Scriptures
Mosiah 19


19. Kapitel

De Gideon wëll de Kinnek Noah ëmbréngen—D’Lamaniten iwwerfalen d’Land—De Kinnek Noah leit den Doud duerch d’Feier—De Limhi regéiert als e Monarch, deen Tribut schëlleg ass. Ongeféier 145–121 v. Chr.

1 An et huet sech erginn: D’Arméi vum Kinnek ass zeréck gaangen, nodeems se ouni Erfolleg nom Vollek vum Här gesicht haten.

2 An elo kuckt, d’Sträitkräft vum Kinnek ware kleng, well se ware verréngert ginn; an ënnert dem iwwrege Vollek koum et zu enger Deelung.

3 An dee méi klengen Deel huet ugefaangen, géint de Kinnek ze drouen, an et ass ee grousse Sträit ënnert hinnen entstanen.

4 Lo gouf et ënnert hinnen ee Mann, deem säin Numm war Gideon, an hie war ee staarke Mann an ee Feind vum Kinnek; dofir huet hie säi Schwäert gezunn an huet a senger Roserei geschwueren, hie géif de Kinnek ëmbréngen.

5 An et huet sech erginn: Hien huet mam Kinnek gefecht, a wéi de Kinnek gesinn huet, datt deen aneren am gaange war, hien ze iwwerwältegen, ass hie geflücht a fortgelaf a koum op den Tuerm, deen niewen dem Tempel stoung.

6 An de Gideon huet hie verfollegt a war am gaangen, op den Tuerm ze kommen an de Kinnek ëmzebréngen; an de Kinnek huet seng Ae ronderëm iwwer d’Land Schemlon schwiewe gelooss, a kuckt, d’Arméi vun de Lamanite war bannent de Grenze vum Land.

7 An elo huet de Kinnek an der Angscht vu senger Séil geruff a gesot: Gideon, verschoun mech, well d’Lamanite sinn op eis, a si wäerten eis zerstéieren; jo, si wäerte mäi Vollek zerstéieren.

8 De Kinnek war awer net esou vill iwwert säi Vollek besuergt ewéi iwwert säin eegent Liewen; mee de Gideon huet säi Liewe verschount.

9 An de Kinnek huet sengem Vollek kommandéiert, virun de Lamaniten ze flüchten, an hie selwer ass hinne viraus gelaf, a si si mat hire Fraen a Kanner an d’Wüüst geflücht.

10 An et huet sech erginn: D’Lamaniten hunn si verfollegt, hunn si ageholl an ugefaangen, si ëmzebréngen.

11 Elo huet et sech erginn: De Kinnek huet hinne kommandéiert, all Männer sollten hir Fraen a Kanner verloossen a virun de Lamanite flüchten.

12 Elo waren där vill do, déi si net verloossen, mee léiwer dobleiwen a mat hinnen ëmkomme wollten. An déi iwwreg hunn hir Fraen a Kanner zeréck gelooss a geflücht.

13 An et huet sech erginn: Déijéineg, déi bei hire Fraen a Kanner bliwwe waren, hunn hir schéin Duechtere virtrieden a sech bei de Lamaniten dofir asetze gelooss, fir datt si net ëmbruecht géifen.

14 An et huet sech erginn: D’Lamaniten hate Matleed mat hinnen, well si ware vun der Schéinheet vun hire Fraen immens ugedoen.

15 Dofir hunn d’Lamaniten hiert Liewe verschount, an si gefaange geholl an si zeréck an d’Land vum Nephi bruecht, an hinnen zougestanen, datt si d’Land besëtze kéinten, ënnert de Konditiounen, datt si de Kinnek Noah an d’Hänn vun de Lamanite liwwere géifen an hire Besëtz ofginn, souguer d’Hallschent vun allem, wat si besëtzt hunn, d’Hallschent vun hirem Gold, an hirem Sëlwer an all hire wäertvolle Saachen, an esou sollten si dem Kinnek vun de Lamanite vu Joer zu Joer Tribut bezuelen.

16 An ënnert deenen, déi gefaange geholl goufen, war och ee vun de Jonge vum Kinnek dobäi; säin Numm war Limhi.

17 An elo hat de Limhi de Wonsch, säi Papp géif net vernicht ginn; mee de Limhi wousst vun den Ongerechtegkeete vu sengem Papp, well hie selwer war ee gerechte Mann.

18 An et huet sech erginn: De Gideon huet heemlech Männer an d’Wüüst geschéckt, fir nom Kinnek an no deenen, déi mat him waren, ze fuerschen. An et huet sech erginn: An der Wüüst sinn si op d’Vollek gestouss, op all ausser de Kinnek a senge Priister.

19 Elo haten si am Häerze geschwueren, si géifen an d’Land Nephi zeréckkéieren, a wann hir Fraen a Kanner an déijéineg, déi bei hinne bliwwe waren, ëmbruecht gi wären, da géifen si sech rächen a mat hinne stierwen.

20 An de Kinnek huet hinne gebueden, net zeréckzekéieren; a si waren op de Kinnek rosen an hunn hie leide gelooss, jo, de Feierdoud.

21 A si waren am gaangen, och d’Priister ze ergräifen an hinzeriichten, mee déi si geflücht virun hinnen.

22 An et huet sech erginn: Si waren am gaangen, an d’Land Nephi zeréckzekéieren, a si sinn op d’Männer vum Gideon gestouss. An d’Männer vum Gideon hunn hinnen alles erzielt, wat hire Fraen a Kanner zougestouss war; datt d’Lamaniten hinnen erlaabt haten, d’Land ze besëtzen, soulaang si de Lamaniten Tribut leeschte géifen, nämlech d’Halschent vun allem, wat si haten.

23 An d’Vollek huet de Männer vum Gideon erzielt, datt si de Kinnek ëmbruecht hätten an datt seng Priister virun hinne weider an d’Wüüst geflücht waren.

24 An et huet sech erginn: Nodeems si d’Förmlechkeeten ofgeschloss haten, sinn si an d’Land Nephi zeréckgekéiert an hunn sech gefreet, datt hir Fraen a Kanner net ëmbruecht gi waren; a si hunn dem Gideon erzielt, wat si mam Kinnek gemaach haten.

25 An et huet sech erginn: De Kinnek vun de Lamaniten huet hinnen een Eed geschwuer, datt säi Vollek si net ëmbrénge wäert.

26 An och de Limhi, de Jong vum Kinnek, deem d’Kinnekräich vum Vollek iwwerdroe gi war, huet dem Kinnek vun de Lamanite een Eed geschwuer, datt säi Vollek him Tribut bezuele wäert, jo, d’Hallschent vun allem, wat si haten.

27 An et huet sech erginn: De Limhi huet ugefaangen, d’Räich opzeriichten an ënnert sengem Vollek Fridden opzeriichten.

28 An de Kinnek vun de Lamaniten huet ronderëm d’Land Waachen opgestallt, fir d’Vollek vum Limhi am Land ze halen, fir datt si net an d’Wüüst fort zéie géifen; an den Ënnerhalt fir seng Waachen huet hien aus dem Tribut geholl, deen hie vun den Nephitë kritt huet.

29 An elo hat de Kinnek Limhi a sengem Räich zwee Joer laang bestänneg Fridden; an d’Lamaniten hunn si net belästegt an och net versicht, si ze vernichten.