10. Kapitel
De Kinnek Laman stierft—Säi Vollek ass wëll a grausam a gleeft u falsch Traditiounen—Den Zeniff a säi Vollek behaapten sech géint si. Ongeféier 187–160 v. Chr.
1 An et huet sech erginn: Mir hunn erëm ugefaangen, d’Kinnekräich opzeriichten, an hunn erëm ugefaangen, d’Land a Fridden ze besëtzen. An ech hu Krichswaffe vun all Zort maache gelooss, fir datt ech op dës Weis Waffen hätt, fir mäi Vollek, fir déi Zäit, wou d’Lamaniten erëm zum Krich géint mäi Vollek komme géifen.
2 An ech hunn ronderëm d’Land Waachen opgestallt, fir datt net d’Lamanite rëm eng Kéier onverhofft iwwert eis kéimen an eis vernichte kéinten; an esou hunn ech iwwert mäi Vollek a meng Häerden gewaacht an hunn si dovunner beschützt, eise Feinden an d’Hänn ze falen.
3 An et huet sech erginn, datt mir d’Land vun eise Bridder fir vill Jore geierft hunn, jo, fir eng Zäit vun zwee an zwanzeg Joer.
4 An ech hu maache gelooss, datt d’Männer de Buedem bewirtschaften, a vill Zorte vu Getreider an all Zorte vu Friichten ugebaut hunn.
5 An ech hunn d’Frae spannen, a schaffen, an sech méien, an all Zorte vu feinem Léngen, jo, a Stoff vun all Zort verschaffe gelooss, fir datt mir eis Plakegt bedecke konnten; an esou hu mir am Land Erfolleg gehat—sou hate mir bestänneg Fridden am Land fir en Zäitraum vun zweeanzwanzeg Joren.
6 An et huet sech erginn, datt de Kinnek Laman gestuerwen ass, a säi Jong huet a senger Plaz ugefaangen ze regéieren. An hien huet ugefaangen, säi Vollek géint mäi Vollek zur Rebellioun opzestëppelen; dofir hunn si ugefaangen, sech op de Krich virzebereeden an eropzekommen, fir géint mäi Vollek ze kämpfen.
7 Mee ech hat meng Kondschafter ronderëm d’Land Schemlon ausgeschéckt, fir hir Virbereedungen ze entdecken, sou datt ech mech géint si wiere kéint, an si net iwwert mäi Vollek kéimen an et vernichte géifen.
8 An et huet sech erginn, datt si an den Norde vum Land vu Shilom koumen, mat hiren zuelräichen Arméien, Männer bewaffnet mat Béi, a mat Feiler, a mat Schwäerter, a mat Zimeter, a mat Steng a mat Schleideren; an hir Käpp waren sou raséiert, datt se plakeg waren; an si ware mat engem liedere Rimm ëm hir Hëfte bekleet.
9 An et huet sech erginn: Ech hunn d’Fraen an d’Kanner vu mengem Vollek an der Wüüst verstoppe gelooss; an ech hunn och all meng al Männer, déi Waffen droe konnten, an och all meng jonk Männer, déi Waffen droe konnten, sech versammele gelooss, fir géint d’Lamaniten an de Kampf ze zéien; an ech hunn si an hirer Uerdnung opgestallt, jiddwereen no sengem Alter.
10 An et huet sech erginn: Mir sinn zum Kampf géint d’Lamaniten ausgezunn; an ech, jo, ech selwer mat mengem avancéierten Alter, sinn ausgezunn zum Kampf géint d’Lamaniten. An et huet sech erginn: Mir si mat der Stäerkt vum Här zum Kampf ausgeréckt.
11 Lo woussten d’Lamaniten näischt vum Här an och näischt vun der Stäerkt vum Här, dofir hunn si sech op hir eege Stäerkt verlooss. A si waren awer ee staarkt Vollek, wat mënschlech Stäerkt betrëfft.
12 Si waren ee wëld a grausamt Vollek a glëschtereg op Blutt, an si hunn un d’Traditioun vun hire Pappe gegleeft, an zwar—Si hu gegleeft, si wiere wéinst de Sënde vun hire Pappen aus dem Land vu Jerusalem verjot ginn, a si hätten an der Wüüst vun hire Bridder Onrecht gelidden, a si hätten och wärend der Iwwerquiéierung iwwer d’Mier Onrecht gelidden;
13 An nach eng Kéier, datt hinnen Onrecht ugedoe gouf, wéi si am Land vun hirem éischten Ierfschaft waren, nodeems si d’Mier iwwerquiert haten, an all dat, well den Nephi méi trei war am Hale vun de Geboter vum Här—dofir gouf hie vum Här favoriséiert, well den Här seng Gebieder héieren an se beäntwert huet, an hien huet d’Leedung vun hirer Rees an der Wüüst iwwerholl.
14 A seng Bridder ware rosen op hien, well si d’Handlungsweis vum Här net verstanen hunn; si waren och op dem Waasser rosen op hien, well si hiert Häerz géint den Här verhäert haten.
15 A weider waren si rosen op hien, wéi si am versprachene Land ukomm sinn, well si hu gesot, hien hätt hinnen d’Herrschaft iwwer d’Vollek aus den Hänn geholl; a si hunn duerno getruecht, hien ëmzebréngen.
16 A weider waren si rosen op hien, well hien an d’Wüüst fort gaange war, wéi den Här et him gebueden hat, an d’Opzeechnunge matgeholl hat, déi op de Placken aus Messeng agravéiert waren; well si hu gesot, hien hätt se geklaut.
17 An esou hunn si hire Kanner bäibruecht, datt si si haasse sollten an datt si si ermuerde sollten an datt si si beklauen a bestielen an alles maache sollten, wat si maache kéinten, fir si ze vernichten; dofir hunn si een éiwegen Haass géint d’Kanner vum Nephi.
18 An eben aus dësem Grond huet mech de Kinnek Laman duerch seng Schlauheet an hypokriten Hannerlëscht a seng schéi Verspriechunge getäuscht, sou datt ech dës meng Leit an dëst Land eropgefouert hunn, fir datt hien si vernichte kéint; jo, a mir hunn all dës Joren an deem Land gelidden.
19 An nodeems elo ech, Zeniff, mengem Vollek dëst alles iwwer d’Lamaniten erzielt hat, hunn ech si ugefeiert, mat aller Muecht an de Kampf ze zeien, a si sollten hiert Vertrauen an den Här setzen; dofir hu mir mat hinne gefocht, Mann géint Mann.
20 An et huet sech erginn: Mir hunn si erëm aus eisem Land gejot; a mir hunn si an engem grousse Gemetzelt ëmbruecht, jo, sou vill, datt mir si net gezielt hunn.
21 An et huet sech erginn: Mir sinn an eist eegent Land zeréck gekéiert, a mäi Vollek huet erëm ugefaangen, Häerden ze ziichten an de Buedem zu bebauen.
22 An well ech elo al sinn, hunn ech d’Kinnekräich engem vu menge Jongen iwwerdroen; dofir soen ech weider näischt méi. A géif den Här mäi Vollek séinen. Amen.