Scriptures
3 Nephi 14


14. Kapitel

De Jesus befielt: Uerteelt net; frot Gott; passt op falsch Propheten op—Hie versprécht Erléisung deenen, déi de Wëlle vum Papp maachen—Vergläicht Matthäus 7. Ongeféier 34 n. Chr.

1 An elo huet et sech erginn: Wéi de Jesus dës Wierder gesprach hat, huet hien sech erëm un d’Leit gewannt an huet de Mond zu hinnen op gemaach, nämlech: Wierklech, wierklech, ech soen iech: Jugéiert net, fir dat dir net jugéiert gitt.

2 Well mam Riichtersproch, mat deem dir jugéiert, wäert dir jugéiert ginn; a mat deem Mooss, mat deem dir moosst, wäert iech zougemooss ginn.

3 A wisou gesäis du déi Spläiter, déi am A vun dengem Brudder ass, kriss awer net déi Putter mat, déi an dengem eegenen A ass?

4 Oder wéi kanns du zu dengem Brudder soen: Looss mech dir d’Spläiter aus dem A zéien—a kuck, du hues selwer am A eng Putter?

5 Du Hypokrit, zéi dir fir d’éischt selwer d’Putter aus dem A, an da wäerts du kloer gesinn, sou dat s du dengem Brudder de Spläiter aus dem A zéie kanns.

6 Gitt dat, wat helleg ass, net den Hënn, a geheit är Pärelen net virun d’Sai, fir dat si se net mat de Féiss zertrëppelen an sech ëmdréinen an iech zerräissen.

7 Frot, sou gëtt iech ginn; sicht, sou wäert dir fannen; klappt un, sou gëtt iech opgemaach.

8 Well wie freet, dee kritt; a wien sicht, dee fënnt; a wien uklappt, deem gëtt opgemaach.

9 Wie vun iech Mënsche géif dann, wa säi Jong hien ëm Brout freet, him ee Stee ginn?

10 Oder wann hien en ëm ee Fësch biet, géif hien him eng Schlaang ginn?

11 Wa schonn dir, déi dir jo béis sidd, awer äre Kanner gutt Saachen ze gi wësst, wéi vill méi wäert dann de Papp am Himmel deene Guddes ginn, déi hie froen?

12 Alles elo, wat dir wëllt, dat iech d’Mënsche maache sollen, dat maacht hinnen och. Well dat ass d’Gesetz an d’Propheten.

13 Gitt an duerch déi enk Paart; well wäit ass d’Paart a breet de Wee, deen zur Vernichtung féiert, a vill sinn et der, déi do eragoen;

14 mee enk ass d’Paart a schmuel de Wee, deen zum Liewe féiert, an nëmmen e puer sinn et, déi e fannen.

15 Gitt Uecht viru falsche Propheten, déi a Schofskleeder bei iech kommen, bannendran awer geféierlech Wëllef sinn.

16 Un hire Friichte sollt dir se erkennen. Kann een dann Drauwe vun de Picke plécken oder Fige vun den Dëschtelen?

17 Sou bréngt jiddwer gudde Bam gutt Friichten; mee ee verduerwene Bam bréngt béis Friichten.

18 Ee gudde Bam kann net béis Friichte bréngen, an ee verduerwene Bam kann net gutt Friichte bréngen.

19 Jiddwer Bam, deen net gutt Friichte bréngt, gëtt of gehaen an an d’Feier geworf.

20 Dofir: Un hire Friichte wäert dir si erkennen.

21 Net jiddwereen, deen zu mir sprécht: Här, Här, wäert an d’Himmelräich kommen, mee nëmmen deen, deen de Wëlle vu mengem Papp am Himmel mécht.

22 Un deem Dag wäerten der vill zu mir soen: Här, Här, hu mir net an dengem Numm prophezeit? Hu mir net an dengem Numm Däiwelen ausgedriwwen? Hu mir net an dengem Numm vill wonnerbar Wierker gemaach?

23 An da wäert ech hinne bekennen: Ech hunn iech ni kannt; gitt fort vu mir, jo, dir, déi Ongerechtegkeet maacht.

24 Dofir: Wien dës meng Wierder héiert an se mécht, dee wëll ech mat engem weise Mann vergläichen, deen säin Haus op ee Fiels gebaut huet—

25 Wéi elo de Reen gefall ass an d’Iwwerschwemmunge koumen an ee staarke Wand geblosen an un d’Haus gestouss huet, ass et awer net agestierzt, well et war op engem Fiels gegrënnt.

26 A jiddwereen, deen dës Wierder héiert an se net mécht, dee gläicht engem topege Mann, dee säin Haus op Sand gebaut huet—

27 Wéi elo de Reen gefall ass an d’Iwwerschwemmunge koumen an ee staarke Wand geblosen an un d’Haus gestouss huet, do ass et agestierzt a säin Astierz war gewalteg.