Scriptures
Mosiah 14


14. Kapitel

De Jesaja schwätzt messianesch—D’Humiliatioun an d’Leide vum Messias ginn erkläert—Hie mécht Seng Séil zu engem Affer fir d’Sënd a mécht Fürbitt fir Iwwertrieder—Vergläicht Jesaja 53. Ongeféier 148 v. Chr.

1 Jo, sot net och de Jesaja: Wien huet eiser Verkënnegung gegleeft, a wiem ass den Aarm vum Här reveléiert?

2 Well opwuesse wäert hien ewéi een zaart Räis a wéi eng Wuerzel aus dréchenem Äerdräich; hien huet net Gestalt nach schéint Ausgesinn; a wa mir hien erblécke wäerten, wäert et do keng Reputatioun ginn, sou datt mir hie begiere géifen.

3 Hie gëtt vun de Mënsche veruecht an ofgeleent; e Mann vum Leiden, a vertraut mat Trauer; a mir hunn eis Gesiichter virun him verstoppt; hie gouf veruecht, a mir hunn hien net geschätzt.

4 Gewëss huet hien eist Leide gedroen an eis Schmäerzen op sech gelueden; mee mir hunn hien als geplot envisagéiert, geschloe vu Gott a bedrängt.

5 Mee hie gouf verwonnt fir eis Iwwertriedungen, fir eis Ongerechtegkeete gouf hie geschloen; d’Bestrofung war op him, fir eise Fridden; an duerch seng Sträifen um Réck si mir geheelt.

6 Mir all si wéi Schof egaréiert; jidderee vun eis ass sengem eegene Wee gefollegt; an den Här huet him d’Sënde vun eis alleguerten operluecht.

7 Hie gouf bedréckt, an hie gouf bedrängt, awer huet hie säi Mond net opgemaach; wéi ee Lämmchen ass hien zum Schluechten higefouert ginn, a wéi ee Schof viru senge Schuerer stomm ass, sou huet hie säi Mond net opgemaach.

8 Aus dem Prisong an aus dem Geriicht ass hie geholl ginn; a wie soll seng Generatioun verkënnegen? Well aus dem Land vun de Liewegen ass hien ewech gemaach ginn; ëm den Iwwertriedunge vu mengem Vollek wëlle gouf hie geplot.

9 An hien huet säi Graf mat de Béise gemaach, a mat de Räichen a sengem Doud; well hien näischt Béises gemaach hat, a kee Bedruch a sengem Mond war.

10 Mee et huet dem Här gefall, hien ze zerschloen; hien huet him Schmäerzen operluecht; wann s du seng Séil zu engem Affer fir Sënd maache wäerts, wäert hien seng Nokomme gesinn, wäert hien seng Deeg verlängeren, an d’Wuelgefale vum Här wäert a senger Hand opgoen.

11 D’Schwieregkeet vu senger Séil wäert hie gesinn an dorunner sat ginn; duerch säi Wësse wäert mäi gerechte Kniecht där vill rechtfäerdegen, well hie wäert hir Ongerechtegkeeten droen.

12 Dofir wäert ech him e Lous ënnert de Grousse ginn, an hie wäert d’Beut mat de Staarken deelen; well hien seng Séil bis an den Doud ausgeschott huet; an hie gouf zu den Iwwertrieder gezielt; an hien huet d’Sënde vu ville gedroen, an huet fir d’Iwwertrieder Fürbitt gemaach.