Scriptures
3 Nephi 3


3. Kapitel

De Giddianhi, de Gadianton Leader, fuerdert, datt de Lachoneus an d’Nephiten kapituléieren an sech selwer an hir Lännereien opginn—Lachoneus ernennt de Gidgiddoni als Chef-Kapitän vun den Arméien—D’Nephiten versammelen sech zu Zarahemla an am Land Iwwerfloss fir sech ze verdeedegen. Ongeféier 16–18 n. Chr.

1 Et huet sech awer erginn: Am siechzéngte Joer zënter dem Komme vum Christus huet de Lachoneus, de Gouverneur vum Land, eng Epistel vum Führer a Chef vun dëser Raiberband kritt; an dëst waren d’Wierder, déi geschriwwe goufen, nämlech:

2 Lachoneus, héchst nobelen an ieweschte Gouverneur vum Land, kuck, ech schreiwen dir dës Epistel an erweisen dir ee ganz grousst Luef wéinst denger Festegkeet an och der Festegkeet vun dengem Vollek, wou dir dat, wat dir als äert Recht an är Fräiheet ugesitt, oprechterhaalt; jo, dir stitt ganz gutt do, wéi wann dir an der Verdeedegung vun ärer Fräiheet an ärem Eegentum an ärem Land oder deem, wat dir esou nennt, duerch d’Hand vun engem Gott ënnerstëtzt géift.

3 An et erschéngt mir schued, héchst nobele Lachoneus, datt s du esou topeg an iwwerhieflech solls sinn ze mengen, datt s du esou ville couragéise Männer, déi ënnert mengem Kommando stinn, Widderstand leeschte kanns; si stinn zu dëser Zäit ënner Waffen a waarde mat grousser Ongedold op dat Wuert: Gitt erof zu den Nephiten a vernicht si.

4 An ech, well ech hiren onbezwéngbare Geescht kennen, si um Schluechtfeld gepréift hunn, a well ech hiren éiwegen Haass géint iech kennen, wéinst de villen Ongerechtegkeeten, déi dir hinnen ugedoen hutt, dofir géifen si iech mat kompletter Zerstéierung besichen, wann si géint iech géife kommen.

5 Dofir hunn ech dës Epistel geschriwwen, mat menger eegener Hand versigelt, aus Gefill fir äert Wuelbefannen, wéinst ärer Festegkeet, an där dir un dat Richtegt gleeft, an ärem edele Geescht um Schluechtfeld.

6 Dofir schreiwen ech dir a wënschen, datt dir dësem mengem Vollek är Stied, är Lännereien an är Proprietéiten ausliwwert, well soss wäerten si iech mam Schwäert heemsichen an et wäert Zerstéierung iwwert iech kommen.

7 Oder mat anere Wierder, liwwert iech eis aus, a vereenegt iech mat eis a maacht iech mat eise geheime Wierker vertraut, a gitt eis Bridder, fir datt dir eis gläich wiert—net eis Sklaven, mee eis Bridder a Partner vun eisem ganze Verméigen.

8 A kuckt, wann dir dëst maacht, schwieren ech iech mat engem Eed, datt dir net vernicht sollt ginn; wann dir dat awer net maache wëllt, esou schwieren ech iech mat engem Eed, datt ech mengen Arméien den nächste Mount kommandéiere wäert, géint iech erofzezéien, a si wäerten hir Hand net zeréckhalen an iech net verschounen, mee ëmbréngen, a wäerten d’Schwäert op iech fale loossen, bis dir ausgeläscht sidd.

9 A kuck, ech sinn de Giddianhi; an ech sinn de Gouverneur vun dëser geheime Gadiantongesellschaft; a vun dëser Gesellschaft an hire Wierker weess ech, datt se gutt sinn; a se stamen aus anticker Zäit a se sinn un eis iwwerliwwert ginn.

10 An ech schreiwen dir, Lachoneus, dësen Epistel an hoffen, datt dir är Lännereien an är Proprietéiten ouni Bluttvergéissen ausliwwert, fir datt dëst mengem Vollek seng Rechter a seng Regierungsgewalt zeréckgëtt, well si hunn sech vun iech getrennt, well dir béis waart an hinnen hir Regierungsrechter virenthalen hutt; a wann dir dëst net maacht, sou wäert ech dat Onrecht, wat dir hinne gemaach hutt, rächen. Ech sinn de Giddianhi.

11 An elo huet et sech erginn: Wéi de Lachoneus dës Epistel kritt huet, war hien iwwer d’Moossen erstaunt, well de Giddianhi déi Frechheet besiess huet, de Besëtz vum Land vun den Nephiten ze fuerderen an och dem Vollek ze dreeën an d’Onrecht vun deene rächen ze wëllen, déi guer keen Onrecht gelidden haten, ausser datt si et sech selwer ugedoen haten, andeems si sech zu dëse béisen an abscheileche Raiber ofgspalt haten.

12 Mee kuckt, dëse Lachoneus, de Gouverneur, war ee gerechte Mann an huet sech duerch d’Fuerderungen an Dreeunge vun engem Raiber net schrecke gelooss; dofir huet hien den Epistel vum Giddianhi, dem Gouverneur vun de Raiber, net beuecht, mee huet säi Vollek zum Här jäize gelooss, fir Stäerkt fir déi Zäit, wou d’Raiber géint si erofzéie géifen.

13 Jo, hien huet un all Vollek een Opruff geschéckt, si sollten hir Fraen a Kanner, hir Schof a Kéi an all hire Besëtz, ausser hiert Land, un engem Uert sammelen.

14 An hien huet ronderëm Befestegunge baue gelooss, an deenen hir Stäerkt sollt ganz grouss sinn. An hien huet gemaach, datt d’Arméie souwuel vun den Nephitë wéi och vun de Lamaniten oder vun all deenen, déi den Nephiten dobäigezielt goufen, als Waache ronderëm opgestallt sollte ginn, fir d’Raiber ze beobachten a si Dag an Nuecht virun hinnen ze schützen.

15 Jo, hie sot zu hinnen: Sou wouer den Här lieft, ausser dir kéiert vun all ären Ongerechtegkeeten ëm a jäizt zum Här, aneschters dir wäert op kee Fall aus den Hänn vun dëse Gadianton-Raiber befreit ginn.

16 An esou grouss a wonnerbar waren d’Wierder a Prophezeiunge vum Lachoneus, datt se Angscht iwwer dat ganzt Vollek komme gelooss hunn; a si hunn sech mat aller Kraaft ugestrengt, nom Lachoneus senge Wierder ze handelen.

17 An et huet sech erginn: De Lachoneus huet iewescht Haapt-Kapitänen iwwert all Arméie vun den Nephitë bestëmmt, déi se da kommandéiere sollten, wann d’Raiber aus der Wüüst géint si erofkomme géifen.

18 Elo gouf den Ieweschten ënnert all den Haapt-Kapitänen an de grousse Kommandant vun all den Arméie vun den Nephiten ernannt, a säin Numm war Gidgiddoni.

19 Et war de Brauch ënnert all den Nephiten, fir hir Haapt Kapitänen (ausser an hiren Zäite vu Béist) een ze ernennen, deen de Geescht vun der Offenbarung an och Prophezeiung hat; dofir war dëse Gidgiddoni e grousse Prophet ënnert hinnen, sou wéi och den Ieweschte Riichter.

20 D’Vollek awer huet zum Gidgiddoni gesprach: Biet zum Här, a looss eis op d’Bierger an an d’Wüüst goen, fir datt mir d’Raiber iwwerfalen a si an hirem eegene Land vernichten.

21 Mee de Gidgiddoni huet zu hinne gesprach: Den Här verbitt et; well wa mir géint si eropzéien, sou géif den Här eis an hir Hänn liwweren; dofir wäerte mir eis an der Mëtt vun eise Länner bereet maachen an all eis Arméie sammelen, a mir wäerten net géint si zéien, mee mir wäerte waarden, bis si géint eis zéien; dofir, sou wouer den Här lieft, wa mir dëst maachen, wäert hien si an eis Hänn liwweren.

22 An et huet sech erginn: Am siwwenzéngte Joer, géint der Enn vum Joer, war den Opruff vum Lachoneus iwwerall am ganze Land verbreet ginn, a si haten hir Päerd an hir Ween an hir Hausdéieren an all hir Schof an hir Kéi an hir Getreider an all hire Besëtz geholl, a si sinn zu Dausenden an Zéngdausende marschéiert, bis si alleguerten un deen Uert komm waren, dee bestëmmt gi war, datt si sech do sammele sollten, fir sech géint hir Feinden ze verdeedegen.

23 An dat Land, wat bestëmmt war, war d’Land Zarahemla an dat Land, dat tëschent dem Land Zarahemla an dem Land Iwwerfloss war, jo, bis zur Linn, déi tëschent dem Land Iwwerfloss an dem Land Verwüüstung verlaf ass.

24 An et si vill dausend Leit ginn, déi Nephitë genannt goufen, déi sech an dësem Land gesammelt hunn. Mee de Lachoneus huet maache gedoen, datt si sech am Land am Süde gesammelt hunn, an zwar wéinst dem grousse Fluch, deen op dem Land am Norde louch.

25 A si hunn sech géint hir Feinde verschanzt; a si hunn nëmmen an engem Land gewunnt a si hunn enk beienee gewunnt, a si hunn d’Wierder gefaart, déi de Lachoneus gesot hat, esou vill, datt si vun all hire Sënden ëmgekéiert sinn; a si hunn hir Gebieder virun den Här, hire Gott, bruecht, fir datt hien si da befreie sollt, wann hir Feinde géint si zum Kampf zéie géifen.

26 A si ware wéinst hire Feinde ganz vill besuergt. An de Gidgiddoni huet si Krichswaffe vun all Zort maache gelooss, an si sollten sech staark maache mat Rüstungen, mat Schëlder a mat ronne Schëlder, no senger Instruktioun.