7. Kapitel
Den Ieweschte Riichter gëtt ermuert, d’Regierung gëtt zerstéiert, an d’Vollek deelt sech a Stämm op—De Jakob, een Antichrëscht, gëtt Kinnek vun enger geheimer Verbindung—Den Nephi priedegt Ëmkéiert a Glawen u Christus—Engelen déngen him all Dag, an hien erwächt säi Brudder vun den Doudegen—Vill kéieren ëm a gi gedeeft. Ongeféier 30–33 n. Chr.
1 Mee kuckt, ech wëll iech weisen, datt si kee Kinnek iwwert d’Land gesat hunn; mee an dësem selwechte Joer, jo, dem drëssegte Joer, hunn si ëmbruecht, jo, hunn si den Ieweschte Riichter vum Land um Riichterstull ermort.
2 An d’Vollek huet sech entzweet, ee géint den aneren; a si hunn sech a Stämm gedeelt, jiddwereen no senger Famill a senge Relatiounen a senge Frënn; an esou hunn si d’Regierung vum Land zerschloen.
3 A jiddwer Stamm huet fir sech een Häuptling a Führer bestëmmt; an esou sinn si Stämm a Führer vu Stämm ginn.
4 Mee kuckt, et gouf kee Mann ënnert hinnen, deen net vill Relatiounen a Frënn hat; dowéinst goufen hir Stämm ganz grouss.
5 All dëst awer ass geschitt, an et goufen nach keng Kricher ënnert hinnen; an all dës Ongerechtegkeet war iwwert d’Vollek komm, well si sech der Muecht vum Satan ausgeliwwert hunn.
6 An d’Unuerdnunge vun der Regierung sinn zerstéiert ginn—wéinst der geheime Verbindung vun de Frënn a Famille vun deenen, déi d’Propheten ermort haten.
7 A si hunn ee grousse Sträit am Land verursaacht, sou datt bal de ganze gerechten Deel vum Vollek béis gouf; jo, et goufen ënnert hinnen nëmmen nach wéineg gerecht Männer.
8 An esou waren nach keng sechs Jore vergaangen, zënter dee méi groussen Deel vum Vollek sech der Gerechtegkeet ofgewannt hat wéi een Hond zu deem, wat en erausgespaut huet, oder eng Sau zum Exkrement, wouranner et sech gewullt huet.
9 Dës geheim Verbindung awer, déi esou vill Ongerechtegkeeten iwwert d’Vollek bruecht hat, huet sech versammelt an ee Mann, deen si Jakob genannt hunn, un hir Spëtzt gesat;
10 a si hunn hien hire Kinnek genannt; dofir gouf hie Kinnek iwwer dës béis Band; an hie war ee vun deenen, déi hir Stëmm am schlëmmste géint d’Propheten, déi vum Jesus temoignéiert hunn, erhuewen haten.
11 An et huet sech erginn: Si waren net esou staark un Zuel wéi d’Stämm vum Vollek, déi sech vereenegt haten, ausser datt hir Führer hir eege Gesetzer opgeriicht hunn, jiddwereen no sengem Stamm; mee waren si Feinden; an obwuel si kee gerecht Vollek waren, waren si awer am Haass géint déijéineg verbonnen, déi eng Allianz agaange waren, d’Regierung ze vernichten.
12 Wéi elo de Jakob gesinn huet, datt hir Feinde méi waren ewéi si selwer, huet hien, deen de Kinnek vun dëser Band war, sengem Vollek kommandéiert, an den nërdlechsten Deel vum Land ze flüchten an sech do ee Kinnekräich ze erriichten, bis sech hinne Rebellen ugeschloss hätten (well hien huet hinne geschmeechelt, et wäerten der vill Rebelle ginn) an si esou staark gi wieren, datt si mat de Stämm vum Vollek streide kéinten; a si hunn dat gemaach.
13 An hire Marsch war esou schnell, datt en net verhënnert konnt ginn, bis si sech dem Zougrëff vum Vollek entzunn haten. An esou ass dat drëssegt Joer op en Enn gaangen; an esou stoung et ëm d’Vollek Nephi.
14 An et huet sech erginn: Am eenandrëssegte Joer waren si a Stämm agedeelt, jiddwer Mann no senger Famill, senger Relatioun a senge Frënn; mee waren si zu deem Accord komm, datt si net matenee Krich féiere géifen; mee hisiichtlech hirer Gesetzer an hirer Aart vu Regierung waren si sech net eeneg, well dëst war no den Usiichte vun deene festgeluecht ginn, déi hir Häuptlingen a Führer waren. Mee si hu ganz streng Gesetzer festgesat, nämlech datt sech kee Stamm géint den anere vergoen dierft, sou datt si eenegermoosse Fridden am Land haten; mee haten si d’Häerz dem Här, hirem Gott, ofgewannt, a si hunn d’Prophete gestengegt an si ausgestouss.
15 An et huet sech erginn, datt den Nephi—nodeems hie vun Engelen a vun der Stëmm vum Här besicht gi war, sou datt hien Engele gesinn hat, an Aezeie war, an datt him Muecht gi war, fir vum Ministère vum Christus ze wëssen, an och Aenzeie vun hirer schneller Ofkéiert vun der Gerechtegkeet zu hirer Béist an hiren Abscheilechkeete war;
16 Dofir, well si d’Häert vun hirem Häerz an d’Blannheet vun hirem Geescht bedauert hunn, sinn si am selwechte Joer ënnert si erausgaangen a si hunn ugefaangen, fräiwëlleg vun der Ëmkéiert an der Verzeiung vun de Sënden duerch de Glawen un den Här Jesus Christus ze bezeien.
17 An hien huet hinnen op vill Manéiere gedéngt; an net alles dovunner kann niddergeschriwwe ginn, an een Deel dovunner géif net duer goen, dofir ass et an dësem Buch net niddergeschriwwen. An den Nephi huet mat Muecht a grousser Autoritéit gedéngt.
18 An et huet sech erginn: Si waren op hie rosen, nämlech well hien eng méi grouss Muecht hat ewéi si, well et war hinnen net méiglech, senge Wierder net ze gleewen; an esou grouss war säi Glawen un den Här Jesus Christus, datt him all Dag Engele gedéngt hunn.
19 An am Numm vum Jesus huet hien Däiwelen an onreng Geeschter ausgedriwwen; a säi Brudder huet hie souguer vum Doud erwächt, nodeems dëse gestengegt gi war an duerch d’Vollek den Doud gelidden hat.
20 An d’Vollek huet et gesinn an huet et temoignéiert, an et war wéinst senger Muecht rosen op hien; an hien huet am Numm vum Jesus vill weider Wonner virun den Ae vum Vollek vollbruecht.
21 An et huet sech erginn: Dat eenandrëssegt Joer ass vergaangen, an et sinn der nëmmen e puer ginn, déi sech zum Här bekéiert hunn; alleguerten awer, déi sech bekéiert hunn, hunn dem Vollek ze verstoe ginn, datt si wierklech vun der Muecht an dem Geescht Gottes erfaasst gi waren, wouvunner de Jesus Christus, un deen si gegleeft hunn, erfëllt war.
22 An alleguerten, deenen Däiwelen ausgedriwwe goufen an déi vun hire Krankheeten an hire Gebrieche geheelt goufen, hunn dem Vollek wierklech manifestéiert, datt de Geescht Gottes wierklech op si agewierkt hat an datt si geheelt gi waren; si hunn och Zeeche gewisen an hunn e puer Wonner ënnert dem Vollek vollbruecht.
23 Esou ass och dat zweeandrëssegt Joer vergaangen. An den Nephi huet um Ufank vum dräiandrëssegte Joer d’Vollek zesummegeruff an hinnen Ëmkéiert an d’Verzeiung vun de Sënde gepriedegt.
24 Elo awer hätt ech gären, datt dir och dorunner denkt, datt keen zur Ëmkéiert bruecht gouf, deen sech net mat Waasser deefe gelooss huet.
25 Dofir si vum Nephi Männer zu dësem geeschtlechen Déngscht veruerdent ginn, fir datt alleguerten, déi bei si kéimen, mat Waasser gedeeft géifen, an dëst als Zeechen an Temoignage viru Gott a fir d’Vollek, datt si ëmgekéiert waren a Verzeiung fir hir Sënden empfaangen haten.
26 An um Ufank vun dësem Joer sinn et der vill ginn, déi sech zur Ëmkéiert deefe gelooss hunn; an esou ass de gréissten Deel vun dësem Joer vergaangen.