24. Kapitel
Den Amulon verfollegt den Alma a säi Vollek—Si sollen zum Doud verurteelt ginn, wann si biede géifen—Den Här mécht hir Laascht liicht—Hie befreit si aus der Sklaverei, a si ginn zeréck op Zarahemla. Ongeféier 145–120 v. Chr.
1 An et huet sech erginn: Den Amulon huet Gonscht an den Ae vum Kinnek vun de Lamanite fonnt; dofir huet de Kinnek vun de Lamaniten him a senge Bridder erlaabt, datt si fir säi Vollek als Lehrer bestëmmt goufen, jo, fir dat Vollek, dat am Land Schemlon an am Land Schilom an am Land Amulon war.
2 Well d’Lamaniten haten all dës Länner a Besëtz geholl; dofir hat de Kinnek vun de Lamanite fir all dës Länner Kinneke bestëmmt.
3 An elo war de Numm vum Kinnek vun de Lamanite Laman, well hie war nom Numm vu sengem Papp genannt ginn; an dofir gouf hie Kinnek Laman genannt. An hie war Kinnek iwwert ee risegt Vollek.
4 An hien huet fir jiddwer Land, dat vu sengem Vollek a Besëtz geholl gi war, aus de Reie vun de Bridder vum Amulon Lehrer bestëmmt; an esou huet een ugefaangen, d’Sprooch vum Nephi ënnert alle Vëlker vun de Lamaniten ze léieren.
5 A si waren ënnereneen ee frëndlecht Vollek; mee hunn si Gott net kannt; och hunn dem Amulon seng Bridder si net a Bezuch op den Här, hire Gott, an och net iwwer d’Gesetz vum Moses enseignéiert; an esou hunn si och net dem Abinadi seng Wierder enseignéiert;
6 mee si hunn si enseignéiert, hir Opzeechnungen ze féieren an datt een deem anere schreiwe soll.
7 An esou hunn d’Lamaniten ugefaangen, ëmmer méi räich ze ginn, a si hunn ugefaangen, mateneen Handel ze dreiwen a grouss ze ginn, a si hunn ugefaangen, ee schlaut a weist Vollek ze ginn, wat d’Weisheet vun der Welt betrëfft, jo, ee ganz schlaut Vollek, dat vill Freed un allerhand Béist an Ausbeutung, ausser ënnert den eegene Bridder, fonnt huet.
8 An elo huet et sech erginn: Den Amulon huet ugefaangen, Autoritéit iwwert den Alma auszeüben, an huet ugefaangen, hien ze verfollegen, an huet gemaach, datt seng Kanner hir Kanner verfollegt hunn.
9 An den Amulon huet vum Alma gewosst, datt hien ee vun de Priister vum Kinnek gewiescht war an datt hien et gewiescht war, deen dem Abinadi seng Wierder gegleeft hat a vum Kinnek verfollegt gi war, an dofir war hie rosen op hien; well hie war dem Kinnek Laman ënnerworf, awer hien huet Autoritéit iwwert si ausgeüübt, an hinnen Aufgaben operluecht, a Meeschteren iwwert si ernannt.
10 An et huet sech erginn: Sou grouss waren hir Problemer, datt si ugefaangen hunn, mat Muecht zu Gott ze jäizen.
11 An den Amulon huet hinne gebueden, mat hirem Jäizen opzehalen; an hien huet Waachen iwwert si gesat, si ze bewaachen, sou datt jiddwereen, deen dobäi ugetraff gouf, datt hie Gott ugeruff huet, higeriicht géif ginn.
12 An den Alma a säi Vollek hunn hir Stëmm net méi zum Här, hirem Gott, erhuewen, mee si hunn hiert Häerz virun him ausgeschott; an hie wousst hir Gedanke vum Häerzen.
13 An et huet sech erginn: D’Stëmm vum Här ass an hire Problemer u si gaangen, nämlech: Hieft äert Haapt héich a sidd getréischt, well ech weess vun där Allianz, déi dir mat mir gemaach hutt; an ech wäert mat mengem Vollek eng Allianz maachen an et aus der Sklaverei befreien.
14 An ech wëll och d’Laascht, déi iech op d’Schëllere geluecht ass, liicht maachen, sou dat dir se net méi op ärem Réck spiere kënnt, souguer net, wann dir nach Sklave sidd; an dat wëll ech maachen, fir dat dir spéider als Zeie fir mech dostitt a fir dat dir mat Gewëssheet wësse kënnt, dat ech, den Härgott, mäi Vollek a senge Problemer besicht.
15 An elo huet et sech erginn: Déi Laascht, déi dem Alma a senge Bridder operluecht war, ass liicht gemaach ginn; jo, den Här huet si gestäerkt, sou dat si hir Laascht ouni Méi droe konnten, a si hunn sech frou a mat Gedold an allem dem Wëlle vum Här ënnerworf.
16 An et huet sech erginn: Sou grouss war hire Glawen an hir Gedold, dat d’Stëmm vum Här erëm u si gaangen ass, nämlech: Sidd getréischt, well muer wäert ech iech aus der Sklaverei befreien.
17 An hien huet zu Alma gesprach: Du solls dësem Vollek virdru goen, an ech wäert mat dir goen an dëst Vollek aus der Sklaverei befreien.
18 Elo huet et sech erginn: Den Alma a säi Vollek hunn nuets hir Häerden gesammelt, a si hunn och vun hire Getreider zesumme gedroen; jo, déi ganz Nuecht hunn si domadder verbruecht, hir Häerden ze sammelen.
19 An am Mueren huet den Här een déiwe Schlof iwwer d’Lamanite komme gelooss, jo, an all hir Oppasser louchen an déiwem Schlof.
20 An den Alma a säi Vollek sinn an d’Wüüst eraus gezunn; a wéi si de ganzen Dag gaange waren, hunn si hir Zelter an engem Dall opgebaut, a si hunn dat Dall Alma genannt, well hien hinnen op dem Wee an d’Wüüst viraus gaange war.
21 Jo, an am Dall Alma hunn si hir Dankbarkeet viru Gott ausgeschott, well hien zu hinne baarmhäerzeg gewiescht war an hinnen hir Laascht liicht gemaach a si aus der Sklaverei befreit hat; well si ware Sklave gewiescht, a kee konnt si befreien ausser den Här, hire Gott.
22 A si hu Gott Merci gesot, jo, all hir Männer an all hir Fraen an all hir Kanner, déi schwätze konnten, hunn hir Stëmm erhuewen, fir hirem Gott Merci ze soen.
23 An elo huet den Här zum Alma gesprach: Begann dech a bréng dech an dëst Vollek aus dem Land, well d’Lamanite sinn erwächt a verfollegen dech; dofir bréng dech aus dësem Land, an ech wäert d’Lamaniten an dësem Dall ophalen, sou dat si bei der Verfolgung vun dësem Vollek net weiderkommen.
24 An et huet sech erginn: Si sinn aus dem Dall ewech gezunn an hunn hiren Zuch an d’Wüüst fort gesat.
25 An nodeems si zwielef Deeg an der Wüüst gewiescht waren, koumen si an d’Land Zarahemla, an de Kinnek Mosiah huet si mat Freed empfaangen.