13. Kapitel
Den Abinadi ass duerch gëttlech Muecht beschützt—Hien enseignéiert déi Zéng Geboter—D’Erléisung kënnt net eleng duerch d’Gesetz vum Moses—Gott Selwer wäert eng Versönung maachen a Säi Vollek erléisen. Ongeféier 148 v. Chr.
1 Wéi elo de Kinnek Noah dës Wierder héieren hat, huet hien zu senge Priister gesot: Fort mat dësem Kärel a bréngt hien ëm; well wat hu mir mat him ze dinn, hien ass verréckt.
2 A si si virgetrueden an hu versicht, Hand un hien ze leeën; mee hien huet hinne widderstanen an zu hinne gesprach:
3 Réiert mech net un, well Gott wäert iech schloen, wann dir Hand u mech leet; well ech hunn déi Botschaft, déi ze iwwerbréngen den Här mech geschéckt huet, nach net iwwerbruecht; ech hunn iech och dat nach net gesot, wat ze soen dir mech gebueden hutt; dofir wäert Gott net zouloossen, datt ech zu dëser Zäit vernicht ginn.
4 Mee ech muss d’Geboter erfëllen, déi Gott mir gebueden huet. A well ech iech d’Wourecht gesot hunn, sidd dir rosen op mech. An nach eng Kéier, well ech d’Wuert Gottes gesprach hunn, hutt dir iwwer mech geriicht, ech wier verréckt.
5 Elo huet et sech erginn: Nodeems den Abinadi dës Wierder gesprach hat, huet sech d’Vollek vum Kinnek Noah net méi getraut, Hand un hien ze leeën, well de Geescht vum Här war op him; a säi Gesiicht huet mat engem immens staarke Glanz geliicht, wéi dat vum Moses, wéi hien um Bierg Sinai war, wéi hie mam Här gesprach hat.
6 An hien huet mat Muecht an Autoritéit vu Gott geschwat; an hien huet seng Wierder fortgesat a gesot:
7 Dir gesitt, datt dir net d’Muecht hutt, mech ëmzebréngen, dofir bréngen ech meng Botschaft op en Enn. Jo, an ech bemierken, datt se iech an d’Häerz schneid, well ech iech d’Wourecht a Bezuch op är Sënde soen.
8 Jo, a meng Wierder erfëllen iech mat Verwonnerung an Erstaunen, a mat Roserei.
9 Mee ech bréngen iech meng Botschaft op en Enn; an da mécht et näischt méi aus, wouhinner ech ginn, wann ech nëmmen errett ginn.
10 Mee souvill soen ech iech: Wat dir herno mat mir maacht, wäert eng Duerstellung an e Schied vun deem sinn, wat komme wäert.
11 An elo liesen ech iech de Rescht vun de Geboter vu Gott vir, well ech gesinn, datt se net an ären Häerzer geschriwwe stinn; ech gesinn, datt dir déi gréissten Zäit vun ärem Liewen Ongerechtegkeet studéiert a enseignéiert hutt.
12 An elo, erënnert iech drun, datt ech iech gesot hunn: Dir däerft iech kee geschnëtzelt Bild oder iergendeng eppes Änleches vun de Saache maachen, déi uewen am Himmel sinn, oder déi ënnen op der Äerd sinn, oder déi am Waasser ënnert der Äerd sinn.
13 An nach eng Kéier: Du solls dech net virun hinnen näipen an hinnen net déngen; well ech, den Här, däi Gott, sinn ee jalouse Gott, deen ech d’Sënde vun de Pappen an de Kanner heemsiche bis an déi drëtt a véiert Generatioun vun deenen, déi mech haassen,
14 an d’Baarmhäerzegkeet weist den Dausenden, déi mech gär hunn a meng Geboter halen.
15 Du solls den Numm vum Här, dengem Gott, net onnëtz gebrauchen; well den Här wäert deen net fir onschëlleg halen, dee säin Numm onnëtz gebraucht.
16 Erënner dech un den Dag vum Sabbat, fir en helleg ze halen.
17 Sechs Deeg solls du schaffen an all deng Aarbechte verriichten;
18 awer um siwenten Dag, um Sabbat vum Här, dengem Gott, solls du keng Aarbecht verriichten, weder du nach däi Jong, nach deng Duechter, nach däin Dénger, nach deng Déngerin, nach däi Rëndvéi, nach däi Friemen, deen an dengen Diere wunnt;
19 Well a sechs Deeg huet den Här den Himmel an d’Äerd gemaach, an d’Mier, an alles, wat an hinnen ass; dofir huet den Här den Dag vum Sabbat geséint an en helleg gemaach.
20 Éier däi Papp an deng Mamm, fir datt deng Deeg laang wäerte sinn am Land, dat den Här, däi Gott, dir gëtt.
21 Du solls net ëmbréngen.
22 Du solls net Adultère begoen. Du solls net stielen.
23 Du solls net falschen Temoignage ofleeë géint däin Nächsten.
24 Du solls net dengem Nächsten säin Haus begieren; du solls och net dengem Nächsten seng Fra begieren, nach säin Dénger nach seng Déngerin, nach säin Ochs, nach säin Iesel, nach iergendeppes, wat dengem Nächste gehéiert.
25 An et huet sech erginn: Nodeems den Abinadi mat dëse Wierder op en Enn komm war, huet hien zu hinne gesprach: Hutt dir dëst Vollek enseignéiert, et soll dorobber beduecht sinn, dëst alles ze maachen, fir datt et dës Geboter hält?
26 Ech soen iech: Nee; well wann dir et gemaach hätt, hätt den Här mech net dozou bruecht, erauszekommen a Béises iwwer dëst Vollek ze prophezeien.
27 Dir hutt elo awer gesot, d’Errettung kéim duerch d’Gesetz vum Moses. Ech soen iech, et ass zweckméisseg, datt dir d’Gesetz vum Moses nach ëmmer befollegt; mee ech soen iech, d’Zäit wäert kommen, wou et net méi zweckméisseg wäert sinn, d’Gesetz vum Moses ze befollegen.
28 A weider soen ech iech: D’Errettung kënnt net duerch d’Gesetz eleng; a wann net déi Versönung wär, déi Gott selwer fir d’Sënden an Ongerechtegkeete vu sengem Vollek mécht, sou géif et onweigerlech ëmkommen, trotz dem Gesetz vum Moses.
29 An elo soen ech iech: Et war zweckméisseg, datt de Kanner vun Israel ee Gesetz gi war, jo, souguer ee strengt Gesetz; well si waren een tockskappecht Vollek, schnell, Ongerechtegkeeten ze maachen, a lues, dem Här, hirem Gott, ze gedenken.
30 Dofir gouf hinnen ee Gesetz ginn, jo, ee Gesetz mat Verriichtungen a Veruerdnungen, ee Gesetz, dat si vun Dag zu Dag streng beuechte sollten, fir datt si stänneg u Gott an hir Flicht him géigeniwwer denke géifen.
31 Mee kuckt, ech soen iech: Dëst alles war d’Virbild vun deem, wat komme wäert.
32 An elo, hunn si d’Gesetz verstanen? Ech soen iech: Nee, si hunn d’Gesetz net ganz verstanen, an zwar wéinst hirer Häerzenshäert; well si hunn net verstanen, datt kee Mënsch errett ka ginn ausser duerch d’Erléisung, déi vu Gott ass.
33 Well kuckt, huet net de Moses hinnen a Bezuch op d’Komme vum Messias prophezeit an datt Gott säi Vollek erléise wäert? Jo, an och all Propheten, déi vum Ufank der Welt u prophezeit hunn—hunn si net méi oder manner mat Bezuch dorobber gesprach?
34 Hunn si net gesot, datt Gott selwer ënner d’Mënschekanner erofkomme sollt, d’Gestalt vun engem Mënsch unhuelen a mat mächteger Muecht op d’Uewerfläch vun der Äerd erausgoe sollt?
35 Jo, hunn si net och gesot, hie wäert d’Opersteeung vun den Doudege fäerdeg bréngen an hie selwer wäert bedréckt a bedrängt ginn?