25. Kapitel
D’Nokomme vum Mulek zu Zarahemla ginn Nephiten—Si léiere vun de Leit vum Alma a vum Zeniff—Den Alma deeft de Limhi a säi ganzt Vollek—De Mosiah autoriséiert den Alma, d’Kierch vu Gott ze organiséieren. Ongeféier 120 v. Chr.
1 An elo huet de Kinnek Mosiah dat ganz Vollek sech versammele gelooss.
2 Elo goufen et net sou vill Kanner vum Nephi, oder sou vill Nokomme vum Nephi, wéi et der vum Vollek vun Zarahemla goufen, deen en Nokomme vum Mulek war, an deenen, déi mat him an d’Wüüst komm sinn.
3 An et goufen net esou vill vum Vollek Nephi a vum Vollek Zarahemla ewéi vum Vollek vun de Lamaniten; jo, si waren net mol hallef esou vill.
4 An elo war dat ganzt Vollek Nephi versammelt, an och dat ganzt Vollek Zarahemla, a si waren an zwou Gruppe versammelt.
5 An et huet sech erginn: De Mosiah huet sengem Vollek d’Opzeechnunge vum Zeniff virgelies an huet se virliese gelooss; jo, hien huet d’Opzeechnunge vum Vollek Zeniff virgelies, vun där Zäit un, wou si d’Land Zarahemla verlooss haten, bis zu där Zäit wou si erëm komm waren.
6 An hien huet och ee Bericht vum Alma a senge Bridder virgelies, iwwert all hir Erliefnisser vun där Zäit un, wou si d’Land Zarahemla verlooss haten, bis zu där Zäit wou si erëm komm waren.
7 An elo, wou de Mosiah mam Virliese vun den Opzeechnungen op een Enn komm war, gouf säi Vollek, dat am Land bliwwe war, vu Verwonnerung an Erstaune gepaakt.
8 Well si woussten net, wat si denke sollten; well wéi si déijéineg gesinn haten, déi aus der Sklaverei befreit gi waren, goufen si vun immens grousser Freed erfëllt.
9 An dunn, wéi si un hir Bridder geduecht haten, déi vun de Lamaniten ëmbruecht gi waren, goufen si vu Leed erfëllt an hu vill Tréine vergoss.
10 An erëm, wéi si un déi onmëttelbar Guttheet Gottes an u seng Muecht geduecht haten, wouduerch hien den Alma a seng Bridder aus den Hänn vun de Lamaniten an aus der Sklaverei befreit hat, hunn si hir Stëmm erhuewen a Gott Merci gesot.
11 An erëm, wéi si un déi Lamanite geduecht haten, déi hir Bridder waren, an un hire sëndegen a veronrengegten Zoustand, goufen si vu Péng a grouss Angscht ëm d’Wuelergoe vun hire Séilen erfëllt.
12 An et huet sech erginn: D’Kanner vun deenen, déi d’Duechtere vun de Lamaniten zur Fra geholl haten, nämlech d’Kanner vum Amulon a senge Bridder, ware genéiert iwwer d’Behuele vun hire Pappen a wollten net méi mam Numm vun hire Pappe genannt ginn; dofir hunn si den Numm Nephi op sech geholl, fir dat een si Kanner Nephi nennt a fir dat si zu déijéineg gezielt goufen, déi een Nephitë genannt huet.
13 An elo gouf dat ganzt Vollek Zarahamla zu den Nephitë gezielt, an zwar dowéinst, well d’Kinnektum kengem iwwerdro gouf ewéi nëmmen deemjéinegen, deen een Nokomm vum Nephi war.
14 An elo huet et sech erginn: Wéi de Mosiah mat senger Usprooch an dem Virliesen u säi Vollek op en Enn komm war, huet hien sech gewënscht, datt den Alma och zu sengem Vollek schwätze géif.
15 An den Alma huet zu hinne gesprach, wéi si a grousse Gruppe versammelt waren, an hien ass vun enger Grupp zur anere gaangen an huet dem Vollek Ëmkéiert an de Glawen un den Här gepriedegt.
16 An hien huet dem Vollek Limhi a senge Bridder, all déi, déi aus der Sklaverei befreit gi waren, un d’Häerz geluecht, dorunner ze denken, datt et den Här gewiescht war, deen si befreit hat.
17 An et huet sech erginn: Nodeems den Alma dem Vollek Villes geléiert hat a mat senger Ried un si op en Enn komm war, do hat de Kinnek Limhi de Wonsch, sech deefen ze loossen; a säi ganzt Vollek hat de Wonsch, sech och deefen ze loossen.
18 Dofir ass den Alma an d’Waasser higaangen an huet si gedeeft; jo, hien huet si op déi Weis gedeeft, wéi hien seng Bridder an de Waasser Mormon gedeeft hat; jo, an all, déi hie gedeeft huet, hunn zur Kierch Gottes gehéiert, an dëst, well si de Wierder vum Alma gegleeft hunn.
19 An et huet sech erginn: De Kinnek Mosiah huet dem Alma erlaabt, iwwerall am Land Zarahemla Kierchen opzeriichten; an hien huet hien ermächtegt, fir jiddwer Kierch Priister an Enseignanten ze veruerdnen.
20 Dat gouf gemaach, well et sou vill Leit gouf, datt si net all vun engem Enseignant regéiert konnte ginn; an net all konnten si d’Wuert vu Gott an enger Versammlung héieren;
21 Dofir hunn si sech a verschidde Gruppe versammelt, déi ee Kierche genannt huet; jiddwer Kierch hat hir Priister an hir Enseignanten, a jiddwer Priister huet d’Wuert esou gepriedegt, wéi et him aus dem Mond vum Alma matgedeelt gouf.
22 An dofir, obwuel et vill Kierchen goufen, waren si all eng Kierch, jo, souguer d’Kierch vu Gott; well et gouf an all de Kierchen näischt aneschters gepriedegt wéi Ëmkéiert an de Glawen u Gott.
23 An elo goufen et am Land Zarahemla siwe Gemengen. An et huet sech erginn, datt jiddereen, deen den Numm vum Christus oder vum Gott op sech geholl huet, sech de Kierche vu Gott ugeschloss huet;
24 a si goufen d’Vollek Gottes genannt. An den Här huet säi Geescht iwwert si geschott, a si ware geséint, an et ass hinne wuel ergaangen am Land.