Scriptures
3 Nephi 5


5. Kapitel

D’Nephiten kéieren ëm a loosse vun hire Sënden—De Mormon schreift d’Geschicht vu sengem Vollek a verkënnegt hinnen dat éiwegt Wuert—Israel gëtt no senger laanger Dispersioun versammelt. Ongeféier 22–26 n. Chr.

1 An elo kuckt, et gouf ënnert allem Vollek Nephi och net eng lieweg Séil, déi och nëmmen am geréngsten d’Wierder vun allen hellege Propheten, déi si geschwat haten, bezweiwelt hätt; well si woussten, datt et noutwennegerweis esou muss sinn, dat se sech erfëllen.

2 A wéinst de villen Zeechen, déi gi gi waren no de Wierder vun de Propheten, woussten si, datt et besser misst sinn, datt de Christus komm wier; a wéinst de Saachen, déi scho geschitt waren, woussten si, datt et onbedéngt néideg war, datt alles geschéie sollt, no deem, wat gesot gi war.

3 Dofir hunn si vun all hire Sënde gelooss, hiren Abscheilechkeeten an hirem Houeren an hu Gott mat allem Fläiss Dag an Nuecht gedéngt.

4 An elo huet et sech erginn: Wéi si d’Raiber alleguerte gefaange geholl haten, sou gutt, datt kee méi entkomm ass, deen net ëmbruecht ginn ass, hunn si hir Gefaangener an de Prisong geworf an hinnen d’Wuert Gottes priedege gelooss; An alleguerten, déi vun hire Sënden ëmkéieren an eng Allianz agoe wollten, datt si net méi morde géifen, sinn a Fräiheet gesat ginn.

5 Mee alleguerten, déi d’Allianz net agoe wollten an déi weiderhin déi geheim Morden am Häerzen haten, jo, alleguerten, vun deenen ee fonnt huet, datt si géint hir Bridder Menacen ausgestouss hunn, goufen nom Gesetz schëlleg gesprach a bestrooft.

6 An esou hunn si alle béisen a geheimen an abscheileche Verbindungen een Enn gesat, an deenen et esou vill Béist ginn ass an esou vill Morde begaange sinn.

7 An esou war dat zweeanzwanzegt Joer vergaangen an och dat dräianzwanzegt Joer an dat véierzwanzegt an dat fënnefanzwanzegt; an esou ware fënnefanzwanzeg Joer vergaangen.

8 A villes ass geschitt, wat an den Ae vun e puer grouss a wonnerbar wier; mee kann net alles an dësem Buch niddergeschriwwe ginn; jo, dëst Buch kann net eemol den honnertsten Deel vun deem enthalen, wat ënnert esou ville Vëlker a fënnefanzwanzeg Joer geschitt war.

9 Mee kuckt, et ginn Opzeechnungen, déi all Handlunge vun dësem Vollek enthalen; an ee méi kuerze mee awer richtege Bericht ass vum Nephi ginn.

10 Dowéinst hunn ech mäi Bericht dovunner nom Nephi sengem Bericht ofgefaasst, deen op de Placken agravéiert ginn ass, déi d’Placke vum Nephi genannt gi sinn.

11 A kuckt, ech maachen de Bericht op Placken, déi ech mat eegenen Hänn ugefäerdegt hunn.

12 A kuckt, ech gi Mormon genannt, well ech sinn nom Land Mormon benannt ginn, deem Land, wou den Alma d’Kierch ënnert dem Vollek opgeriicht huet, jo, déi éischt Kierch, déi no hirer Transgressioun ënnert hinnen opgeriicht ginn ass.

13 Kuckt, ech sinn ee Jünger vum Jesus Christus, deen dem Gott säi Jong ass. Ech si vun him beruff ginn, säi Wuert ënnert dësem Vollek ze verkënnegen, fir datt si éiwegt Liewe kënnen hunn.

14 An et ass mir néideg ginn, datt ech, nom Wëlle vu Gott, fir datt d’Gebieder vun deenen, déi hei fortgaange sinn, déi, déi Helleg waren, no hirem Glawen erfëllt géifen, e Bericht vun dëse Saachen opstellen, déi geschitt sinn—

15 jo, ee klenge Bericht doriwwer, wat vun där Zäit un, wou de Lehi Jerusalem verlooss huet, bis erof an déi géigewäerteg Zäit alles geschitt ass.

16 Dofir maachen ech meng Opzeechnung aus de Berichter, déi vun deenen, déi viru mir waren, gi goufen, bis zum Ufank vu mengem Dag;

17 an da maachen ech ee Bericht vun deem, wat ech mat eegenen Ae gesinn hunn.

18 An ech weess, datt de Bericht, deen ech maachen, ee gerechten a richtege Bericht ass; trotzdeem gëtt et vill Saachen, déi mir, no eiser Sprooch, net fäeg sinn ze schreiwen.

19 An elo kommen ech mat menger Ried op en Enn, déi vu mir selwer ass, a ginn da mäi Bericht iwwert déi Saachen, déi viru mir geschitt sinn.

20 Ech sinn de Mormon an ee rengen Nokomm vum Lehi. Ech hu Grond, mäi Gott a mäin Erretter Jesus Christus ze séinen, well hien eis Pappen aus dem Land vu Jerusalem gefouert huet (a keen huet et gewosst, ausser hie selwer an déijéineg, déi hien aus dem Land gefouert huet) an datt hie mir a mengem Vollek esou vill Wëssen iwwert d’Rettung vun eise Séile ginn huet.

21 Gewëss huet hien d’Haus vum Jakob geséint an ass baarmhäerzeg gewiescht zu den Nokomme vum Joseph.

22 A well d’Kanner vum Lehi seng Geboter gehalen hunn, huet hien si geséint an et hinne wuel ergoe gelooss no sengem Wuert.

23 Jo, a gewëss wäert hien erëm een Iwwerrescht vun den Nokomme vum Joseph zum Wësse vum Här, hirem Gott, bréngen.

24 An esou wouer den Här lieft, wäert hie vun de véier Enne vun der Äerd de ganzen Iwwerrescht vun den Nokomme vum Jakob sammelen, déi iwwer déi ganz Uewerfläch vun der Äerd zerstreet sinn.

25 An esou wéi hien eng Allianz mam ganzen Haus vum Jakob gemaach huet, esou soll och d’Allianz, deen hie mam Haus vum Jakob gemaach huet, zu senger Zäit erfëllt ginn, fir dat ganzt Haus vum Jakob zeréckzeféieren zum Wësse vun der Allianz, déi hie mat hinne gemaach huet.

26 An da wäerten si hiren Erléiser erkennen, nämlech de Jesus Christus, de Jong Gottes; an da wäerten si vun de véier Enne vun der Äerd an hiert eegent Land gesammelt ginn, vu wou aus si zerstreet gi sinn; jo, sou wouer den Här lieft, esou wäert et geschéien. Amen.