4. Kapitel
De Kinnek Benjamin setzt seng Ried weider—D’Erléisung kënnt wéinst der Versönung—Gleeft u Gott fir gerett ze ginn—Behaalt eng Verzeiung vun äre Sënden andeems dir Him trei sidd—Vermëttelt vun ärem Besëtz un déi Aarm—Maacht alles a Weisheet an Uerdnung. Ongeféier 124 v. Chr.
1 An elo huet et sech erginn: Wéi de Kinnek Benjamin opgehalen hat, déi Wierder ze spriechen, déi him vum Engel vum Här iwwermëttelt gi waren, huet hien seng Ae ronderëm iwwer d’Leit schweife gelooss, a kuckt, si waren zur Äerd gefall, well d’Angscht virum Här war iwwert si komm.
2 A si haten sech selwer an hirem fleeschlechen Zoustand erbléckt, manner souguer wéi de Stëbs vun der Äerd. A si all hunn haart wéi mat enger Stëmm geruff, nämlech: O sief baarmhäerzeg, a wenn d’versönend Blutt vum Christus un, fir datt mir Verzeiung fir eis Sënden empfänken a fir datt eis d’Häerz reng gemaach gëtt; well mir gleewen un de Jesus Christus, de Jong Gottes, deen Himmel an Äerd an alles erschafen huet an deen ënner d’Mënschekanner erofkomme wäert.
3 An et huet sech erginn: Nodeems si dës Wierder gesprach haten, koum de Geescht vum Här iwwert si, a si goufe vu Freed erfëllt, well si Verzeiung fir hir Sënden empfaangen haten a well si Fridden am Gewëssen hate wéinst dem immens grousse Glawen, deen si un de Jesus Christus haten, deen do komme géif, no de Wierder, déi de Kinnek Benjamin zu hinne gesprach hat.
4 An de Kinnek Benjamin huet erëm eng Kéier de Mond op gemaach an huet ugefaangen, zu hinnen ze spriechen, nämlech: Meng Frënn a meng Bridder, mäi Geschlecht a mäi Vollek: Ech wëll nach eng Kéier ëm är Opmierksamkeet bieden, fir datt dir meng iwwreg Wierder, déi ech zu iech sprieche wäert, lauschteren a verstoe kënnt.
5 Well kuckt, wann d’Wëssen iwwer d’Guttheet vu Gott zu dëser Zäit iech zu engem Gefill vun ärer Onwichtegkeet an ärem wäertlosen a gefalenen Zoustand erwächt huet—
6 Ech soen iech, wann dir d’Guttheet vu Gott a seng onvergläichlech Muecht, seng Weisheet, seng Gedold a säi laangt Leide géintiwwer de Mënschekanner erkannt hutt; an och d’Versönung, déi vun der Grënnung vun der Welt u virbereet gouf, fir datt doduerch d’Errettung bei dee kënnt, dee säi Vertrauen an den Här setzt, a seng Geboter fläisseg hält a bis zum Enn vu sengem Liewen am Glawe bleift, ech mengen d’Liewe vum stierfleche Kierper—
7 ech soen, datt sou een et ass, deem Errettung accordéiert gëtt duerch d’Versönung, déi vun der Grondleeung der Welt un prett gemaach ass fir all Mënschen, déi zënter dem Fall vum Adam jeemools waren a sinn a wäerte si bis zum Enn vun der Welt.
8 An dëst ass d’Mëttel, duerch dat d’Errettung kënnt. An et gëtt keng aner Erléisung ausser där, vun där geschwat gouf; et gëtt och keng Konditiounen, duerch déi de Mënsch gerett ka ginn, ausser de Konditiounen, déi ech iech gesot hunn.
9 Gleeft u Gott; gleeft dorunner, datt hien ass an datt hien alles erschafen huet am Himmel an op Äerden; gleeft dorunner, datt hien all Weisheet an all Muecht huet am Himmel an op Äerden; gleeft dorunner, datt de Mënsch net alles erfaasst, wat den Här erfaasse kann.
10 A weider: Gleeft dorunner, datt dir vun äre Sënden ëmkéieren a vun hinne loosse musst, an humiliéiert iech viru Gott; biet mat oprichtegem Häerzen, hie géif iech verzeien; an elo, wann dir un dëst alles gleeft, sou kuckt, datt dir et maacht.
11 A weider soen ech iech, wéi ech virdru gesot hunn: Wou dir zum Wësse vun der Herrlechkeet Gottes komm sidd oder wann dir seng Guttheet erkannt a seng Léift geschmaacht hutt a wann dir Verzeiung fir är Sënden empfaangen hutt, wouduerch eng sou grouss Freed an ärer Séil entsteet, sou hätt ech lo gär, datt dir un d’Gréisst Gottes an un är eegen Onwichtegkeet an u seng Guttheet an u säi laangt Leide géigeniwwer iech onwierdeg Kreaturen denkt an dëst ëmmer am Gediechtnes behaalt, datt dir iech an den Déifte vun der Bescheidenheet humiliéiert, andeems dir den Numm vum Här all Dag urufft a standhaft bleift am Glawen un dat, wat komme wäert a wouvunner duerch de Mond vum Engel gesprach ginn ass.
12 A kuckt, ech soen iech: Wann dir dëst maacht, wäert dir iech ëmmer freeën a vu Gottes Léift erfëllt sinn an iech ëmmer Verzeiung fir är Sënde sécheren; dir wäert u Wësse vun deem senger Herrlechkeet zouhuelen, deen iech erschaf huet, oder u Wësse vun deem, wat gerecht a wouer ass.
13 An dir wäert net am Sënn hunn, een deen aneren ze verletzen, mee friddlech ze liewen a jiddwerengem dat ze ginn, wat him zoukënnt.
14 An dir wäert net zouloossen, datt är Kanner hongereg sinn oder plakeg; dir wäert och net zouloossen, datt si d’Gesetzer Gottes iwwertrieden a matenee kämpfen a streiden an datt si dem Däiwel déngen, deen den Här vun der Sënd ass oder de béise Geescht, vun deem eis Pappe gesprach hunn, deen also ee Feind vun all Gerechtegkeet ass.
15 Dir wäert si villméi enseignéieren, op de Weeër vun der Wouerecht a Seriositéit ze wandelen; dir wäert si enseignéieren, een deen anere gär ze hunn an een deem aneren ze déngen.
16 An och dir selwer wäert deene bäistoen, déi äre Bäistand brauchen; dir wäert iech mat äre Mëttelen deem unhuelen, deen an Nout ass; an dir wäert net zouloossen, datt de Bettler iech seng Demande fir näischt virbréngt, an hien ofweisen, datt hien ëmkënnt.
17 Vläicht wäerts du soen: De Mann huet säi Misär iwwert sech selwer bruecht; dofir wäert ech meng Hand zeréckhalen, a wäert him näischt vu mengem Iesse ginn, nach him eppes vu mengem Besëtz ginn, fir datt hien net leide muss, well seng Strofe gerecht sinn—
18 mee ech soen iech: O Mënsch, wien dëst mécht, deen huet vill Grond zur Ëmkéiert; a wann hien net ëmkéiert vun deem, wat hie gemaach huet, wäert hien ëmkomme fir ëmmer an huet keen Undeel um Räich Gottes.
19 Well kuckt, si mir net all Bettler? Si mir net, wat eise Besëtz, Iessen a Kleedung, Gold a Sëlwer an all eis villfälteg Räichtemer betrëfft, all op datselwecht Wiesen ugewisen, nämlech Gott?
20 A kuckt, eben elo hutt dir säin Numm ugeruff an ëm Verzeiung fir är Sënde gebettelt. An huet hien zougelooss, datt dir fir näischt gebettelt hutt? Nee, hien huet säi Geescht iwwer iech ausgeschott an huet gemaach, datt sech iech d’Häerz mat Freed fëllt, an huet gemaach, datt äre Mond sech geschloss huet an dir net méi konnt schwätzen, sou immens grouss war är Freed.
21 An elo, wa Gott, deen iech erschaf huet, vun deem dir, fir äert Liewen an alles wat dir hutt a sidd, ofhängeg sidd, iech alles gëtt, wat dir frot, wat richteg ass, am Glawen, well dir gleeft, datt dir et kritt, o wéi sollt dir da vun deem Verméigen, dat dir hutt, ee mat dem aneren deelen.
22 A wann dir de Mann urteelt, deen iech seng Bitt fir äert Verméige virbréngt, datt hien net ëmkënnt, a verurteelt hien, wéi vill méi gerecht wäert är Verurteelung sinn, well dir äert Verméigen zeréckbehaalt, wat iech net gehéiert, mee Gott, deem och äert Liewe gehéiert; an awer gitt dir kenger Bitt no an dir bereit net dat, wat dir gemaach hutt.
23 Ech soen iech: Wéi sou engem Mënsch, well säi Besëtz wäert mat him ëmkommen; an dës soen ech elo deenen, déi räich sinn, wat d’Saache vun dëser Welt betrëfft.
24 An nach eng Kéier soen ech zu den Aarmen, iech, déi net hunn a trotzdeem genuch hunn, datt dir vun Dag zu Dag um Liewe bleift; ech mengen iech all, déi de Bettler ofweisen, well dir net hutt; ech géif wënschen, datt dir an ärem Häerz sot: Ech ginn net, well ech net hunn, mee wann ech hätt, géif ech ginn.
25 An elo, wann dir dëst am Häerze sot, sou bleift dir ouni Schold, anerefalls sidd dir schëlleg gesprach, an de Scholdsproch iwwert iech ass gerecht, well dir glëscht op dat, wat dir net empfaangen hutt.
26 An elo, fir dës Saachen, déi ech zu iech gesot hunn—dat heescht, fir datt dir vun Dag zu Dag Verzeiung fir är Sënde kréie géift, fir datt dir ouni Schold viru Gott wandele kënnt—wënschen ech, datt dir vun ärem Verméigen den Aarme gitt, jiddereen no deem, wat hien huet, nämlech déi Hongereg ze speisen, déi Plakeg zu kleeden, déi Krank ze besichen an sech hirer unzehuelen, geeschteg genausou wéi zäitlech, no hire Bedürfnisser.
27 A kuckt, datt dëst alles a Weisheet an Uerdnung geschitt; well et ass net erfuerderlech, datt de Mënsch méi schnell leeft, wéi e Kraaft huet. An nach eng Kéier, et ass néideg, datt hie fläisseg ass, fir doduerch de Präis ze gewannen; dofir muss alles an der Uerdnung gemaach ginn.
28 An ech hätt gär, datt dir dorunner denkt, datt jiddweree vun iech, dee vu sengem Noper léint, dat Geléinten sou zeréck gëtt, wéi hien et ausgemaach huet,soss begees du Sënd; a vläicht wär s du doduerch d’Geleeënheet, datt och däin Noper Sënd begeet.
29 Ech kann iech schliisslech net alles soen, wouduerch dir Sënd begitt, well et ginn do verschidde Mëttel a Weeër, jo, sou vill, datt ech se net opziele kann.
30 Mee souvill kann ech iech soen: Wann dir net oppasst op iech an är Gedanken a Wierder an Doten a wann dir net d’Geboter Gottes beuecht an net de feste Glawe behaalt un dat, wat dir iwwer d’Komme vun eisem Här héieren hutt, jo, bis un d’Enn vun ärem Liewen, da musst dir ëmkommen. An elo, O Mënsch, erënner dech drun, a komm net ëm.