Scriptures
3 Nephi 8


8. Kapitel

Stierm, Äerdbiewen, Feier, Tornadoen a kierperlech Opstänn bestätegen d’Kräizegung vum Christus—Vill Leit ginn zerstéiert—Däischtert bedeckt d’Land fir dräi Deeg—Déi, déi bliwwe sinn, bedaueren hiert Schicksal. Ongeféier 33–34 n. Chr.

1 Elo awer huet et sech erginn: No eisem Bericht—a mir wëssen, datt eise Bericht wouer ass; well kuckt, deen de Bericht gefouert huet, war ee gerechte Mann; well hien huet wierklech vill Wonner am Numm vum Jesus vollbruecht; an et gouf keen, dee Wonner am Numm vum Christus vollbrénge konnt, ausser hie war vu sengen Ongerechtegkeete ganz gewäsch—

2 an elo huet et sech erginn: Wa vun dësem Mann an der Berechnung vun eiser Zäit kee Feeler gemaach gi war, sou waren dunn dräiandrëssegt Jore vergaangen;

3 an d’Vollek huet ugefaangen, mat groussem Eescht no deem Zeechen auszekucken, dat vum Prophet Samuel, dem Lamanit, gi gi war, jo, no där Zäit, wou et am Land dräi Deeg laang Däischtert géif ginn.

4 An am Vollek hu grouss Zweiwelen a Meenungsverschiddenheeten ugefaangen, obschonns, datt esou vill Zeeche gi gi waren.

5 An et huet sech erginn: Am véierandrëssegte Joer, am éischte Mount, um véierten Dag vum Mount, huet sech ee grousse Stuerm erhuewen, wéi een en am ganze Land nach ni erlieft hat.

6 An et ass och ee grousst a schrecklecht Onwieder ginn, an et gouf schrecklechen Donner, sou schlëmm, dat en déi ganz Äerd biewe gelooss huet, wéi wann se dorunner zerbrieche géif.

7 An et goufe ganz schaarf Blëtzer, wéi een se am ganze Land nach ni erlieft hat.

8 An d’Stad Zarahemla huet Feier gefaangen.

9 An d’Stad Moroni ass an den Déifte vum Mier ënner gaangen, an hir Awunner sinn erdronk.

10 An d’Äerd huet sech iwwert der Stad Moronihah op gedunn, sou datt un där Plaz ee grousse Bierg entstanen ass.

11 An et gouf am Land am Süden eng grouss a schrecklech Zerstéierung.

12 Mee kuckt, et war eng nach méi grouss a schrecklech Zerstéierung am Land am Norden; well kuckt, déi ganz Fläch vum Land huet sech wéinst dem Onwieder an den Tornadoen an dem Donner an de Blëtzer an dem ganz grousse Biewe vun der ganzer Äerd verännert;

13 an d’Landstroosse sinn opgerass, an d’Weeër goufen zerstéiert, a vill flaach Géigende sinn opgespléckt.

14 A vill grouss a schéi Stied sinn ënner gaangen, a vill si verbrannt, a vill hu gebieft, bis hier Gebaier agestierzt sinn, an d’Awunner goufen ëmbruecht, an d’Géigende verlooss.

15 An et goufen e puer Stied, déi iwwreg bliwwe sinn; mee de Schued doranner war ganz grouss, an et sinn der do vill ginn, déi ëmkomm sinn.

16 An et sinn der e puer ginn, déi vum Tornado mat gerass gi sinn; a wouhinner si komm sinn, weess kee Mënsch, ausser datt e weess, datt si mat gerass goufen.

17 An esou gouf de ganzen Äerdbuedem wéinst dem Onwieder an de Blëtzer an dem Biewe vum Buedem futti gemaach.

18 A kuckt, d’Fielse sinn an zwee gebrach; si sinn op der ganzen Äerd ausenee gebrach, sou schlëmm, datt een d’Brochstécker fonnt huet a Schréipsen a Rëss, iwwerall am Land.

19 An et huet sech erginn, datt wéi den Donner, an d’Blëtzer, an de Stuerm, an d’Onwierder, an d’Biewe vun der Äerd opgehalen hunn—well kuckt, et huet ongeféier dräi Stonne gedauert; an et gouf vun e puer gesot, datt d’Zäit méi laang wier; trotzdeem sinn all dës grouss a schrecklech Saache bannent ongeféier dräi Stonne geschitt—an da kuckt, et war Däischtert iwwert der Uewerfläch vum Land.

20 An et huet sech erginn: Déck Däischtert louch iwwert dem ganze Land, esou déck, datt d’Bewunner, déi net gefall waren, de Strudel vun der Däischtert spiere konnten;

21 A wéinst der Däischtert konnt et keng Luucht ginn, weder Käerzen nach Fackelen; och mat hirem wäertvollen a ganz dréchenen Holz konnt kee Feier gemaach ginn, esou dat et iwwerhaapt keng Luucht konnt ginn;

22 an et war keng Luucht ze gesinn, och kee Feier a kee Glimmen, weder d’Sonn nach de Mound, nach d’Stären; well esou grouss war den Niwwel vun der Däischtert, deen iwwert dem Land louch.

23 An et huet sech erginn: Dräi Deeg laang huet et gedauert, datt keng Luucht ze gesi war; an et goufen ënnert dem ganze Vollek bestänneg grousst Traueren a Gejäiz a Gejéimers; jo, grouss war d’Kräische vum Vollek wéinst der Däischtert an der groussen Zerstéierung, déi eragebrach war.

24 An un enger Plaz huet een héieren, wéi si gejéimert hunn, nämlech: O datt mir virun dësem groussen a schrecklechen Dag Ëmkéiert geüübt hätten, da wären ons Bridder verschount ginn a wären net an dëser grousse Stad Zarahemla verbrannt.

25 An un enger anerer Plaz huet een si héiere jéimeren a kloen, nämlech: O datt mir virun dësem groussen a schrecklechen Dag Ëmkéiert geüübt hätten an net d’Propheten ëmbruecht a gestengegt an ausgestouss hätten; da wären ons Mammen an ons schéin Duechteren an ons Kanner verschount ginn an net an dëser grousse Stad Moronihah begruewe ginn. An esou war d’Gejéimers vum Vollek grouss a schrecklech.