datt seng Glidder hir Kraaft kréien—fir datt d’Ae vum Vollek opgemaach kéinte ginn, fir d’Guttheet an d’Herrlechkeet vu Gott ze gesinn an ze kennen.

23 An et huet sech erginn: Nodeems si zwee Deeg an zwou Nuechte laang gefaascht a gebiet haten, hunn d’Glidder vum Alma erëm Kraaft empfaangen, an hien ass opgestanen an huet ugefaangen, zu hinnen ze schwätzen: an hien huet si gebueden, gudder Déng ze sinn.

24 Well, huet hie gesot, ech si vu menge Sënden ëmgekéiert a si vum Här erléist ginn: kuckt, ech sinn aus dem Geescht gebueren.

25 An den Här sot zu mir: Wonner dech net, datt déi ganz Mënschheet, jo, Männer a Fraen, all Natiounen, Geschlechter, Sproochen a Vëlker, erëm gebuer muss ginn; jo, vu Gott gebuer, vun hirem fleeschlechen a gefalenen Zoustand ëmgewandelt ginn an een Zoustand vu Gerechtegkeet, sou datt si, andeems si vum Gott erléist ginn, seng Jongen a seng Duechtere ginn.

26 An esou ginn si nei Kreaturen; a wann si dëst net maachen, kënnen si d’Räich Gottes op kee Fall ierwen.

27 An ech soen dir, wann dëst net de Fall ass, mussen si verstouss ginn; an dëst weess ech, well ech war dobäi, verstouss ze ginn.

28 Mee huet et den Här, nodeems ech duerch vill Leide getrëppelt sinn a bal bis zum Doud Ëmkéiert geüübt hunn, a senger Baarmhäerzegkeet fir richteg gehalen, mech engem éiwege Brennen ze enträissen, an ech sinn aus Gott gebueren.

29 Meng Séil ass vun der batterer Gal a vun de Fessele vun den Ongerechtekeeten erléist ginn. Ech war am däischtersten Ofgrond; an elo gesinn ech dat wonnerbart Liicht vu Gott. Meng Séil war vun éiweger Qual gepéngegt; mee ech si lass gerappt, a meng Séil leit keng Péng méi.

30 Ech hu mäin Erléiser verworf an dat verleegent, wouvunner eis Pappe geschwat hunn; lo awer, fir dat ee virdru weess, dat hie komme wäert an dat hie jiddwer Kreatur vu senger Schëpfung gedenkt, wäert hien sech jiddwerengem weisen.

31 Jo, virun him wäert all Knéi sech béien a jiddwer Zong bekennen. Jo, nämlech um leschten Dag, wann all Mënschen dostinn, fir vun him geriicht ze ginn, do wäerten si bekennen, dat hie Gott ass; da wäerten déijéineg, déi ouni Gott an der Welt liewen, bekennen, dat de Riichtersproch vun éiweger Strof iwwert si gerecht ass; a si wäerte biewen an zidderen an zeréck schrecken ënnert dem Bléck vu sengen alles duerchdréngenden Aen.

32 An elo huet et sech erginn: Den Alma huet ugefaangen, vun dëser Zäit un d’Vollek ze léieren; an déijéineg, déi mam Alma waren, wéi den Engel sech gewisen hat, si ronderëm gezunn duerch d’ganzt Land an hunn alles dem Vollek bekannt gemaach, wat si héieren a gesinn haten; a si hunn d’Wuert vu Gott ënner vill Leide gepriedegt, well si goufe vun deenen, déi ongleeweg waren, hefteg verfollegt, a si goufe vu ville vun hinne geschloen.

33 Mee trotz allem hunn si der Kierch vill Tréischtung bruecht; si hunn hinnen de Glawe gestäerkt an si mat Gedold a vill Aarbecht ermontert, d’Geboter vu Gott ze halen.

34 A véier vun hinne waren d’Jonge vum Mosiah, an hir Nimm waren Ammon an Aaron an Omner an Himni; dës waren d’Nimm vun de Jonge vum Mosiah.

35 A si sinn duerch d’ganzt Land Zarahemla gezunn a sinn ënnert all Vollek gaangen, dat ënnert der Regierung vum Kinnek Mosiah stoung, a si hunn sech äifreg beméit, all dat Onrecht erëm gutt ze maachen, dat si der Kierch ugedoen haten; si hunn all hir Sënde bekannt an hunn alles bekannt gemaach, wat si gesinn haten, an hunn allen, déi de Wonsch haten, et ze héieren, d’Prophezeiungen an d’Schrëften erkläert.

36 A sou waren si Handlaanger an den Hänn Gottes, fir där vill zum Wësse vun der Wourecht ze bréngen, jo, zum Wësse vun hirem Erléiser.

37 A wéi geséint sinn si! Well si hu Fridde verkënnegt; si hu gutt Noriicht vu Guddem verkënnegt; a si hunn dem Vollek verkënnegt, dat den Här regéiert.