Scriptures
3 Nephi 15


15. Kapitel

De Jesus verkënnegt, datt d’Gesetz vum Moses an Him erfëllt ass—D’Nephiten sinn déi aner Schof, vun deenen Hien zu Jerusalem geschwat huet—Wéinst der Ongerechtegkeet weess d’Vollek vum Här zu Jerusalem näischt vun de verstreete Schof vun Israel. Ongeféier 34 n. Chr.

1 An elo huet et sech erginn: Wéi de Jesus mat dëse Wierder fäerdeg war, huet hien seng Ae ronderëm iwwert d’Leit goe gelooss an huet zu hinne gesprach: Kuckt, dir hutt héieren, wat ech geléiert hunn, bevir ech zu mengem Papp eropgefuer sinn; dofir: Wien sech dëse menge Wierder erënnert an se mécht, dee wäert ech um leschten Dag héichhiewen.

2 An et huet sech erginn: Wéi de Jesus dës Wierder gesprach hat, huet hie gemierkt, datt et ënnert hinnen e puer gouf, déi sech verwonnert a gefrot hunn, wat hie wuel mam Gesetz vum Moses wollt, well si hunn net déi Wierder verstanen, datt dat Aalt vergaangen ass an alles nei gi wier.

3 An hien huet zu hinne gesprach: Verwonnert iech net, datt ech zu iech gesot hunn, dat Aalt wier vergaangen an alles wier nei ginn.

4 Kuckt, ech soen iech: Dat Gesetz, dat dem Moses gi gouf, ass erfëllt.

5 Kuckt, ech sinn et, deen d’Gesetz ginn huet, an ech sinn et, dee mat mengem Vollek Israel de Bond gemaach huet; dofir ass d’Gesetz a mir erfëllt, well ech si komm, d’Gesetz ze erfëllen; dofir huet et een Enn.

6 Kuckt, ech zerstéieren d’Propheten net; well wie vun hinnen a mir nach net erfëllt ass, wierklech, dat ech soen iech, alleguerte wäerten se erfëllt ginn.

7 An nëmme well ech iech gesot hunn, dat Aalt wier vergaangen, zerschloen ech dach net dat, wat a Bezuch op dat, wat kënnt, gesprach ginn ass.

8 Well kuckt, d’Allianz, déi ech mat mengem Vollek gemaach hunn, ass nach net ganz erfëllt; mee d’Gesetz, dat dem Moses gi gouf, huet a mir een Enn.

9 Kuckt, ech sinn d’Gesetz an d’Luucht. Bléckt heihinner zu mir an haalt bis un d’Enn aus, sou wäert dir liewen; well deem, dee bis un d’Enn aushält, wäert ech éiwegt Liewe ginn.

10 Kuckt, ech hunn iech d’Geboter ginn; dofir haalt meng Geboter. An dat ass d’Gesetz an d’Propheten, well si hu wierklech vu mir temoignéiert.

11 An elo huet et sech erginn: Wéi de Jesus dës Wierder geschwat hat, huet hien zu den Zwielef, déi hien erwielt hat, gesprach:

12 Dir sidd meng Jünger; an eng Luucht sidd dir dësem Vollek, dat een Iwwerrescht vum Haus Joseph ass.

13 A kuckt, dëst ass d’Land vun ärer Ierfschaft; an de Papp huet et iech ginn.

14 An zu kenger Zäit huet de Papp mir gebueden, äre Bridder zu Jerusalem dovunner ze erzielen.

15 Och huet de Papp mir zu kenger Zäit gebueden, hinne vun den anere Stämm vum Haus vun Israel ze erzielen, déi de Papp aus dem Land ewechgefouert huet.

16 Sou vill huet de Papp mir gebueden, datt ech et hinne soe soll:

17 datt ech aner Schof hunn, déi net vun dëser Häerd sinn; och si muss ech heihinner féieren, a si wäerte meng Stëmm héieren, an et wäert eng Häerd sinn an een Hiert.

18 Elo awer, wéinst Tockskäppegkeet an Ongleewegt hunn si mäi Wuert net verstanen; dofir gouf mir vum Papp gebueden, hinnen doriwwer näischt méi ze soen.

19 Mee wierklech, ech soen iech: De Papp huet mir gebueden, an ech soen et iech, datt dir wéinst hiren Ongerechtegkeete vun hinne getrennt gi sidd; dofir wëssen si wéinst hiren Ongerechtegkeeten näischt vun iech.

20 A wierklech, nach eng Kéier soen ech iech: De Papp huet déi aner Stämm vun hinne getrennt; a wéinst hiren Ongerechtegkeete wëssen si näischt vun hinnen.

21 A wierklech, ech soen iech: Dir sidd et, vun deenen ech gesot hunn: Aner Schof hunn ech, déi net vun dëser Häerd sinn; och si muss ech hiféieren, a si wäerte meng Stëmm héieren; an et wäert eng Häerd sinn an een Hiert.

22 A si hu mech net verstanen, well si hu gemengt, et wieren déi Aner; well si hunn net verstanen, datt déi Aner duerch hiert Priedege bekéiert sollte ginn.

23 An si hu mech net verstanen, datt ech gesot hunn, si solle meng Stëmm héieren; a si hu mech net verstanen, datt d’Heiden zu kenger Zäit meng Stëmm héiere sollten—datt ech mech hinnen net manifestéiere sollt, ausser duerch den Hellege Geescht.

24 Mee kuckt, dir hutt souwuel meng Stëmm héiere wéi och mech gesinn; an dir sidd meng Schof, an dir sidd deenen dobäigezielt, déi de Papp mir ginn huet.