Scriptures
Mosiah 28


28. Kapitel

D’Jonge vum Mosiah ginn de Lamanite priedegen—Mat Hëllef vun den zwéi Seher-Steng iwwersetzt de Mosiah déi jareditesch Placken. Ongeféier 92 v. Chr.

1 Elo huet et sech erginn, datt nodeems d’Jonge vum Mosiah all dës Saache gemaach haten, hunn si eng kleng Zuel matgeholl a si bei hire Papp, de Kinnek, zeréckgaange, a si hunn hie gefrot, datt hie géif zoustëmmen, datt si mat deenen, déi si ausgewielt haten, an d’Land vum Nephi goen, fir datt si déi Saache priedegen, déi si héieren haten, an datt si d’Wuert vu Gott hire Bridder, de Lamaniten, vermëttele konnten—

2 fir si, wa méiglech, zum Wësse vum Här, hirem Gott, ze bréngen a si vun den Ongerechtegkeete vun hire Pappen ze iwwerzeegen a fir si, wa méiglech, vun hirem Haass géint d’Nephiten ze heelen, sou dat och si dozou bruecht géifen, sech am Här, an hirem Gott, ze freeën, dat si ënnerenee frëndlech wieren an dat et am ganze Land, dat de Här, hire Gott, hinne ginn hat, keng Streiderei méi géif ginn.

3 Elo haten si dee Wonsch, jiddwer Kreatur géif d’Erléisung verkënnegt kréien, well si konnten et net erdroen, dat eng mënschlech Séil ëmkomme misst; jo, souguer de blousse Gedanken dorunner, dat eng Séil endlos Qual leide misst, huet si biewen an ziddere gedoen.

4 An esou huet de Geescht vum Här op si gewierkt, well si déi allergrausaamst Sënder waren. An den Här huet et a senger onendlecher Barmhäerzegkeet fir gutt gehalen, si ze verschounen; awer si hunn trotzdeem vill séileg Qual gelidden, wéinst hiren Ongerechtegkeeten, an hu vill gelidden, an haten Angscht, si géife fir ëmmer verworf ginn.

5 An et huet sech erginn: Vill Deeg laang hunn si hirem Papp mat Bieden zougesat, an d’Land Nephi eropgoen ze däerfen.

6 An de Kinnek Mosiah ass higaangen an huet den Här gefrot, op hien seng Jongen zu de Lamaniten eropgoe loosse sollt, fir dat si d’Wuert priedege géifen.

7 An den Här huet zum Mosiah gesprach: Looss si eropgoen, well vill wäerten hire Wierder gleewen, a si wäerten éiwegt Liewen hunn; an ech wäert deng Jongen aus den Hänn vun de Lamanite befreien.

8 An et huet sech erginn: De Mosiah huet hinnen erlaabt, hinzegoen an no hirem Bieden ze handelen.

9 A si sinn an d’Wüüst gezunn, fir eropzegoen an d’Wuert ënnert de Lamaniten ze priedegen; an ee Bericht iwwer hir Handlunge wäert ech spéider nach ginn.

10 Elo hat de Kinnek Mosiah keen, deem hien d’Kinnektum iwwerdroe konnt; well ënnert senge Jonge war keen, deen d’Kinnektum unhuele wollt.

11 Dofir huet hien d’Opzeechnunge geholl, déi op de Placken aus Messeng gravéiert waren, an och d’Placke vum Nephi, an all déi Saachen, déi hie behalen a preservéiert hat no de Geboter vu Gott, nodeems hien d’Opzeechnunge vun de Placken aus Gold, déi vum Vollek vum Limhi fonnt gi waren, iwwersetzen an opschreiwe gelooss hat, an déi him vun der Hand vum Limhi iwwerreecht gi waren;

12 an dëst huet hie wéinst der grousse Preoccupatioun vu sengem Vollek gemaach; well si hunn sech iwwer d’Moosse gewënscht, vun deem Vollek ze wëssen, dat vernicht gi war.

13 An elo huet hien se iwwersat mat Hëllef vun deenen zwee Steng, déi un den zwee Enner vun engem Bigel befestegt waren.

14 Dës waren awer vun Ufank un preparéiert a goufe vu Generatioun zu Generatioun weiderginn zu deem Zweck, Sproochen ze iwwersetzen,

15 a goufen duerch d’Hand vum Här erhalen a gerett, fir dat hie jiddwer Kreatur, dat d’Land besëtze géif, déi béis Doten a Grujele vu sengem Vollek opdecke kéint.

16 A jiddereen, deen dës Saachen huet, gëtt Seher genannt, no der Aart a Weis vun den alen Zäiten.

17 Nodeems de Mosiah d’Iwwersetzung vun dësen Opzeechnunge fäerdeg hat, kuckt, do war et ee Bericht vun deem Vollek, dat vernicht gi war, an zwar vun där Zäit, wou et vernicht gouf, bis zeréck zum Bau vum groussen Tuerm zu där Zäit, wou den Här d’Sprooch vum Vollek duerchenee gemaach huet a wou et iwwer d’ganz Äerd verstreet gouf, jo, a souguer vun där Zäit zeréck bis zur Erschafung vum Adam.

18 Elo huet dëse Bericht d’Vollek Mosiah iwwer d’Mossen trauere gelooss, jo, si ware vu Leed erfëllt; mee huet en hinne vill Wësse bruecht, wouriwwer si sech gefreet hunn.

19 An dëse Bericht soll spéider nach geschriwwe ginn; well kuckt, et ass conseilléiert, dat all Vollek weess, wat an dësem Bericht geschriwwe steet.

20 An elo, wéi ech zu iech gesot hunn: Nodeems de Kinnek Mosiah dëst gemaach hat, huet hien d’Placken aus Messeng an alles, wat hie versuergt hat, geholl an huet se dem Alma iwwerlooss, deen de Jong vum Alma war, jo, all déi Opzeechnungen an och d’Interpreten, an hien huet him se iwwerlooss an him gebueden, hie soll se halen a preservéieren, an och ee Bericht iwwer d’Vollek féieren; an hie soll dëst vun enger Generatioun un déi aner weiderginn, jo, wéi se weidergi gi ware vun där Zäit un, wou de Lehi Jerusalem verlooss hat.