Scriptures
3 Nephi 9


9. Kapitel

An der Däischtert verkënnegt d’Stëmm vum Christus d’Zerstéierung vu ville Leit a Stied wéinst hirer Béist—Hie verkënnegt och Seng Gëttlechkeet, annoncéiert, datt d’Gesetz vum Moses erfëllt ass, an invitéiert d’Mënschen, bei Hien ze kommen a gerett ze ginn. Ongeféier 34 n. Chr.

1 An et huet sech erginn: All Bewunner vun der Äerd, iwwerall am Land, hunn eng Stëmm héieren, déi geruff huet:

2 Wéi, Wéi, Wéi dësem Vollek; Wéi de Bewunner vun der ganzen Äerd, wann si net ëmkéieren; well den Däiwel laacht, a seng Engele freeën sech wéinst den Doudegen ënnert de schéine Jongen an Duechtere vu mengem Vollek; a wéinst hiren Ongerechtegkeeten an hiren Abscheilechkeete sinn si gefall!

3 Kuckt, déi grouss Stad Zarahemla an hir Awunner hunn ech mat Feier verbrannt.

4 A kuckt, déi grouss Stad Moroni hunn ech an d’Déifte vum Mier versenken an hir Awunner erdrénke gelooss.

5 A kuckt, déi grouss Stad Moronihah an hir Awunner hunn ech mat Buedem zougeschott, fir hir béis Doten a Grujele viru mengem Gesiicht ze verstoppen, fir datt d’Blutt vun de Propheten an den Hellegen net méi viru mech kënnt, géint si.

6 A kuckt, d’Stad Gilgal hunn ech versenke gelooss, fir datt hir Awunner an den Déifte vun der Äerd begruewe wieren,

7 jo, an d’Stad Onihah a hir Awunner an d’Stad Mokum an hir Awunner an d’Stad Jerusalem an hir Awunner; a Waasser hunn ech an hir Plaz komme gelooss, fir hir Béist an hir Abscheilechkeete viru mengem Gesiicht ze verstoppen, fir datt d’Blutt vun de Propheten an den Hellegen net méi viru mech kënnt, géint si.

8 A kuckt, d’Stad Gadiandi an d’Stad Gadiomnah an d’Stad Jakob an d’Stad Gimgimno, all dës hunn ech versenke gelooss a hunn an hir Plaz Hiwwelen an Dalle gemaach; an hir Awunner hunn ech an den Déifte vun der Äerd begruewen, fir hir Béist an hir Abscheilechkeete viru mengem Gesiicht ze verstoppen, fir dat d’Blutt vun de Propheten an den Hellegen net méi viru mech kënnt, géint si.

9 A kuckt, déi grouss Stad Jacobugath, déi vum Vollek vum Kinnek Jakob bewunnt war, hunn ech mat Feier verbrenne gelooss wéinst hire Sënden a Béist, déi méi grouss war wéi all Béist vun der ganzer Äerd, nämlech wéinst hire geheime Morden a Verbindungen; well si ware et, déi de Fridde vu mengem Vollek an d’Regierung vum Land zerschloen hunn; dofir hunn ech se verbrenne gelooss, si viru mengem Gesiicht vernicht, fir dat d’Blutt vun de Propheten an den Hellegen net méi viru mech kënnt, géint si.

10 A kuckt, d’Stad Laman an d’Stad Josh an d’Stad Gad an d’Stad Kischkumen an hir Awunner hunn ech duerch Feier verbrenne gelooss, an zwar wéinst hirer Béist, nämlech well si d’Propheten ausgestouss an déijéineg gestengegt hunn, déi ech hi geschéckt hunn, hinnen hir Béist an hir Abscheilechkeeten ze verkënnegen.

11 A well si si all ausgestouss hunn, sou datt ënnert hinne keng Gerecht méi waren, hunn ech Feier erof geschéckt an si zerstéiert, fir dat hir Béist an hir Abscheilechkeete viru mengem Gesiicht verstoppt wieren, fir datt d’Blutt vun de Propheten an den Hellegen, déi ech ënnert si geschéckt hunn, net méi vun der Äerd hir zu mir jäizt, géint si.

12 A vill grouss Zerstéierungen hunn ech iwwer dëst Land an iwwer dëst Vollek komme gelooss, wéinst senger Béist a sengen Abscheilechkeeten.

13 O dir alleguerten, déi dir verschount sidd, well dir méi gerecht waart ewéi si, wëllt dir net elo zu mir zeréckkommen a vun äre Sënden ëmkéieren an iech bekéieren, fir datt ech iech heele kéint?

14 Jo, wierklech, ech soen iech, wann dir bei mech kommt, wäert dir éiwegt Liewen hunn. Kuckt, mäin Aarm vun der Baarmhäerzegkeet ass iech entgéintgestreckt, a wie komme wëll, dee wëll ech empfänken; a geséint sinn, déi bei mech kommen.

15 Kuckt, ech sinn de Jesus Christus, de Jong Gottes. Ech hunn den Himmel an d’Äerd an alles, wat doranner ass, erschaf. Ech war vun Ufank un beim Papp. Ech sinn am Papp an de Papp ass a mir, an a mir huet de Papp säin Numm verherrlecht.

16 Ech sinn an dat Mäint komm, an déi, déi Mäin sinn, hu mech net empfaangen. An d’Schrëften iwwert mäi Komme sinn erfëllt.

17 An allen, déi mech empfaangen hunn, hunn ech et gemaach, Jonge Gottes ze ginn; an dat wëll ech alleguerte maachen, déi u mäin Numm gleewen, well kuckt, duerch mech kënnt d’Erléisung, an a mir ass d’Gesetz vum Moses erfëllt.

18 Ech sinn d’Liicht an d’Liewe vun der Welt. Ech sinn den Alpha an den Omega, den Ufank an d’Enn.

19 An dir sollt mir net méi laang afferen, andeems dir Blutt vergéisst; jo, är Affer an är Brandaffer sollen ofgeschaaft sinn, well ech wäert är Affer an är Brandaffer net méi unhuelen.

20 An dir sollt mir e gebrachent Häerz an e bereiende Geescht als Affer bréngen. A wie mat engem gebrachenen Häerz an engem bereiende Geescht bei mech kënnt, dee wäert ech mat Feier a mam Hellege Geescht deefen, sou wéi d’Lamaniten, wéinst hirem Glawen u mech zum Zäitpunkt vun hirer Bekéierung, mat Feier a mam Hellege Geescht gedeeft goufen, an si woussten et net.

21 Kuckt, ech sinn an d’Welt komm, fir der Welt d’Erléisung ze bréngen, fir d’Welt aus der Sënd ze retten.

22 Dofir, wien ëmkéiert a bei mech kënnt ewéi ee klengt Kand, dee wëll ech empfänken, well esou Leit gehéiert d’Räich Gottes. Kuckt, fir esou Leit hunn ech d’Liewen niddergeluecht an et erëm opgeholl; dofir kéiert ëm, a kommt bei mech, dir Enne vun der Welt, a loosst iech retten.