D’Buch vum Mosiah
1. Kapitel
De Kinnek Benjamin enseignéiert senge Jongen d’Sprooch an d’Prophezeiunge vun hire Pappen—Hir Relioun an Zivilisatioun sinn erhale bliwwe wéinst den Opzeechnungen, déi op de verschiddene Placke gehale ginn—De Mosiah gëtt als Kinnek gewielt a kritt d’Verantwortung fir d’Opzeechnungen an aner Saachen. Ongeféier 130–124 v. Chr.
1 An elo gouf et kee Sträit méi am ganze Land Zarahemla ënnert all dem Vollek, dat zum Kinnek Benjamin gehéiert huet, sou datt de Kinnek Benjamin fir all seng iwwreg Deeg bestänneg Fridden hat.
2 An et huet sech erginn: Hien hat dräi Jongen; an hien huet si Mosiah an Helorum an Helaman genannt. An hien huet si an der ganzer Sprooch vu senge Pappen instruéiere gelooss, op datt si doduerch Männer vu Verständnis géifen a fir datt si vun deenen duerch hir Pappen ausgesprache Prophezeiunge wéissten, déi hinnen duerch d’Hand vum Här iwwerliwwert gi waren.
3 An hien huet si och a Bezuch op déi Opzeechnungen instruéiert, déi op de Placken aus Messeng agravéiert waren, nämlech: Meng Jongen, ech hätt gär, datt dir dorunner denkt: Hätt et dës Placken net ginn, déi dës Opzeechnungen an dës Geboter enthalen, sou hätte mir an Onwëssenheet leide missen, jo, an der géigewäertegen Zäit, wou mir d’Geheimnisser Gottes net kannt hätten.
4 Well et wier net méiglech, datt eise Papp, de Lehi, sech un all dës Saache kéint erënneren, fir se senge Kanner ze enseignéieren, ausser et wier mat Hëllef vun dëse Placken; well hie vun der Sprooch vun den Ägypter enseignéiert gi war, konnt hien dës Gravurë liesen an se senge Kanner enseignéieren, fir datt si se doduerch hire Kanner enseignéiere kéinten, an esou d’Geboter vu Gott bis haut erfëllen.
5 Ech soen iech, meng Jongen: Hätt et dëst net ginn, wat duerch d’Hand Gottes erhalen a behal ginn ass, fir datt mir vu senge Geheimnisser liesen a se verstoe kënnen a seng Geboter stänneg virun Aen hunn, da wäre souguer eis Pappen an Onglawe verfall, a mir wären ewéi eis Bridder, d’Lamaniten, ginn, déi näischt doriwwer wëssen an et, wann et hinne verkënnegt gëtt, och net gleewen, an zwar wéinst den Traditioune vun hire Pappen, déi net richteg sinn.
6 O meng Jongen, ech hätt gär, datt dir dorunner denkt, datt dës Wierder wouer sinn, an och, datt dës Opzeechnunge wouer sinn. A kuckt, och d’Placke vun Nephi, déi d’Opzeechnungen an d’Wierder vun eise Pappe vun där Zäit un, wou si Jerusalem verlooss hunn, si wouer; a mir kënne vun hirer Echtheet wëssen, well mir se virun Aen hunn.
7 An elo, meng Jongen, hätt ech gär, datt dir dorunner denkt, fläisseg doranner ze fuerschen, fir datt dir dovunner Notzen hutt; an ech hätt gär, datt dir d’Geboter Gottes haalt, fir datt et iech wuel ergeet am Land, no de Verheeschungen, déi den Här eise Pappe gemaach huet.
8 A villes méi huet de Kinnek Benjamin senge Jongen enseignéiert, wat an dësem Buch net niddergeschriwwen ass.
9 An et huet sech erginn: Nodeem Kinnek Benjamin mat der Beléierung vu senge Jongen zum Enn komm war, gouf hien al, an hien huet gesinn, datt hie gläich de Wee vun allem Ierdeschem goe misst; dofir huet hien et fir zweckméisseg gehalen, datt hien d’Kinnekräich engem vu senge Jonge géif iwwerginn.
10 Dofir huet hien de Mosiah virun sech brénge gelooss; an dëst sinn d’Wierder, déi hien zu him gesprach huet, nämlech: Mäi Jong, ech wënschen, datt s du eng Proklamatioun duerch dëst ganzt Land ënner dësem ganze Vollek, oder dem Vollek vun Zarahemla, an dem Vollek vum Mosiah, déi am Land wunnen, maache solls, fir datt si doduerch zesummegesammelt kënne ginn; well muer wäert ech dësem, mengem Vollek, aus mengem eegene Mond verkënnegen, datt s du e Kinnek an en Herrscher iwwer dëst Vollek bass, dat den Här, eise Gott, eis ginn huet.
11 A weider wäert ech dësem Vollek een Numm ginn, fir datt et op dës Weis virun all de Vëlker ausgezeechent ass, déi den Här Gott aus dem Land vu Jerusalem gefouert huet; an dëst maachen ech, well et am Hale vun de Geboter vum Här ee fläissegt Vollek war.
12 An ech ginn hinnen een Numm, deen ni ausgeläscht soll ginn, ausser duerch Iwwertriedung.
13 Jo, a weider soen ech dir, wann dëst héich favoriséiert Vollek vum Här an Iwwertriedung verfält an zu engem béisen an adultère Vollek gëtt, da wäert den Här si opginn, sou datt si doduerch schwaach ginn ewéi hir Bridder; an hie wäert si net méi duerch seng onvergläichlech a wonnerbar Muecht beschützen, wéi hie bis elo eis Pappe beschützt huet.
14 Well ech soen dir, hätt hien net säin Aarm eise Pappen ausgestreckt fir si ze preservéieren, sou hätten si an d’Hänn vun de Lamanite falen an Affer vun hirem Haass misse ginn.
15 An et huet sech erginn: Nodeems de Kinnek Benjamin mat dëse Wierder u säi Jong op en Enn komm war, huet hien him d’Verantwortung iwwerdroen a Bezuch op all Affaire vum Räich.
16 A weider huet hien him och d’Verantwortung iwwerdroen a Bezuch op d’Opzeechnungen, déi op de Placken aus Messeng agravéiert waren, an och a Bezuch op dem Nephi seng Placken an och d’Schwäert vum Laban an d’Kugel oder de Richtungsweiser, deen eis Pappen duerch d’Wüüst gefouert hat an dee vun der Hand vum Här gemaach gi war, fir datt si doduerch gefouert géifen, jiddwereen no der Beuechtung an dem Fläiss, deen hien dem Här gewidmet huet.
17 Dofir, wann si ontrei waren, ass et hinnen net wuel ergaangen, a si koumen net virun op hirem Wee, mee si goufen zeréck gedriwwen, a si hunn den Onmutt Gottes op sech gezunn; an dofir goufen si mat Hongersnout a schwéiere Problemer geschloen, fir datt si incitéiert géifen, un hir Flicht ze denken.
18 An elo huet et sech erginn: De Mosiah ass gaangen an huet dat gemaach, wéi säi Papp him gebueden hat; an hien huet all Vollek am Land Zarahemla opgeruff, sech ze versammelen an zum Tempel erop ze goen, fir d’Wierder ze lauschteren, déi säi Papp zu hinne schwätze wäert.