29. Kapitel
De Mosiah proposéiert, datt Riichter amplaz vun engem Kinnek gewielt ginn—Ongerecht Kinneke féieren hiert Vollek an d’Sënd—Den Alma, de Jonken, gëtt duerch d’Stëmm vum Vollek zum ieweschte Riichter gewielt—Hien ass och den Hohepriister iwwer d’Kierch—Den Alma, den Eeleren, an de Mosiah stierwen. Ongeféier 92–91 v. Chr.
1 Wéi de Mosiah dëst gemaach hat, huet hien an d’ganzt Land geschéckt, zu allem Vollek, well hie wollt wëssen, wien si zum Kinnek wollten hunn.
2 An et huet sech erginn: D’Stëmm vum Vollek koum, nämlech: Mir wënschen, dat däi Jong Aaron eise Kinnek an Herrscher sollt sinn.
3 Elo war den Aaron an d’Land Nephi eropgaangen, dofir konnt de Kinnek him d’Kinnekräich net iwwerginn; och wollt den Aaron d’Kinnekräich net op sech huelen, an och keen anere vun de Jonge vum Mosiah war wëllens, d’Kinnekräich op sech ze huelen.
4 Dofir huet de Kinnek Mosiah erëm zum Vollek geschéckt; jo, ee geschriwwent Wuert huet hien zum Vollek geschéckt. An dës waren d’Wierder, déi geschriwwe waren, nämlech:
5 Kuckt, o dir mäi Vollek oder meng Bridder, well ech iech als sou schätzen, wënschen ech, dir géift iech déi Saach iwwerleeën, déi ze iwwerleeën dir opgeruff sidd—well dir hutt de Wonsch, ee Kinnek ze hunn.
6 Elo verkënnegen ech iech, dat deen, deem d’Kinnektum zu Recht gehéiert, net akzeptéiert huet an d’Kinnektum net op sech huele wëll.
7 Wann elo a senger Plaz een anere bestëmmt géif, kuckt, sou fäerten ech, et kéinte Streidereien ënnert iech entstoen. A wie weess, vläicht géif mäi Jong, deem d’Kinnekräich gehéiert, rose ginn an een Deel vun dësem Vollek u sech zéien, an dat géif zu Krich a Streidereien ënnert iech féieren, wat erëm d’Ursaach fir grousst Bluttvergéisse wär an de Wee vum Här verkéieren an och d’Séil vu ville Mënsche vernichte géif.
8 Elo soen ech iech: Loosst eis weis sinn an dëst iwwerleeën, well mir hu kee Recht, mäi Jong ze vernichten; mir hunn och net d’Recht, een aneren ze vernichten, wann deen a senger Plaz bestëmmt géif.
9 Sollt sech mäi Jong erëm sengem Stolz a sengen eidele Saachen zouwennen, sou géif hien dat revoquéieren, wat hie gesot huet, a säi Recht op d’Kinnekräich geltend maachen, an dat géif hien an och dëst Vollek ustëppelen, vill Sënd ze begoen.
10 An elo loosst eis weis sinn an no deem auskucken an dat maachen, wat dem Fridde vun dësem Vollek fërderlech ass.
11 Dofir wëll ech fir meng iwwreg Deeg äre Kinnek sinn; mee loosst eis Riichter bestëmmen, déi d’Vollek no eisem Gesetz riichte soll; a mir wëllen d’Affäre vun dësem Vollek nei uerdnen, well mir wäerte weis Männer als Riichter bestëmmen, déi dëst Vollek no de Geboter Gottes riichte wäerten.
12 Elo wär et besser, de Mënsch géif vu Gott geriicht ewéi vu Mënschen, well d’Riichterspréch Gottes sinn ëmmer gerecht, mee d’Riichterspréch vun de Mënsche sinn net ëmmer gerecht.
13 Dofir, wann et méiglech wier, datt dir gerecht Männer als är Kinneke kéint hunn, déi d’Gesetzer vu Gott etabléiere géifen an dëst Vollek no senge Geboter riichten, jo, wann dir Männer als är Kinneke kéint hunn, déi sou maachen, wéi mäi Papp Benjamin fir dëst Vollek gemaach huet—ech soen iech, wann dat ëmmer de Fall kéint sinn, da wier et ubruecht, datt dir ëmmer Kinneke géift hunn, déi iwwert iech regéieren.
14 An och ech selwer hu mech mat aller Muecht an alle Fäegkeeten, déi ech besëtzen, beméit, iech d’Geboter Gottes ze enseignéieren an am ganze Land Fridden opzeriichten, fir dat et keng Kricher nach Streidereien, kee Klauen nach Stielen, kee Morden nach soss eng Aart vun Ongerechtegkeete géif.
15 A wien engem Ongerechtegkeete gedoen huet, deen hunn ech nom Verbriechen, dat hie gemaach huet, nom Gesetz bestrooft, dat eis vun eise Pappe gi ginn ass.
16 Elo soen ech iech: Well awer net all Mënsche gerecht sinn, ass et net conseilléiert, dat dir ee Kinnek oder Kinneken sollt hunn, déi iwwert iech herrschen.
17 Well kuckt, wéi vill Ongerechtegkeete ginn dach duerch ee béise Kinnek verursaacht, jo, a welch grouss Zerstéierung!
18 Jo, denkt un de Kinnek Noah, u seng Béist a seng Abscheilechkeeten, an och un d’Béist an d’Abscheilechkeete vu sengem Vollek. Kuckt dach, welch grouss Zerstéierung iwwert si komm ass; a wéinst hiren Ongerechtegkeete sinn si och a Sklaverei geroden.
19 An ouni d’Agräife vun hirem weise Schëpfer vun allem, an zwar wéinst hirer opriichtegen Ëmkéiert, hätten si onweigerlech bis haut a Sklaverei verbleiwe missen.
20 Mee kuckt, hien huet si befreit, well si sech virun him humiliéiert hunn; a well si mächteg zu him gejaut hunn, huet hien si aus der Sklaverei befreit; an esou wierkt den Här mat senger Muecht an alle Fäll ënnert de Mënschekanner, andeems hien den Aarm vun der Baarmhäerzegkeet zu deenen ausstreckt, déi hiert Vertrauen an hie setzen.
21 A kuckt, elo soen ech iech: Dir kënnt ee Kriminelle vu Kinnek net enttrounen, ausser duerch vill Sträit a grousst Bluttvergéissen.
22 Well kuckt, hien hat a sengen Ongerechtegkeeten seng Frënn, an hien huet seng Waachen ëm sech; an hien zerräisst d’Gesetzer vun deenen, déi virun him a Gerechtegkeet regéiert hunn; an hien trëtt d’Gesetzer Gottes mat Féiss.
23 An hie féiert Gesetzer an a mécht se ënnert sengem Vollek Bescheed, jo, Gesetzer no der Aart vu senger eegener Béist; a wien seng Gesetzer net befollegt, dee léisst hie vernichten, a wann sech där géint hien opleenen, sou schéckt hien seng Arméi zum Kampf géint si, a wann hien et kann, da vernicht hien si; an esou pervertéiert een ongerechte Kinnek d’Weeër vun all Gerechtegkeet.
24 An elo kuckt, ech soen iech: Et ass net conseilléiert, dat sou ee Grujel iwwert iech kënnt.
25 Dofir wielt iech mat der Stëmm vun dësem Vollek Riichter, fir dat dir no de Gesetzer geriicht gitt, déi iech vun äre Pappe gi sinn an déi richteg sinn an déi si aus der Hand vum Här kritt hunn.
26 Elo ass et net üblech, dat d’Stëmm vum Vollek eppes begiert, wat net deem entsprécht, wat Recht ass; mee et ass üblech, dat dee méi klengen Deel vum Vollek dat begiert, wat net Recht ass; dofir sollt dir dëst beuechten an zu ärem Gesetz maachen: är Ugeleeënheeten duerch d’Stëmm vum Vollek ze erleedegen.
27 A wann däi Zäit kënnt, wou d’Stëmm vum Vollek d’Ongerechtegkeete wielt, dann ass et Zäit, dat d’Strofgeriicht Gottes iwwert iech kënnt; jo, dann ass et Zäit, dat hien iech mat grousser Zerstéierung heemsicht, jo, wéi hien dëst Land bis elo heemgesicht huet.
28 An elo, wann dir Riichter hutt an si iech net nom Gesetz riichten, dat ginn ass, da kënnt dir maachen, dat si vun engem méi héije Riichter geriicht ginn.
29 Wann är méi héich Riichter awer net mat gerechtem Urteel riichten, da kënnt dir maachen, dat eng kleng Unzuel vu äre méi nidderege Riichter sech versammelt, a si sollen är méi héich Riichter riichten, no der Stëmm vum Vollek.
30 An ech kommandéieren iech, dëst an der Angscht virum Här ze maachen; an ech kommandéieren iech, dëst ze maachen a kee Kinnek ze hunn; a wann dës Mënsche Sënden an Ongerechtegkeete begoen, da wäerten hinnen déi op hiert eegent Haapt zeréck falen.
31 Well kuckt, ech soen iech: D’Sënde vu ville Mënsche sinn duerch d’Ongerechtegkeete vun hire Kinneke verursaacht ginn; dofir wäerten hir Ongerechtegkeeten op d’Haapt vun hire Kinneken zeréck falen.
32 An elo wënschen ech, datt dës Ongläichheet net méi an dësem Land soll bestoen, besonnesch net ënner mengem Vollek; mee ech wënschen, datt dëst Land e Land vu Fräiheet soll sinn, wou all Mënsch seng Rechter a Privileegie gläichermoosse genéisse kann, esou laang wéi den Här et wëll, datt mir op dëser Äerd liewen an se als Ierfschaft besëtzen—jo, esou laang wéi ee vun eisen Nokommen nach op dëser Äerd do ass.
33 A vill méi Saachen huet de Kinnek Mosiah hinne geschriwwen, andeems hien hinnen all d’Prüfungen an d’Problemer vun engem gerechte Kinnek opgedeckt huet, jo, all séileg Epreuve wéinst dem Vollek, an och all d’Gegrommels vum Vollek géint hire Kinnek; an hien huet hinnen alles erkläert.
34 An hien huet hinne gesot, dat dëst net esou soll sinn, mee déi Laascht soll op dat ganzt Vollek kommen, sou dat jiddwereen säin Deel dréit.
35 An hien huet hinnen och all d’Nodeeler opgedeckt, ënnert deenen si gelidden hunn, well si en ongerechte Kinnek haten, deen iwwert si regéiert huet;
36 Jo, all seng Ongerechtegkeeten an Abominatiounen, an all d’Kricher, an d’Streidereien, an d’Bluttvergéissen, an d’Déifstall, an d’Plënneren, an d’Houeren, an all Zorte vun Ongerechtegkeeten, déi net opgezielt kënne ginn—andeems hien hinne gesot huet, datt dës Saachen net sollte sinn, datt se ausdrécklech géint d’Geboter vum Gott wieren.
37 An elo huet et sech erginn: Nodeems de Kinnek Mosiah dëst ënnert sengem Vollek verkënnege gelooss hat, waren si vun der Wourecht vu senge Wierder iwwerzeegt.
38 Dofir hunn si hir Wënsch no engem Kinnek opginn an hunn sech immens dofir beméit, datt all Mënsch am ganze Land déi selwecht Chancen hätt; jo, an all Mënsch huet sech bereet erkläert, Verantwortung fir seng eege Sënden ze huelen.
39 Dofir huet et sech erginn: Si hunn sech am ganze Land a Gruppe versammelt, fir mat hirer Stëmm ze entscheeden, wien hir Riichter sollt sinn, déi si nom Gesetz, dat hinne gi war, riichte sollten; a si haten immens grouss Freed iwwer déi Fräiheet, déi hinnen erlaabt gi war.
40 An d’Léift zum Mosiah huet an hinne staark zougeholl; jo, si hunn hie méi respektéiert ewéi jiddwer anere Mann; well si hunn hien net als Tyrann ugesinn, deen no Gewënn aus ass, jo nom Mammon, deen d’Séil verdierft; well hien huet hinne keng Räichtemer of gepresst, och hat hien sech net um Bluttvergéisse gefreet; mee hien hat am Land Fridden opgeriicht, an hien hat sengem Vollek erlaabt, dat et aus all Aart vu Sklaverei befreit gouf; dofir hunn si hie geuecht, jo, iwwer d’Moossen.
41 An et huet sech erginn: Si hu Riichter bestëmmt, déi iwwert si herrschen oder si nom Gesetz riichte sollten; an dëst hunn si iwwerall am ganze Land gemaach.
42 An et huet sech erginn: Den Alma gouf bestëmmt, den éischten ieweschte Riichter ze sinn, well hie war och den Hohepriister, well säi Papp him säin Amt iwwerdroen an him all Ugeleeënheete vun der Kierch delegéiert hat.
43 Elo huet et sech erginn: Den Alma ass op de Weeër vum Här gewandelt an huet seng Geboter gehalen, an hien huet mat gerechte Riichterspréch geriicht; an et gouf bestänneg Fridden am Land.
44 An esou huet d’Regierung vun de Riichter iwwerall am Land Zarahemla ënnert allem Vollek, dat Nephitë genannt gouf, ugefaangen; an den Alma war den éischten an ieweschte Riichter.
45 An elo huet et sech erginn: Säi Papp ass gestuerwen, wéi hien zweeanachtzeg Joer al war, an hien hat säi Liewen domadder verbruecht, d’Geboter Gottes ze erfëllen.
46 An et huet sech erginn: Och de Mosiah ass gestuerwen, am dräiandrëssegste Joer vu senger Regierung, an hie war dräiasiechzeg Joer al; alles an allem mécht dës fënnefhonnertnéng Jore vun där Zäit un, wou de Lehi Jerusalem verlooss hat.
47 An esou ass d’Regierung vun de Kinneken iwwer d’Vollek Nephi op en Enn gaangen; an esou sinn d’Deeg vum Alma, deen de Grënner vun hirer Kierch war, op en Enn gaangen.