Scriptures
3 Nephi 13


13. Kapitel

De Jesus enseignéiert den Nephiten d’Gebiet vum Här—Si solle Schätz am Himmel sammelen—Déi zwielef Jünger an hirem Ministère kréien den Uerder, sech keng Suergen ëm zäitlech Saachen ze maachen—Vergläicht Matthäus 6. Ongeféier 34 n. Chr.

1 Wierklech, wierklech, ech soen, ech hätt gären, datt dir den Aarmen Almose gitt; mee passt op dorobber, datt dir är Almosen net virun de Leit gitt, fir vun hinne gesinn ze ginn; soss hutt dir kee Loun bei ärem Papp am Himmel.

2 Dofir, wann dir Almose gitt, sou loosst et net virun iech ausposaunen, wéi d’Hypokritten dat an de Synagogen an op de Stroosse maachen, fir sech vun de Leit luewen ze loossen. Wierklech, ech soen iech: Si hu schonn hire Loun.

3 Wann awer du Almose gëss, sou looss deng lénk Hand net wëssen, wat déi riets mécht,

4 fir datt däin Almose verstoppt bleift; an däi Papp, deen an d’Verstopp gesäit, wäert et dir offe belounen.

5 A wann s du biets, sou solls du et net ewéi d’Hypokritte maachen, déi gären an de Synagogen an un de Stroossenecker stinn a bieden, fir datt si vun de Leit gesi ginn. Wierklech, ech soen iech: Si hu schonn hire Loun.

6 Wann s du awer biets, sou géi an deng Kummer, a wann s du d’Dir zou gemaach hues, sou biet zu dengem Papp, deen am Verstopp ass; an däi Papp, deen an d’Verstopp gesäit, wäert et dir offe belounen.

7 Wann dir awer biet, sou gebraucht keng onnëtz Widderhuelungen, wéi et d’Heide maachen, well si mengen, si ginn erhéiert, wann si vill Wierder maachen.

8 Sidd also net ewéi si, well äre Papp weess, wat dir néideg hutt, bevir dir hie frot.

9 Dofir sollt dir op dës Weis bieden: Eise Papp am Himmel, gehellegt gëtt däin Numm.

10 Däi Wëlle geschéi op Äerden ewéi am Himmel.

11 A verzei eis eis Schold, wéi mir eise Schëlleger verzeien.

12 A féier eis net a Versuchung, mee befrei eis vun deem, wat béis ass.

13 Well däin ass d’Räich an d’Muecht an d’Herrlechkeet fir ëmmer. Amen.

14 Well wann dir de Mënschen hir Verfeelunge verzeit, sou wäert iech ären himmlesche Papp och verzeien.

15 Wann dir awer de Mënschen hir Verfeelungen net verzeit, sou wäert iech äre Papp är Verfeelungen och net verzeien.

16 An dann, wann dir faascht, sollt dir net sinn ewéi d’Hypokritte mat trauregem Gesiichtsausdrock, well si verstellen hiert Gesiicht, fir sech virun de Mënsche mat hirem Faaschten ze weisen. Wierklech, ech soen iech: Si hu schonn hire Loun.

17 Wann s du awer faaschts, sou sallef dir de Kapp a wäsch dir d’Gesiicht,

18 fir dat s du dech net virun de Mënsche mat dengem Faaschte weis, mee nëmme virun dengem Papp, deen am Verstopp ass; an däi Papp, deen an d’Verstopp gesäit, wäert et dir offe belounen.

19 Sammelt iech net Schätz op Äerden, wou d’Motten an de Rascht se friessen a wou d’Déif abriechen an se huelen;

20 mee sammelt iech Schätz am Himmel, wou weder Motten nach Rascht se friessen a wou d’Déif net abriechen an se huelen.

21 Well wou äre Schatz ass, do ass och äert Häerz.

22 D’Liicht vum Leif ass d’A. Ass also däin A gutt, sou wäert däi ganze Leif voll Liicht sinn.

23 Ass awer däin A béis, sou wäert däi ganze Leif voll Däischtert sinn. Wann elo d’Liicht an dir Däischtert ass, wéi grouss ass dann d’Däischtert!

24 Keen kann zwee Hären déngen; well entweder wäert hien deen een haassen an deen anere gären hunn, oder hie wäert sech un deen een halen an deen anere veruechten. Dir kënnt net Gott déngen an dem Mammon.

25 Elo awer huet et sech erginn: Wéi de Jesus dës Wierder gesprach hat, huet hien déi Zwielef, déi hien erwielt hat, ugekuckt, an huet zu hinne gesprach: Denkt un déi Wierder, déi ech gesprach hunn. Well kuckt, dir sidd et, déi ech erwielt hunn, dësem Vollek ze déngen. Dofir soen ech iech: Suergt net ëm äert Liewen, wat dir iessen a wat dir drénke wäert, och net ëm äre Leif, wat dir undoe wäert. Ass net d’Liewe méi ewéi d’Iessen an de Leif méi ewéi d’Kleedung?

26 Kuckt iech d’Villercher an der Loft un: Si verstreeë kee Som, si recoltéieren net, si sammelen net a Scheieren; an ären himmlesche Papp ernäert si awer. Sidd dir dann net vill méi ewéi si?

27 Wie vun iech kann, andeems hien sech Suerge mécht, eng Ell zu senger Gréisst bäifügen?

28 A firwat suergt dir ëm Kleedung? Betruecht d’Blummen um Feld, wéi se wuessen: se schaffen net, och spannen se net;

29 an awer soen ech iech, datt och de Salomo a senger ganzer Herrlechkeet net esou gekleet gewiescht ass wéi och nëmmen eng vun hinnen.

30 Wann dann de Gott d’Gras um Feld esou kleet, wat dach haut steet a muer an den Uewe geworf gëtt, sou wäert hien och iech kleeden, wann dir och nëmmen e bësse Glawen hutt.

31 Dofir sollt dir net suergen a soen: Wat wäerte mir iessen? Wat wäerte mir drénken? Woumadder wäerte mir eis kleeden?

32 Well ären himmlesche Papp weess jo, datt dir dat alles néideg hutt.

33 Truecht als éischt nom Räich Gottes an no senger Gerechtegkeet, sou wäert iech dëst alles dobäi geluecht ginn.

34 Dofir suergt net fir den Dag muer, well den Dag muer wäert fir sech selwer suergen. All Dag huet genuch Béises fir sech selwer.