Scriptures
Mosiah 12


12. Kapitel

Den Abinadi gëtt agespaart, well hien d’Zerstéierung vum Vollek an den Doud vum Kinnek Noah prophezeit huet—Déi falsch Priister zitéieren d’Schrëften a maachen esou, wéi wann si d’Gesetz vum Moses géifen halen—Den Abinadi fänkt un, hinnen déi Zéng Geboter ze enseignéieren. Ongeféier 148 v. Chr.

1 An et huet sech erginn, datt no zwéi Joren den Abinadi verkleet ënnert si komm ass, sou datt si hien net erkannt hunn, an hien huet ugefaangen, ënnert hinnen ze prophezeien, a gesot: Esou huet den Här mir gebueden, a gesot—Abinadi, géi a prophezei dësem, mengem Vollek; well si hunn hir Häerzer géint meng Wierder verhäert; si hu keng Ëmkéiert vun hire béise Wierker gemaach; dofir wäert ech si a menger Roserei heemsichen, jo, a menger hefteger Roserei wäert ech si heemsichen an hiren Ongerechtegkeeten an hiren Abscheilechkeeten.

2 Jo, Wéi dëser Generatioun! An den Här huet zu mir gesprach: Streck deng Hand aus a prophezei, nämlech: Sou sprécht den Här, et wäert sech erginn,datt dës Generatioun wéinst hiren Ongerechtegkeeten a Sklaverei gerode wäert an op de Bak geschloe wäert ginn; jo, an se wäert vu Mënsche gejot ginn an ëmbruecht ginn; an d’Geier aus der Loft an d’Hënn, jo, an déi wëll Déiere wäerten hiert Fleesch friessen.

3 An et wäert sech erginn, datt d’Liewe vum Kinnek Noah wäert geschat ginn, wéi e Kleed an engem gliddegen Uewen; well hie wäert wëssen, datt ech den Här sinn.

4 An et wäert sech erginn: Ech wäert dëst mäi Vollek mat schwéiere Problemer schloen, jo, mat Hongersnout a Pescht; an ech wëll maachen, datt si de ganzen Dag laang hurelen.

5 Jo, ech wëll maachen, datt hinne Laaschten op de Réck gebonne ginn; an et wäert een si dreiwe wéi ee stommen Iesel.

6 An et wäert sech erginn: Ech wäert hinne Knëppelsteng schécken, an hie wäert si schloen; a si wäerten och geschloe gi mam Ostwand; an och Ongeziefer wäerten hiert Land ploen an hiert Getreid friessen.

7 An si wäerte mat enger grousser Pescht geschloe ginn—an all dat wäert ech maache wéinst hiren Ongerechtegkeeten an Abscheilechkeeten.

8 An et wäert sech erginn, datt wann si net ëmkéieren, da wäert ech si vëlleg vum Äerdbuedem vernichten, mee sollen si eng Opzeechnung zeréckloossen, an ech wëll se preservéiere fir aner Natiounen, déi dat Land besëtze wäerten. Jo, eben dëst wäert ech maachen, fir datt ech aneren Natiounen déi Abscheilechkeete vun dësem Vollek opdecken. A Villes huet den Abinadi géint dëst Vollek prophezeit.

9 An et huet sech erginn, datt si rosen op hie waren; a si hunn hie geholl a gefesselt virun de Kinnek geschleeft, an hunn zum Kinnek gesprach: Kuck, mir hunn ee Mann virun dech bruecht, dee Béises a Bezuch op däi Vollek prophezeit, an dee gesot huet, datt Gott et vernichte wäert.

10 An hie prophezeit och Béises iwwert däi Liewen a seet, däi Liewe wäert wéi ee Kleed an engem Feieruewe sinn.

11 Och seet hien, du wäerts ewéi ee Stréihalem sinn, jo, een dréchene Stréihalem vum Feld, deen d’Déieren nidder trampelen an zertrampelen.

12 Dann seet hien och, du wäerts ewéi eng Pissblumm sinn, déi, wann se ganz räif ass an de Wand bléist, iwwert d’ganzt Land geblose gëtt. An hie behaapt, den Här hätt et gesot. An hie seet, all dëst wäert wéinst denge Sënden iwwert dech kommen, wann s du net ëmkéiers.

13 An elo, O Kinnek, wat fir ee grousst Iwwel hues du da gemaach a wat fir grouss Sënden huet däi Vollek begaangen, datt mir vu Gott schëlleg gesprach a vun dësem Mann geriicht sollte ginn?

14 An elo, o Kinnek, kuck, mir sinn onschëlleg, an du, O Kinnek, hues net gesëndegt; dofir huet dëse Mann a Bezuch op dech gelunn, an hien huet onnëtz prophezeit.

15 A kuck, mir si staark, mir wäerten net a Sklaverei geroden oder vun eise Feinden a Gefaangenschaft gefouert ginn, jo, an et ass dir wuel ergaangen am Land an et wäert dir och weiderhi wuel ergoen.

16 Kuck, hei ass dee Mann, mir ginn hien an deng Hänn; du wëlls mat him maachen, wéi et dir gutt schéngt.

17 An et huet sech erginn: De Kinnek Noah huet den Abinadi an de Prisong werfe gelooss; an hien huet de Priister gebueden, sech ze versammelen, sou datt hie mat hinne berode kéint, wat hie mat him maache sollt.

18 An et huet sech erginn: si hunn zum Kinnek gesprach: Bréng hien heihinner, datt mir hie befroen; an de Kinnek huet gebueden, hie virun si ze féieren.

19 A si hunn ugefaangen, hien ze befroen, fir hien ze iergeren, fir datt si eppes hätten, woumadder si hien ukloe konnten; hien awer huet hinnen ouni ze fäerte geäntwert an huet all hire Froe widderstanen, jo, zu hirer Verwonnerung; well hien huet hinnen an all hire Froe widderstanen a si an all hire Wierder beschummt.

20 An et huet sech erginn: Ee vun hinnen huet zu him gesprach: Wat bedeiten déi Wierder, déi geschriwwe sinn an déi vun eise Pappe geléiert goufen, nämlech:

21 Wéi schéi sinn op de Bierger d’Féiss vun deem, dee gutt Noriicht bréngt, dee Fridde verkënnegt, dee gutt Noriicht vu Guddem bréngt, deen d’Errettung verkënnegt, deen zu Zion sprécht: Däi Gott regéiert;

22 Deng Wiechter erhiewen d’Stëmm, mat vereenter Stëmm jäizen si; well A an A kucken si, wéi den Här Zion erëm bréngt.

23 Briecht a Jubel aus, jäizt mateneen, dir wüüst Plaze vu Jerusalem; well den Här huet säi Vollek getréischt, huet Jerusalem erléist;

24 Säin hellegen Aarm huet den Här entbléisst virun den Aen aller Natiounen, an all Enner vun der Äerd gesinn d’Errettung, déi vun eisem Gott ass.

25 Do huet den Abinadi zu hinne gesprach: Priister wëllt dir sinn a behaapt, dëst Vollek ze enseignéieren an de Geescht vun der Prophezeiung ze verstoen, a wëllt awer vu mir wëssen, wat dëst bedeit?

26 Ech soen iech: wéi iech, déi dir d’Weeër vum Här verkéiert! Well falls dir dëst verstitt, sou hutt dir et awer net geléiert; dofir hutt dir d’Weeër vum Här verkéiert.

27 Dir hutt äert Häerz net dozou bruecht, et ze verstoen; dofir sidd dir net weis gewiescht. Wat also léiert dir dann dëst Vollek?

28 A si hu gesprach: Mir enseignéieren et d’Gesetz vum Moses.

29 An dunn huet hien zu hinne gesprach: Wann dir d’Gesetz vum Moses enseignéiert, firwat haalt dir et net? Firwat setzt dir äert Häerz op Räichtemer? Firwat gitt dir houeren a verléiert är Zäit mat Klonten, jo, a bréngt dëst Vollek dozou, Sënden ze begoen, sou datt den Här ee Grond huet, mech ze schécken, fir géint dëst Vollek ze prophezeien, jo, ee grousst Iwwel géint dëst Vollek?

30 Wësst dir net, datt ech d’Wouerecht soen? Jo, dir wësst, datt ech d’Wouerecht soen; an dir sollt viru Gott zidderen.

31 An et wäert sech erginn: Dir wäert fir är Sënde geschloe ginn, well dir hutt gesot, dir enseignéiert d’Gesetz vum Moses. A wat wësst dir a Bezuch op d’Gesetz vum Moses? Kënnt d’Errettung duerch d’Gesetz vum Moses? Wat sot dir?

32 A si hu geäntwert a gesot, d’Errettung kéim duerch d’Gesetz vum Moses.

33 Mee dunn huet den Abinadi zu hinne gesprach: Ech weess, wann dir d’Geboter Gottes haalt, wäert dir errett ginn, jo, wann dir déi Geboter haalt, déi den Här op dem Bierg Sinai dem Moses ginn huet, nämlech:

34 Ech sinn den Här, däi Gott, deen dech aus dem Land Ägypte gefouert huet, aus dem Haus vun der Sklaverei.

35 Du solls keen anere Gott hunn niewent mir.

36 Du solls dir kee geschnëtzelt Bild oder iergendeng eppes Änleches vun iergendenger Saach maachen, déi am Himmel uewen ass, oder vun de Saachen, déi op der Äerd ënne sinn.

37 Lo huet den Abinadi zu hinne gesprach: Hutt dir dëst alles gemaach? Ech soen iech: Nee, dat hutt dir net. An hutt dir dëst Vollek geléiert, et soll dëst alles maachen? Ech soen iech: Nee, dat hutt dir net.