26. Kapitel
Vill Membere vun der Kierch gi vun Ongleewegen an d’Sënd gefouert—Dem Alma gëtt dat éiwegt Liewe versprach—Déi, déi ëmkéieren a gedeeft ginn, kréie Verzeiung—Kierchememberen, déi a Sënd sinn, an déi ëmkéieren, a sech dem Alma an dem Här confesséieren, kréie verzien; soss ginn si net zu de Leit vun der Kierch gezielt. Ongeféier 120–100 v. Chr.
1 Elo huet et sech erginn: Et sinn där vill ënnert der Generatioun, déi eru gewuess ass, ginn, déi d’Wierder vum Kinnek Benjamin net verstoe konnten, well deemools, wéi hien zu sengem Vollek gesprach huet, waren si nach kleng Kanner gewiescht; a si hunn der Traditioun vun hire Pappen net gegleeft.
2 Si hunn net dat gegleeft, wat a Bezuch op d’Opersteeung vun den Doudege gesot gi war, a si hunn och net un d’Komme vum Christus gegleeft.
3 An elo konnten si wéinst hirer Ongleewegt d’Wierder Gottes net verstoen, an hiert Häerz war verhäert.
4 A si wollten sech net deefe loossen; si wollten sech och net der Kierch uschléissen. An si waren e getrennt Vollek, wat hire Glawen ugeet, a si sinn dat och fir ëmmer bliwwen, si si souguer an hirem fleeschlechen a sëndegen Zoustand bliwwen; well si wollten den Här, hire Gott, net uruffen.
5 Elo waren si zur Zäit vun der Regierung vum Mosiah net hallef esou vill ewéi d’Vollek Gottes; mee wéinst den Zerspläiterungen ënnert de Bridder goufen si ëmmer méi.
6 Well et huet sech erginn: Mat hire Schmeechel-Rieden hunn si där vill getäuscht, déi der Kierch ugehéiert hunn, an hunn si verleet, vill Sënden ze begoen; dofir war et ubruecht ginn, déijéineg, déi Sënde begaangen hunn an der Kierch ugehéiert hunn, duerch d’Kierch ze ermanen.
7 An et huet sech erginn: Si goufe virun d’Priister bruecht a vun den Enseignanten de Priister iwwerginn; an d’Priister hunn si virun den Alma bruecht, deen den Hohepriister war.
8 Elo huet de Kinnek Mosiah d’Autoritéit iwwer d’Kierch dem Alma ginn.
9 An et huet sech erginn: Den Alma wousst näischt vun hinnen; mee et goufe vill Zeie géint si; jo, d’Vollek ass opgestanen an huet vill Temoignagen ofgi vun hiren Ongerechtegkeeten.
10 Elo war esou eppes nach net virdru geschitt an der Kierch; dofir war den Alma a sengem Geescht beonrouegt, an hien huet gemaach, dat si virun de Kinnek bruecht goufen.
11 An hien huet zum Kinnek gesprach: Kuck, hei sinn där vill, déi mir virun dech bruecht hunn, déi vun hire Bridder ugeklot ginn; jo, a si si bei munche béisen Doten ergraff ginn. A si kéiere vun hiren Ongerechtegkeeten net ëm; dofir hu mir si virun dech bruecht, fir datt s du si no hire Verbrieche riichte géifs.
12 Mee de Kinnek Mosiah huet zum Alma gesprach: Kuck, ech riichten si net; dofir ginn ech si an deng Hänn, fir dat si geriicht ginn.
13 Elo war awer dem Alma säi Geescht erëm beonrouegt; an hien ass higaangen an huet den Här gefrot, wat hien an dëser Saach maache soll, well hien huet gefaart, hie géif an den Ae Gottes eppes Ongerechtes maachen.
14 An et huet sech erginn: Nodeems hien seng ganz Séil viru Gott ausgeschott hat, ass d’Stëmm vum Här un hie gaangen, nämlech:
15 Geséint bass du, Alma, a geséint sinn déi, déi an de Waasser Mormon gedeeft gi sinn. Du bass geséint wéinst dengem immens grousse Glawen eleng un déi Wierder vu mengem Kniecht Abinadi.
16 A si si geséint wéinst hirem immens grousse Glawen eleng un déi Wierder, déi du zu hinne gesprach hues.
17 A geséint bass du, well s du eng Kierch ënnert dësem Vollek opgeriicht hues; an et selwer wäert opgeriicht sinn, an et wäert mäi Vollek sinn.
18 Jo, geséint ass dëst Vollek, dat wëllens ass, mäin Numm ze droen; well mat mengem Numm wäert een si ruffen; a si si mäin.
19 A well s du wéinst den Iwwertrieder bei mir ugefrot hues, bass du geséint.
20 Du bass mäi Kniecht, an ech maachen eng Allianz mat dir, fir dat s du éiwegt Liewe solls hunn; an du solls mir déngen an a mengem Numm higoen a solls meng Schof sammelen.
21 A wien meng Stëmm héiere wëll, dee soll mäi Schof sinn; an dee sollt dir an der Kierch empfänken, an ech wëll hien och empfänken.
22 Well kuck, dëst ass meng Kierch; wien och ëmmer gedeeft gëtt, dee soll zur Ëmkéiert gedeeft ginn. A wien och ëmmer dir empfänkt, dee soll u mäin Numm gleewen, an him wëll ech ouni Weideres verzeien.
23 Well ech sinn et, deen d’Sënde vun der Welt op sech hëlt; well ech sinn et, deen d’Mënschen erschafen huet; an ech sinn et, deen deemjéinegen, dee bis un d’Enn Glawen huet, eng Plaz zu menger rietsen Hand erlaben.
24 Well kuck, mat mengem Numm ginn si geruff; a wann si mech kennen, wäerten si ervirkommen an op éiweg eng Plaz zu menger rietsen Hand hunn.
25 An et wäert sech erginn: Wann déi zweet Trompett ze héieren ass, da wäerten déijéineg, déi mech ni kannt hunn, ervirkommen a viru mir stoen.
26 An da wäerten si wëssen, dat ech den Här, hire Gott, sinn, dat ech hiren Erléiser sinn; mee si hunn sech net erléise loosse wëllen.
27 An da wäert ech hinne bekennen, dat ech si ni kannt hunn; a si wäerten eraus goen an dat éiwegt Feier, dat fir den Däiwel a seng Engele gemaach ginn ass.
28 Dofir soen ech iech: Wien meng Stëmm net héiere wëll, dee sollt dir net a menger Kierch empfänken, well ech wäert hien net empfänken um leschten Dag.
29 Dofir soen ech iech: Gitt hin, a wien och ëmmer géint mech iwwertriet, dee sollt dir riichte no de Sënden, déi hie begaangen huet; a wann hien seng Sënde bekennt virun dir a mir an an der Opriichtegkeet vu sengem Häerzen ëmkéiert, da sollt dir him verzeien, an ech wëll him och verzeien.
30 Jo, an sou dacks mäi Vollek ëmkéiert, wëll ech hinnen hir Verfeelunge géint mech verzeien.
31 An ënnerenee sollt dir iech är Verfeelungen och verzeien; well a Wourecht, ech soen iech: Wien d’Verfeelunge vu sengem Nächsten net verzeit, wann dee seet, hien üübt Ëmkéiert, deen huet sech der Schëllegspriechung ausgesat.
32 Elo soen ech zu iech: Gitt hin; a wien och ëmmer vu senge Sënden net ëmkéiere wëll, dee soll mengem Vollek net ugezielt ginn; an dës soll vun elo un beuecht ginn.
33 An et huet sech erginn: Wéi den Alma dës Wierder héieren hat, huet hien se niddergeschriwwen, fir dat hien se huet a fir dat hien d’Vollek vun dëser Kierch riichte kéint no de Geboter Gottes.
34 An et huet sech erginn: Den Alma ass higaangen an huet déijéineg geriicht, déi an hiren Ongerechtegkeeten ergraff gi waren, nom Wuert vum Här.
35 A wien vu senge Sënden ëmgekéiert ass a se bekannt huet, deen huet hien dem Vollek vun der Kierch bäigezielt;
36 an déijéineg, déi hir Sënden net bekannt hunn an net vun hiren Ongerechtegkeeten ëmkéiere wollten, déi goufen net dem Vollek vun der Kierch bäigezielt, an hir Nimm goufen ausgeläscht.
37 An et huet sech erginn: Den Alma huet all Affär vun der Kierch gereegelt; a si hunn ugefaangen, erëm Fridden ze hunn, an an den Affär vun der Kierch ass et hinnen iwwer d’Moosse wuel ergaangen, well si sinn ëmsiichteg viru Gott gewandelt, hunn der vill opgeholl an hunn der vill gedeeft.
38 An den Alma a seng Mataarbechter, déi der Kierch vir gestanen hunn, hunn all dëst vollbruecht, a si hunn an allem Fläiss gewandelt, si hunn an allem d’Wuert Gottes enseignéiert; si hunn allerhand Problemer gelidden, well si goufe vun all deene verfollegt, déi net der Kierch Gottes ugehéiert hunn.
39 An si hunn hir Bridder ermaant; an si goufen och ermaant, jiddereen duerch d’Wuert vu Gott, no senge Sënden oder de Sënden, déi hie begaangen hat, well Gott hinne gebueden huet, ouni Ophalen ze bieden an an allem Merci ze soen.