2. Kapitel
Béist an Abscheilechkeeten huelen ënnert dem Vollek zou—D’Nephiten an d’Lamaniten vereenegen sech fir sech géint d’Raiber vum Gadianton ze verdeedegen—Konvertéiert Lamaniten gi wäiss a ginn Nephite genannt. Ongeféier 5–16 n. Chr.
1 An et huet sech erginn: Esou ass och dat fënnefannonzegt Joer vergaangen, an d’Vollek huet ugefaangen, d’Zeechen a Wonner ze vergiessen, déi si héieren haten, an hunn ugefaangen, ëmmer manner iwwert een Zeechen oder ee Wonner vum Himmel ze staunen, esou vill, datt si ugefaangen hunn, an hirem Häerzen an an hirem Sënn verblennt ze ginn, an ugefaangen hunn, un allem ze zweiwelen, wat si héieren a gesinn haten—
2 Si hunn sech an hirem Häerzen Onnëtzes agebilt, wat duerch Mënschen an duerch d’Muecht vum Däiwel bewierkt gi war, fir dem Vollek d’Häerz ze verleeden an ze täuschen; an esou huet de Satan erëm vum Häerze vum Vollek Besëtz ergraff, esou vill, datt hien hir Ae verblennt huet an si verleet huet ze gleewen, d’Doktrinn vum Christus wier eppes Topeges an Onnëtzes.
3 An et huet sech erginn: D’Vollek huet ugefaangen, u Béist an Abscheilechkeete vill zouzehuelen, a si hunn net gegleeft, datt et nach weider Zeechen a Wonner géife ginn; an de Satan ass ëmhier gaangen an huet dem Vollek d’Häerz verleet, andeems hien si versicht huet an si maache gedoen huet, grouss Béist am Land ze bewierken.
4 An esou sinn dat sechsannonzegt Joer an och dat siwwenannonzegt Joer an och dat aachtannonzegt Joer an och dat néngannonzegt Joer vergaangen;
5 an och waren honnert Joer zënter den Deeg vum Mosiah, deen de Kinnek iwwert d’Vollek vun den Nephite war, vergaangen.
6 A sechshonnertannéng Joer ware vergaangen, zënter de Lehi Jerusalem verlooss hat.
7 An néng Joer ware vergaangen zënter der Zäit, wou dat Zeeche gi gouf, vun deem d’Prophete gesprach haten, nämlech datt Christus an d’Welt komme géif.
8 D’Nephiten awer hunn ugefaangen, hir Zäit vun deem Zäitpunkt un ze rechnen, wou dat Zeeche gi gouf, oder vun der Zäit vum Komme vum Christus un; dofir waren néng Joer vergaangen.
9 An den Nephi, nämlech de Papp vun deem Nephi, deen d’Verantwortung fir d’Opzeechnunge gedroen huet, ass net an d’Land Zarahemla zeréck gekéiert a konnt am Land néierens fonnt ginn.
10 An et huet sech erginn: D’Vollek ass nach ëmmer a Béist bliwwen, obwuel datt him esou vill gepriedegt a prophezeit gouf; an esou ass dat zéngte Joer och vergaangen; an och dat eeleft Joer ass an Ongerechtegkeet vergaangen.
11 An et huet sech erginn: Am dräizéngte Joer hunn iwwerall am ganze Land Kricher a Streidereien ugefaangen; well d’Gadiantonraiber waren esou vill ginn an hunn der esou vill vum Vollek ëmbruecht an hunn esou vill Stied verwüst an iwwerall am Land esou vill Dout a Bluttvergéissen ugeriicht, datt et besser ginn ass, datt all Vollek, d’Nephitë genausou ewéi d’Lamaniten, d’Waffe géint si ergraff hunn.
12 Dofir hunn sech all Lamaniten, déi sech zum Här bekéiert haten, mat hire Bridder, den Nephiten, vereenegt, a si waren ëm d’Sécherheet vun hirem Liewen a vun hire Fraen a Kanner wëlle gezwongen, d’Waffe géint dës Gadiantonraiber opzehuelen, jo, an och fir hir Rechter an d’Rechter vun hirer Kierch a fir hir Gottes-Veréierung souwéi fir hir bannescht a baussecht Fräiheet oprechtzëerhalen.
13 An et huet sech erginn, datt bevir dëst dräizéngt Joer vergaange war, d’Nephiten mat der kompletter Zerstéierung bedreet goufe, wéinst dësem Krich, deen aussergewéinlech schwéier gi war.
14 An et huet sech erginn: Déijéineg Lamaniten, déi sech mat den Nephitë vereenegt haten, goufen den Nephiten dobäi gezielt,
15 an hire Fluch gouf vun hinne geholl, an hir Haut ass wäiss ginn ewéi déi vun den Nephiten;
16 an hir jonk Männer an hir Duechteren si ganz schéi ginn, a si goufen den Nephiten dobäi gezielt a sinn Nephitë genannt ginn. An esou ass dat dräizéngt Joer op en Enn gaangen.
17 An et huet sech um Ufank vum véierzéngte Joer erginn: De Krich tëschent de Raiber an dem Vollek Nephi ass weider gaangen an ass immens hefteg ginn; mee d’Vollek Nephi huet e bësse Virdeeler iwwert d’Raiber kritt, esou vill, datt si si aus hirem Land an d’Bierger an an hir Verstoppen zeréck gejot hunn.
18 An esou ass dat véierzéngt Joer op en Enn gaangen. An am fofzéngte Joer koumen si géint d’Vollek Nephi ervir; a wéinst der Béist vum Vollek Nephi a senge ville Streidereien a Spaltungen hunn d’Gadiantonraiber vill Virdeeler iwwert si kritt.
19 An esou ass dat fofzéngt Joer op en Enn gaangen, an esou huet sech d’Vollek an engem Zoustand vu vill Bedrängnisser befonnt; an d’Schwäert vun der Vernichtung houng iwwert hinnen, sou datt si dorunner waren, vun em niddergeschloen ze ginn, an dëst wéinst hiren Ongerechtegkeeten.