17. Kapitel
Den Alma gleeft a schreift d’Wierder vum Abinadi op—Den Abinadi leit de Doud duerch d’Feier—Hie prophezeit Krankheet an Doud duerch Feier iwwer seng Mäerder. Ongeféier 148 v. Chr.
1 An elo huet et sech erginn, wéi den Abinadi mat dëse Riede fäerdeg war, datt de Kinnek de Priistere befielt huet, hien ze ergräifen an dofir ze suergen, datt hien ëmbruecht géif ginn.
2 Mee et war een ënnert hinnen, deem säin Numm war Alma, an hie war och een Nofolger vum Nephi. Hie war ee jonke Mann an huet de Wierder gegleeft, déi den Abinadi geschwat hat, well hie wousst vun den Ongerechtegkeeten, déi den Abinadi géint si temoignéiert hat; dofir huet hien ugefaangen, dem Kinnek mat Bieden zouzesetzen, hie sollt net rosen iwwert den Abinadi sinn, mee zouloossen, datt hien a Fridde fortgoe kéint.
3 Mee de Kinnek gouf nach méi rosen an huet den Alma vu sech ausstousse gelooss an huet him seng Kniechten nogeschéckt, fir hien ëmzebréngen.
4 Mee hien ass virun hinne geflücht an huet sech verstoppt, sou datt si hien net fonnt hunn. A wärend deem hien sech vill Deeg laang verstoppt hat, huet hien all déi Wieder niddergeschriwwen, déi den Abinadi gesot hat.
5 An et huet sech erginn: De Kinnek huet den Abinadi vu sengen Zaldoten ëmstellen an ergräife gelooss; a si hunn hie gefesselt an an de Prisong geworf.
6 An no dräi Deeg, nodeems hien sech mat senge Priister beroden hat, huet hien en erëm virun sech brénge gelooss.
7 An hien huet zu him gesprach: Abinadi, mir hunn eng Uklo géint dech fonnt, an du verdéngs den Dout.
8 Well du hues gesot, Gott selwer wäert ënner d’Mënschekanner erof kommen; an dowéinst solls du elo higeriicht ginn, wann s du net all déi béis Wierder zeréckhëls, déi s du a Bezuch op mech a mäi Vollek gesprach hues.
9 Den Abinadi awer huet zu him gesprach: Ech soen dir, ech wäert déi Wierder, déi ech a Bezuch op dëst Vollek zu dir gesprach hunn, net zeréck huelen, well se si wouer; a fir dat s du weess, datt se gewëss wouer sinn, hunn ech selwer et zougelooss, datt ech dir an d’Hänn gefall sinn.
10 Jo, an ech wäert bis zum Dout leiden a meng Wierder net zeréck huelen, a se wäerten als Temoignage géint iech dostinn. A wann dir mech ëmbréngt, da vergéisst dir onschëllegt Blutt, an och dëst wäert um leschten Dag als Temoignage géint iech do stoen.
11 An elo war de Kinnek Noah no drun, hie fräi ze loossen, well hien huet seng Wierder gefaart; well hien huet gefaart, d’Strofgeriicht Gottes wäert iwwert hie kommen.
12 Mee d’Priister hunn hir Stëmm géint hie gehuewen an ugefaangen, hien unzekloen, nämlech: Hien huet de Kinnek veruecht. Dofir gouf de Kinnek zur Roserei géint hien opgestëppelt, an hien huet Uerder ginn, fir datt hien ëmbruecht géif.
13 An et huet sech erginn: Si hunn hie geholl a gefesselt, si hunn him d’Haut gepéngegt mam Scheiterhaufen, jo, bis zum Dout.
14 A wéi elo d’Flamen ugefaangen hunn, hien ze versengen, huet hien hinnen zougeruff, nämlech:
15 Kuckt, sou wéi dir mir gemaach hutt, sou wäert et sech erginn, datt är Nokommen d’Ursaach wäert sinn, datt där vill déi Qualen erleide wäerten, déi ech erleiden, jo, d’Quale vum Feierdout, an dëst, well si un d’Errettung duerch den Här, hire Gott, gleewen.
16 An et wäert sech erginn, datt dir wéinst ären Ongerechtegkeete vun all méigleche Krankheete geplot gitt.
17 Jo, an dir wäert vun alle Säite geschloe ginn a wäert hin an hir gejot an verstreet ginn, jo, wéi eng Wëldhäerd, déi duerch grausam wëll Déiere gejot gëtt.
18 An un deem Dag wäert dir gehetzt ginn, an dir wäert vun der Hand vu äre Feinden ergraff ginn, an da wäert dir leiden, wéi ech leiden, nämlech d’Quale vum Feierdout.
19 Sou bréngt Gott Vergeltung iwwer déijéineg, déi säi Vollek vernichten. O Gott, empfänk meng Séil.
20 An elo, wéi den Abinadi dës Wierder gesot hat, ass hien niddergefall, well hien hat de Feierdout gelidden; jo, hie war higeriicht ginn, well hien d’Geboter Gottes net verleegne wollt, an hien huet d’Wourecht vu senge Wierder mat sengem Dout besigelt.