Scriptures
Mosiah 21


21. Kapitel

D’Leit vum Limhi gi vun de Lamanite geschloen an hu géint si verluer—D’Leit vum Limhi begéinen den Ammon a gi konvertéiert—Si erzielen dem Ammon vun de véieranzwanzeg jareditesche Placken. Ongeféier 122–121 v. Chr.

1 An et huet sech erginn: de Limhi a säi Vollek sinn an d’Stad Nephi zeréck komm an hunn erëm ugefaangen, am Land a Fridden ze liewen.

2 An et huet sech erginn: no villen Deeg hunn d’Lamaniten ugefaangen, erëm op d’Nephite rosen ze ginn, a si hunn ugefaangen, ronderëm an de Grenze vum Land anzedréngen.

3 Elo hunn si sech net getraut, si ëmzebréngen, wéinst dem Eed, deen hire Kinnek dem Limhi geschwuer hat; mee si hunn hinnen op d’Bake geschloen an Autoritéit iwwert si ausgeüübt; an hunn ugefaang, schwéier Laaschten op hire Réck ze leeën an si ze dreiwen, wéi wann si en dommen Iesel géifen dreiwen—

4 jo, dëst alles ass geschitt, fir datt d’Wuert vum Här an Erfëllung géif.

5 An elo waren d’Problemer vun den Nephite grouss, an et gouf kee Wee, wéi si sech aus den Hänn vun de Lamanite befreie konnten, well déi haten si vun alle Säiten ëmschloss.

6 An et huet sech erginn: D’Vollek huet ugefaangen, virum Kinnek wéinst hirer Problemer ze grommelen; a si hunn ugefaangen, de Wonsch ze hunn, géint si an de Krich ze zéien. A si hunn de Kinnek haart mat hire Kloe bedrängt; dofir huet hien hinnen erlaabt, no hire Wënsch ze handelen.

7 A si hunn sech alt erëm gesammelt an hir Rëschtung ugeluecht a sinn eraus géint d’Lamanite gezunn, fir si aus hirem Land ze joen.

8 An et huet sech erginn: D’Lamaniten hunn si geschloen an zeréck gejot an hunn där vill vun hinnen ëmbruecht.

9 An elo gouf et eng grouss Trauer a Kräischen ënnert dem Vollek vum Limhi, d’Wittfra huet ëm hire Mann gekrasch, de Jong an d’Duechter hunn ëm hire Papp gekrasch, an d’Bridder ëm hir Bridder.

10 An elo gouf et eng grouss Zuel vu Witfraen am Land, a si hu mächteg gejaut vun Dag zu Dag, well et war eng grouss Angscht virun de Lamaniten iwwert si komm.

11 An et huet sech erginn: Hiert stännegt Jäizen huet dat iwwregt Vollek vum Limhi opgestëppelt zur Roserei géint d’Lamaniten; a si sinn nach eng Kéier an de Kampf géint si gezunn, goufen allerdéngs nach eng Kéier zeréck gejot an hunn grouss Verloschter agebéisst.

12 Jo, si sinn nach eng drëtte Kéier dohinner gaangen an hunn datselwecht gelidden; an déijéineg déi net ëmbruecht gi waren, koumen erëm zeréck an d’Stad Nephi.

13 A si hunn sech humiliéiert, jo, bis an de Stëbs erof, a si hunn sech dem Joch vun der Sklaverei ënnerworf; si hunn et akzeptéiert, datt si geschloen an hin an hir gejot goufen an datt hinne Laaschten operluecht goufen, no de Wënsch vun hire Feinden.

14 A si hunn sech humiliéiert bis an d’Déifte vun der Humilitéit erof; a si hu mächteg zu Gott gejaut; jo, de ganzen Dag laang hunn si zu hirem Gott gejaut, hie géif si aus hire Problemer befreien.

15 Lo war awer den Här wéinst hiren Ongerechtegkeete lues, hiert Jäizen ze héieren; mee awer huet hien hiert Jäizen héieren an huet ugefaangen, de Lamaniten d’Häerz ze erweechen, sou dat si ugefaangen hunn, d’Laaschte méi liicht ze maachen; an awer huet den Här et net fir richteg gehalen, si aus der Sklaverei ze befreien.

16 An et huet sech erginn: Si hunn ugefaangen am Land lues a lues besser Zäiten ze kréien, a si hunn ugefaangen, a räichem Mooss Getreider, Schof a Rëndvéi ze hunn, sou datt si keen Honger gelidden hunn.

17 Elo gouf et eng grouss Zuel vu Fraen, méi wéi Männer; dofir huet de Kinnek Limhi gebueden, datt all Mann d’Wittfraen an hir Kanner ënnerstëtze sollt, fir datt si net vun Honger ëmkommen; an dat hunn si gemaach wéinst der grousser Zuel vun deenen, déi ëmbruecht gi waren.

18 Elo ass d’Vollek vum Limhi souvill ewéi méiglech zesumme bliwwen an huet hir Getreider an hir Häerden geséchert.

19 An de Kinnek selwer huet sech net virun d’Stadmauer getraut, wann hien net seng Waach bei sech hat, aus Angscht, hie kéint op iergendeng Weis de Lamaniten an d’Hänn falen.

20 An hien huet säi Vollek d’Land ronderëm beobachte gelooss, fir datt een op iergendeng Weis d’Priister fänke kéint, déi an d’Wüüst geflücht waren an déi d’Duechtere vun de Lamaniten geklaut haten, wat d’Ursaach dovunner war, datt eng sou grouss Vernichtung iwwert si komm war.

21 Well si haten de Wonsch, si ze ergräifen, fir si ze bestrofen; well si waren nuets an d’Land Nephi komm an hunn hir Getreider a vill vun hire wäertvolle Saachen ewech gedroen; dofir hunn si sech géint si op d’Lauer geluecht.

22 An et huet sech erginn: Tëschent de Lamaniten an dem Vollek vum Limhi goufen et keng Onroue méi, jo, bis zu där Zäit, wou den Ammon a seng Bridder an d’Land koumen.

23 A wéi de Kinnek mat senger Waach virun den Diere vun der Stad war, huet hien den Ammon a seng Bridder entdeckt; a well hie gemengt huet, si wären d’Priister vum Noah, huet hien si ergräifen a bannen an an de Prisong geheie gelooss. A wären si d’Priister vum Noah gewiescht, dann hätt hien si hiriichte gelooss.

24 A wéi hien eraus fonnt huet, datt si et net waren, mee datt si seng Bridder waren a vum Land Zarahemla komm waren, gouf hie vun immens grousser Freed erfëllt.

25 Elo hat de Kinnek Limhi schonn, bevir den Ammon ukomm war, eng kleng Unzuel vu Männer erausgeschéckt, fir nom Land Zarahemla ze fuerschen; mee si konnten et net fannen, a si haten sech an der Wüüst verluer.

26 Mee si haten ee Land fonnt, dat bevëlkert gewiescht war, jo, ee Land, dat vu verdréchente Läichen iwwerall verstreet war, jo, ee Land, dat bevëlkert gewiescht an zerstéiert gi war; an esou sinn si an der Meenung gewiescht, et wier dëst d’Land Zarahemla, an si sinn an d’Land Nephi zeréck komm a si koumen e puer Deeg virum Ammon an de Grenze vum Land un.

27 A si hunn eng Opzeechnung matbruecht, jo, eng Opzeechnung vun deem Vollek, vun deem si d’Läiche fonnt haten, an et war ob Placken aus Äerz agravéiert.

28 An elo gouf de Limhi erëm vu Freed erfëllt, wéi hien aus dem Mond vum Ammon gewuer ginn ass, datt de Kinnek Mosiah een Don vu Gott huet, woumadder hien esou Gravéierungen iwwersetze konnt; jo, an och den Ammon huet sech gefreet.

29 Mee awer waren den Ammon a seng Bridder vun Trauregkeet erfëllt, well esou vill vun hire Bridder ëmbruecht gi waren,

30 an och, datt de Kinnek Noah a seng Priister d’Ursaach waren, datt d’Vollek sou vill Sënden an Ongerechtegkeete géint Gott begaangen hat; a si hu getrauert och wéinst dem Abinadi sengem Doud an och wéinst dem Fortgoe vum Alma an deem Vollek, dat mat him gaange war, dat mat der Stäerkt a Muecht Gottes an am feste Glawen un déi Wierder, déi vum Abinadi gesprach gi waren, eng Kierch Gottes gebilt haten.

31 Jo, si hu getrauert wéinst hirem Fortgoen, well si woussten net, wouhinner si geflücht waren. Elo hätten si sech gäre mat hinne vereenegt, well si selwer ware mat Gott d’Allianz agaangen, him ze déngen an seng Geboter ze halen.

32 An zënter dem Ukomme vum Ammon war och de Kinnek Limhi, genausou ewéi vill vu sengem Vollek, mat Gott d’Allianz agaangen, him ze déngen an seng Geboter ze halen.

33 An et huet sech erginn: De Kinnek Limhi a vill vu sengem Vollek haten de Wonsch, sech deefen ze loossen; mee et gouf keen am Land, deen dozou d’Autoritéit vu Gott hat. An den Ammon huet et ofgelehnt, dëst ze maachen, well hie sech fir een onwierdege Kniecht gehalen huet.

34 Dofir hunn si deemools nach keng Kierch gebilt, mee hunn op de Geescht vum Här gewaart. Si haten de Wonsch, esou ze gi wéi den Alma a seng Bridder, déi an d’Wüüst geflücht waren.

35 Si haten de Wonsch, sech deefen ze loossen als Beweis an zum Temoignage dofir, datt si wëllens waren, Gott vu ganzem Häerzen ze déngen; mee hunn si den Zäitpunkt an d’Längt gezunn; an ee Bericht iwwert hir Daf wäert spéider nach gi ginn.

36 An all Plange vum Ammon a sengem Vollek an dem Kinnek Limhi mat sengem Vollek war, sech aus den Hänn vun de Lamaniten an aus der Sklaverei ze befreien.