12. Kapitel
De Jesus rifft déi zwielef Jünger a gëtt hinnen eng Beruffung—Hien hält den Nephiten eng Ried änlech wéi d’Biergpriedegt—Hie schwätzt d’Beatituden—Seng Léieren iwwerschreiden d’Gesetz vum Moses a kréie Virrang driwwer—De Mënsche gëtt gebueden, perfekt ze sinn, sou wéi Hien a Säi Papp perfekt sinn—Vergläicht Matthäus 5. Ongeféier 34 n. Chr.
1 An et huet sech erginn: Wéi de Jesus dës Wierder zum Nephi an zu deenen, déi beruff gi waren, gesprach hat (awer d’Zuel vun deenen, déi beruff gi waren a Muecht an Autoritéit zur Daf empfaangen haten, war zwielef), a kuckt, do huet hien d’Hand zu de ville Mënschen ausgestreckt an hinnen zougeruff, nämlech: Geséint sidd dir, wann dir d’Wierder vun dësen Zwielef beuecht, déi ech aus iech gewielt hunn, iech ze déngen an är Kniecht ze sinn; an hinnen hunn ech Muecht ginn, datt si iech mat Waasser deefe kënnen; an nodeems dir mat Waasser gedeeft sidd, kuckt, da wäert ech iech mat Feier a mat dem Hellege Geescht deefen; dofir sidd dir geséint, wann dir u mech gleeft an iech deefe loosst, nodeems dir mech gesinn hutt a wësst, datt ech sinn.
2 A weider, méi geséint sinn déi, déi un är Wierder gleewen, well dir temoignéiere wäert, datt dir mech gesinn hutt an datt dir wësst, datt ech sinn. Jo, geséint sinn déi, déi un är Wierder gleewen an an d’Déifte vun der Humilitéit erofklammen a sech deefe loossen, well Feier an den Hellege Geescht wäert iwwert si kommen, a si wäerte Verzeiung empfänke fir hir Sënden.
3 Jo, geséint sinn déi am Geescht Aarmer, déi bei mech kommen, well hinne gehéiert d’Himmelräich.
4 A weider, geséint sinn alleguerten, déi do traueren, well si wäerte getréischt ginn.
5 A geséint sinn déi Duuss, well si wäerten d’Äerd ierwen.
6 A geséint sinn alleguerten, déi hongeren an duuschtereg sinn no Gerechtegkeet, well si wäerten—vum Hellege Geescht erfëllt—sat ginn.
7 A geséint sinn déi Baarmhäerzeg, well si wäerte Baarmhäerzegkeet kréien.
8 A geséint sinn alleguerten, déi am Häerz reng sinn, well si wäerte Gott gesinn.
9 A geséint sinn all Friddensstëfter, well si wäerte Kanner Gottes heeschen.
10 A geséint sinn alleguerten, déi wéinst mengem Numm verfollegt ginn, well hinne gehéiert d’Himmelräich.
11 A geséint sidd dir, wann iech d’Mënsche veruechten, a wéinst menger verfollegen, a fälschlech géint iech vill Béises schwätzen;
12 well dir wäert vill Freed hunn a ganz frou sinn, well grouss wäert äre Loun am Himmel sinn; well genausou hunn si d’Prophete verfollegt, déi virun iech gewiescht sinn.
13 Wierklech, wierklech, ech soen iech: Ech ginn et iech, d’Salz vun der Äerd ze sinn; wann awer d’Salz d’Würzkraaft verléiert, woumat soll dann d’Äerd gesalzt ginn? D’Salz ass dann zu näischt aneschtes méi ze gebrauchen, wéi erausgeworf a vun de Mënschen zertrëppelt ze ginn.
14 Wierklech, wierklech, ech soen iech: Ech ginn et iech, d’Liicht vun dësem Vollek ze sinn. Et kann déi Stad, déi op engem Bierg läit, net verstoppt bleiwen.
15 Kuckt, mécht een eng Käerz un a stellt se ënnert een Eemer? Nee, mee op ee Käerzestänner, da gëtt se jiddwerengem Luucht, deen am Haus ass.
16 Dofir loosst är Luucht virun dësem Vollek esou liichten, datt si är gutt Wierker kucke kënnen an äre Papp am Himmel luewen.
17 Dir sollt net denken, datt ech komm sinn, fir d’Gesetz oder d’Propheten ze zerschloen. Ech sinn net komm, fir ze zerschloen, mee ze erfëllen.
18 Well wierklech, ech soen iech: Vum Gesetz ass net ee Jota an net ee klenge Punkt vergaangen, mee alles ass a mir erfëllt.
19 A kuckt, ech hunn iech d’Gesetz an d’Geboter vu mengem Papp ginn, fir datt dir u mech gleeft a vun äre Sënden ëmkéiert a mat gebrachenem Häerz a bereiendem Geescht bei mech kommt. Kuckt, dir hutt d’Geboter virun iech, an d’Gesetz ass erfëllt.
20 Dofir kommt bei mech a loosst iech retten; well wierklech, ech soen iech: Wann dir meng Geboter net haalt, déi ech iech zu dëser Zäit ginn hunn, wäert dir op kee Fall an d’Himmelräich agoen.
21 Dir hutt héieren, datt vun deenen an aler Zäit gesot ginn ass, an esou steet et och virun iech geschriwwen: Du solls net ëmbréngen; a wien ëmbréngt, deem drot d’Strofgeriicht Gottes.
22 Mee ech soen iech: Wien op säi Brudder rosen ass, muss viru Geriicht geroden. A jiddereen, deen zu sengem Brudder seet, Raca, deem drot de Conseil; a jiddereen, dee seet, Du Topert, deem drot d’Feier vun der Hell.
23 Dofir, wann s du bei mech kënns, oder wann s du wëlls bei mech kommen, an du dech drun erënners, datt däi Brudder eppes géint dech huet—
24 sou géi däi Wee zu dengem Brudder a verdro dech fir d’éischt mat dengem Brudder, an da komm mat ganzem Häerz bei mech, an ech wäert dech empfänken.
25 Verdro dech mat dengem Géigner schnell, wärend du nach mat him um Wee bass, fir datt hien dech net op eemol ergräift an du an de Prisong geworf gëss.
26 Wierklech, wierklech, ech soen dir: Du wäerts op keng Weis vun do éischter erauskommen, als bis du déi lescht Senine bezuelt hues. A wärend dir am Prisong sidd, kënnt dir och nëmmen eng Senine bezuelen? Wierklech, wierklech, ech soen dir: Nee.
27 Kuckt, vun deenen an aler Zäit ass geschriwwe ginn: Du solls net Adultère begoen.
28 Ech awer soen iech: wien eng Fra ukuckt, datt et hien no hir glëscht, deen huet a sengem Häerze schonn Adultère begaangen.
29 Kuckt, ech ginn iech dat Gebot, näischt dovunner an äert Häerz andréngen ze loossen;
30 well et ass besser, datt dir iech dës Saache verleegent, an doranner äert Kräiz op iech huele wëllt, wéi datt dir an d’Häll gehäit gitt.
31 Et steet geschriwwen: Wien seng Fra entléisst, dee soll hir ee Scheedungsbréif ginn.
32 Wierklech, wierklech, ech soen iech: Wien seng Fra entléisst, ausser wéinst Unzuucht, dee bewierkt, datt si Adultère begeet; a wien eng Gescheete bestuet, dee begeet Adultère.
33 A weider steet geschriwwen: Du solls kee falschen Eed schwieren, mee solls dem Här däin Eed ausféieren;
34 mee wierklech, wierklech, ech soen iech: Schwiert iwwerhaapt net, weder beim Himmel, well en ass den Troun Gottes,
35 nach bei der Äerd, well se ass säi Fousshocker;
36 och solls du net bei dengem Kapp schwieren, well du kanns net een eenzegt Hoer schwaarz oder wäiss maachen;
37 mee loosst är Ried sinn: Jo jo, nee nee; well wat doriwwer eraus geet, ass béis.
38 A kuckt, et steet geschriwwen, A ëm A, Zant ëm Zant.
39 Ech awer soen iech, datt dir iech dem Béisen net widdersetze sollt; mee wann dech een op de rietse Bak schléit, sou hal him och den aneren hin.
40 A wann iergendeen dech viru Geriicht verkloen an däi Rack ewechhuele wëll, da looss him och däi Mantel kréien;
41 a wann dech een néidegt, eng Meil matzegoen, sou géi mat him der zwou.
42 Gëff deem, deen dech freet, an dréin dech net ëm vun deem, deen eppes vun dir verstoppe wëll.
43 A kuckt, et steet och geschriwwen: Du solls däin Nächste gären hunn an däi Feind haassen.
44 Mee kuckt, ech soen iech: Hutt är Feinde gären, séint déi, déi iech fluchen, a biet fir déi, déi iech mësshandelen a verfollegen,
45 fir datt dir Kanner vun ärem Papp am Himmel sidd; well hie léisst seng Sonn opgoen iwwer déi Béis an iwwer déi Gutt.
46 Dofir ass dat, wat vun aler Zäit ass, wat ënnert dem Gesetz gewiescht ass, a mir alles erfëllt.
47 Dat Aalt ass ewechgemaach, an alles ass nei ginn.
48 Dofir hätt ech gären, datt dir vollkomme wiert wéi ech oder wéi äre Papp am Himmel vollkommen ass.