2. Kapitel
De Kinnek Benjamin adresséiert sech u säi Vollek—Hien erzielt vun der Gläichheet, der Fairness an der Spiritualitéit vu senger Herrschaft—Hie réit hinnen, hirem himmlesche Kinnek ze déngen—Déi, déi géint Gott rebelléieren, wäerte grouss Angscht leide wéi e Feier, dat net ausgeläscht ka ginn. Ongeféier 124 v. Chr.
1 An et huet sech erginn: Nodeems de Mosiah gemaach hat, wéi säi Papp him gebueden hat, an een Opruff duerch d’ganz Land ergoe gelooss hat, huet sech d’Vollek iwwerall am Land versammelt, fir zum Tempel erop ze goen an d’Wierder ze lauschteren, déi de Kinnek Benjamin zu hinne schwätze wäert
2 An et war eng grouss Unzuel, jo, sou vill, datt een se net méi gezielt huet; well si haten sech iwwer d’Moosse multiplizéiert an am Land vill zougeholl.
3 A si hunn och vun den Éischte vun hirem Klengvéi matgeholl, fir nom Gesetz vum Moses Affer a Brandaffer duer ze bréngen—
4 an och, fir dem Här, hirem Gott, ze danken, deen si aus dem Land vu Jerusalem eraus gefouert hat, deen si aus den Hänn vun hire Feinde befreit an hinne gerecht Männer als Enseignante bestëmmt hat, an och ee gerechte Mann als Kinnek, deen am Land Zarahemla Fridden opgeriicht an si enseignéiert hat, d’Geboter Gottes ze halen, fir datt si sech freeën a mat Léift zu Gott an zu all Mënschen erfëllt konnte sinn.
5 An et huet sech erginn: Wéi si zum Tempel erop koumen, hu si ronderëm hir Zelter opgebaut, jiddwer Mann no senger Famill, déi aus senger Fra a senge Jongen an Duechteren an deenen hir Jongen an Duechtere bestanen huet, vum eelste bis erof zum jéngsten, woubäi all Famill vun der anerer getrennt war.
6 A si hunn hir Zelter ronderëm den Tempel opgebaut, jiddwer Mann mat sengem Zelt mam Agang zum Tempel hin, sou datt si op dës Weis am Zelt bleiwen an awer d’Wierder lauschtere konnten, déi de Kinnek Benjamin zu hinne schwätze wäert.
7 Well d’Mënscheversammlung war sou grouss, datt de Kinnek Benjamin si net all bannent de Mauere vum Tempel léiere konnt; dofir huet hien een Tuerm opriichte gelooss, fir datt säi Vollek op dës Weis d’Wierder lauschtere konnt, déi hien zu hinne schwätze wäert.
8 An et huet sech erginn: Hien huet ugefaang, vum Tuerm aus zu sengem Vollek ze schwätzen; a wéinst der grousse Mënscheversammlung konnten net all seng Wierder héieren; dofir huet hien d’Wierder, déi hie gesprach huet, opschreiwen an deene brénge gelooss, déi vu senger Stëmm net erreecht goufen, fir datt och si seng Wierder empfaange konnten.
9 An dëst sinn d’Wierder, déi hie geschwat a geschriwwe gelooss huet, hie sot: Meng Bridder, all déi, déi dir iech zesumme versammelt hutt, sou datt dir meng Wierder héiere kënnt, déi ech haut zu iech schwätze wäert; well ech hunn iech net gebueden, hei erop ze kommen, fir mat de Wierder ze spillen, déi ech schwätze wäert, mee datt dir mir nolauschtert, an är Oueren opmaacht, fir datt dir héiert, an är Häerzer, fir datt dir verstitt, an är Gedanken, fir datt d’Geheimnisser vu Gott iech opgedeckt kënne ginn.
10 Ech hunn iech net gebueden, hei erop ze kommen, fir datt dir mech fäert oder vläicht denkt, datt ech méi wier wéi nëmmen ee stierfleche Mënsch.
11 Villméi sinn ech iech gläich, sinn allerhand Schwächten u Leif a Geescht ënnerworf; mee sinn ech vun dësem Vollek gewielt a vu mengem Papp geweit ginn, an d’Hand vum Här huet et zougelooss, datt ech Herrscher a Kinnek iwwer dëst Vollek wier; an ech sinn duerch seng onvergläichlech Muecht erhalen a beschützt ginn, fir datt ech iech dénge mat aller Muecht, ganzem Sënn an aller Kraaft, déi den Här mir accordéiert huet.
12 An ech soen iech: Et ass mir accordéiert ginn, meng Deeg an ärem Déngscht ze verbréngen, jo, bis zu dëser Zäit, an ech hu weder Gold nach Sëlwer, nach iergendeng Aart Räichtem vun iech begiert.
13 Ech hunn och net zougelooss, datt dir a Prisonge gespaart gitt, datt een deen aneren zum Sklave mécht, nach datt dir ëmbréngt oder aner Haiser ausraumt oder klaut oder Adultère begitt; och hunn ech net zougelooss, datt dir iergendeng Béist maacht, mee ech hunn iech enseignéiert, d’Geboter vum Här ze halen an allem, wat hien iech gebueden huet—
14 An ech selwer hunn och mat mengen eegenen Hänn geschafft, fir iech ze déngen, an datt dir net mat Steiere belaascht sollt ginn, an datt näischt iwwert iech kënnt, wat schwéier ze droe wier—a vun all dëse Saachen, déi ech geschwat hunn, sidd dir selwer haut Zeie.
15 Mee, meng Bridder, ech hunn dëst net gemaach, fir ze bretzen; an ech soen et och net, fir iech domadder unzekloen; mee ech soen iech dëst, fir datt dir wësst, datt ech mech haut mat rengem Gewësse viru Gott veräntwere kann.
16 Kuckt, ech soen iech: Well ech zu iech gesot hunn, datt ech meng Deeg an ärem Déngscht verbruecht hunn, wënschen ech net, domadder ze bretzen; well ech hunn nëmmen am Déngscht Gottes gestanen.
17 An kuckt, ech soen iech dës Saachen, fir datt dir Weisheet léiere kënnt; fir datt dir léiert, datt wann dir am Déngscht vun äre Matmënsche sidd, dir nëmmen am Déngscht vun ärem Gott sidd.
18 Kuckt, dir hutt mech äre Kinnek genannt; a wann ech, deen dir äre Kinnek nennt, mech méien, fir iech ze déngen, sollt dir iech dann net och méien, een deem aneren ze déngen?
19 A kuckt och, wann ech, deen dir äre Kinnek nennt an deen seng Deeg domadder verbruecht huet, iech ze déngen, an dobäi awer Gott gedéngt huet, schonn Dank vun iech verdéngt, O wéi vill sollt dir dann ärem Kinnek am Himmel danken!
20 Ech soen iech, meng Bridder, datt wann dir all den Dank an d’Luef géift erweisen, deen är ganz Séil d’Muecht huet ze besëtzen, deem Gott, deen iech erschaf huet, an iech beschützt an erhalen huet, an iech dozou bruecht huet, iech ze freeën, an iech zougestanen huet, a Fridde mateneen ze liewen—
21 Ech soen iech, wann dir him déngt, deen iech vun Ufank un erschaf huet a vun Dag zu Dag erhalen huet, andeems hien iech den Otem gëtt, fir datt dir liewe kënnt an iech beweegen an no ärem eegene Wëllen handele kënnt, an iech souguer vun engem Moment zum aneren ënnerstëtzt—ech soen, wann dir him mat ärer ganzer Séil déngt, wiert dir awer onnëtz Dénger.
22 A kuckt, alles, wat hie vun iech verlaangt, ass, datt dir seng Geboter haalt; an hien huet iech versprach: Wann dir seng Geboter haalt, wäert et iech wuel ergoen am Land; an hie weecht nimools vun deem of, wat hie gesot huet; dofir, wann dir seng Geboter haalt, séint hien iech a léisst et iech wuel ergoen.
23 An elo huet hien éischtens iech erschafen an iech Liewen accordéiert, an dofir sidd dir him zu Dank verflicht.
24 An zweetens verlaangt hien, datt dir maacht, wéi hien iech gebueden huet; a wann dir dat maacht, sou séint hien iech direkt; an domat huet hien iech bezuelt. An dir sidd him ëmmer nach schëlleg, an dir sidd, a wäert et fir ëmmer an ëmmer sinn; dofir, mat wat hutt dir iech ze bretzen?
25 An elo froen ech, kënnt dir eppes vun iech selwer soen? Ech äntweren iech: Nee. Dir kënnt net soen, datt dir souguer sou vill wéi de Stëbs vun der Äerd sidd; awer dir sidd aus dem Stëbs vun der Äerd geschaf; awer kuckt, et gehéiert him, deen iech geschaf huet.
26 An ech, jo souguer ech, deen dir äre Kinnek nennt, sinn net besser wéi dir; well ech sinn och aus Stëbs. An dir gesitt, datt ech al sinn an no dorunner, dës stierflech Hüll der Mamm Äerd ze iwwerloossen.
27 Dofir, wann ech iech gesot hunn, datt ech iech gedéngt hunn a mat engem renge Gewësse viru Gott wandelen, sou hunn ech elo arrangéiert, datt dir iech versammelt, fir datt ech ouni Schold befonnt ginn a fir datt net äert Blutt iwwer mech kéim, wann ech eng Kéier do stinn, fir a Bezuch op dat, wat Gott mir fir iech gebueden huet, vun him geriicht ze ginn.
28 Ech soen iech: Ech hunn arrangéiert, datt dir iech versammelt, fir datt ech meng Kleeder vun ärem Blutt rengegen, an zwar elo, wou ech dorunner sinn, an d’Graf erof ze klammen, fir datt ech a Fridden higoen a mäin onstierfleche Geescht kann sech de Chorallen uewen uschléissen, fir d’Luef vun engem gerechte Gott ze sangen.
29 A weider soen ech iech: Ech hunn arrangéiert, datt dir iech versammelt, fir datt ech iech verkënnege kann, datt ech net méi laang ären Enseignant nach äre Kinnek ka sinn.
30 Well och eben elo bieft meng ganz Gestalt iwwer d’Moossen, wärend ech am Gaange sinn, zu iech ze schwätzen; mee den Här Gott steet mir bäi an huet mir accordéiert, zu iech ze schwätzen; an hien huet mir gebueden, iech haut ze verkënnegen, datt mäi Jong Mosiah Kinnek an Herrscher iwwert iech ass.
31 An elo, meng Bridder, hätt ech gär, datt dir sou handelt, wéi dir et bis elo gemaach hutt. Well dir mäi Gebot an och d’Gebot vu mengem Papp gehalen hutt an et iech wuel ergaangen ass an dir dovunner verschount gebliwwe sidd, äre Feinden an d’Hänn ze falen, sou wäert et iech, souwäit dir d’Geboter vu mengem Jong haalt, nämlech d’Geboter Gottes, déi iech duerch hien iwwermëttelt ginn, wuel ergoen am Land, an är Feinde wäerte keng Muecht iwwert iech hunn.
32 Mee, mäi Vollek, haalt Ofstand dovunner, datt Streidereien ënnert iech entstoen oder datt et iech duerno glëscht, dem béise Geescht ze follegen, vun deem mäi Papp Mosiah gesprach huet.
33 Well kuckt, ee Wéi ass ausgesprach iwwer deen, deen et duerno glëscht, dësem Geescht ze follegen; well wann et engem glëscht, him ze follegen, an hien doranner verbleift an a senge Sënde stierft, sou drénkt hie Verdaamt fir seng Séil; well als Loun empfänkt hien eng éiweg Strof, well hien d’Gesetz Gottes géint säin eegent Wëssen iwwertrueden huet.
34 Ech soen iech, datt et keen ënnert iech gëtt, ausser är kleng Kanner, deen net iwwer dës Saachen enseignéiert gouf, deen net weess, datt dir ärem himmlesche Papp fir ëmmer schëlleg sidd, him alles ze ginn, wat dir hutt a sidd; an och iwwer d’Opzeechnungen enseignéiert gouf, déi d’Prophezeiungen enthalen, déi vun den hellege Prophete geschwat goufen, souguer bis zu där Zäit wou eise Papp, de Lehi, Jerusalem verlooss huet;
35 an och alles, wat vun eise Pappe bis elo ausgesprach ginn ass. A kuckt, si hunn ausgesprach, wat hinne vun Här gebuede gouf, dofir si se gerecht a wouer.
36 An elo soen ech iech, meng Bridder, nodeems dir all dës Saache wësst a beléiert gi sidd, wann dir iwwertrëtt a géint dat gitt, wat gesot gouf, datt dir iech vum Geescht vum Här zeréckzitt, fir datt e keng Plaz an iech huet, fir iech op de Weeër vun der Weisheet ze leeden, fir datt dir geséint, erfollegräich a beschützt gitt—
37 Ech soen iech: Dee Mënsch, deen dëst mécht, begëtt sech an oppe Rebellioun géint Gott; dofir glëscht et hien, dem béise Geescht ze follegen, an hie gëtt zu engem Feind vun all Gerechtegkeet; dofir huet den Här keng Plaz an him, well hie wunnt net an onhellegen Tempelen.
38 Well, wann sou een net ëmkéiert, mee ee Feind Gottes bleift a als sou ee stierft, dann erwächen d’Fuerderunge vun der gëttleche Gerechtegkeet a senger onstierflecher Séil ee liewegt Bewosstsinn vu senger eegener Schold, an dëst léisst hie virun der Géigewaart vum Här zeréck schrecken a fëllt him d’Broscht mat Schold a Péng a grouss Angscht, an dat ass wéi ee Feier, dat net ausgeläscht ka ginn, deem seng Flam fir ëmmer an ëmmer eropsteigt.
39 An elo soen ech iech: D’Baarmhäerzegkeet huet keen Usproch op esou ee Mënsch, dofir ass et schliisslech säi Schicksal, eng ni ophalend Qual ze erleiden.
40 O, all dir al Männer, an och dir jonk Männer, an dir kleng Kanner, déi meng Wierder verstoe kënnen, well ech hu kloer zu iech geschwat, fir datt dir et verstitt, ech bieden, datt dir erwächt an iech un déi schrecklech Situatioun vun deenen erënnert, déi an d’Transgressioun gefall sinn.
41 A weider wënschen ech, dir géift de geséinten a glécklechen Zoustand vun deene betruechten, déi d’Geboter Gottes halen. Well kuckt, si si geséint an allem, zäitlech souwuel als och geeschteg; a wann si bis un d’Enn trei aushalen, ginn si an den Himmel opgeholl, sou datt si da mat Gott an engem Zoustand vun ni ophalendem Gléck bleiwen. O denkt dorunner, denkt dorunner, datt dës wouer ass; well den Här Gott huet et gesprach.