Scriptures
3 Nephi 28


28. Kapitel

Néng vun den zwielef Jünger wënschen sech eng Ierfschaft am Räich vum Christus, an et gëtt hinne versprach, wann si stierwen—Déi dräi Nephite wënschen sech Muecht iwwert den Doud, an si kréien d’Muecht, fir op der Äerd ze bleiwen, bis de Jesus erëmkënnt—Si gi verwandelt an si gesi Saachen, déi et net erlaabt ass, se ze soen, an si déngen elo ënnert de Mënschen. Ongeféier 34–35 n. Chr.

1 An et huet sech erginn: Wéi de Jesus dës Wierder gesprach hat, huet hie mat senge Jünger geschwat, een nom aneren, an huet zu hinne gesprach: Wat wënscht dir vu mir, nodeems ech bei de Papp gaange wäert sinn?

2 A si alleguerten, ausser dräi, hu gesot, nämlech: Mir wënschen eis, wa mir ee Mënschenalter gelieft wäerten hunn, datt eise geeschtegen Déngscht, zu deem s du eis beruff hues, een Enn huet, fir datt mir schnell bei dech an däi Räich komme kënnen.

3 An hien huet zu hinne gesprach: Geséint sidd dir, well dir iech dëst vu mir gewënscht hutt; dofir wäert dir, wann dir zweeasiwwenzeg Joer al sidd, bei mech a mäi Räich kommen; a bei mir sollt dir Rou fannen.

4 A wéi hien zu hinne geschwat hat, huet hien sech zu den dräi gewannt an huet zu hinne gesprach: Wat wëllt dir, datt ech fir iech maache soll, wann ech bei de Papp gaange wäert sinn?

5 A si waren am Häerzen traureg, well si hunn sech net getraut, him dat ze soen, wat si sech wënschen.

6 An hien huet zu hinne gesprach: Kuckt, ech kennen är Gedanken, an dir wënscht iech dat, wat mäi léiwe Johannes, deen a mengem geeschtege Wierke bei mir war, bevir ech vun de Judden héich gehuewe gi sinn, vu mir gewënscht huet.

7 Dofir sidd dir nach méi geséint, well dir wäert ni den Doud schmaachen; mee dir wäert liewe fir alles ze gesinn, wat den Här de Mënschekanner mécht, jo, bis sech alles nom Wëlle vum Papp erfëllt wäert hunn, wann ech mat de Muechte vun den Himmelen a menger Herrlechkeet komme wäert.

8 An dir wäert ni den Doudeskampf leiden; mee wann ech a menger Herrlechkeet kommen, wäert dir an engem Ablack vun der Stierflechkeet zur Onstierflechkeet verwandelt ginn, an da sollt dir am Räich vu mengem Papp geséint sinn.

9 A weider: Dir wäert keng Péng hunn, soulaang dir am Fleesch bléift, och kee Kummer, ausser wéinst de Sënde vun der Welt; an dëst alles wëll ech maache wéinst deem, wat dir iech vu mir gewënscht hutt; well dir hutt iech gewënscht, Mënscheséilen bei mech ze bréngen, soulaang d’Welt steet.

10 An aus dësem Grond wäert dir eng Fëllt vu Freed hunn; an dir wäert iech am Räich vu mengem Papp hisetzen; jo, är Freet wäert voll sinn, wéi och de Papp mir eng Fëllt vu Freed ginn huet; an dir wäert si wéi ech sinn, an ech si wéi de Papp; an de Papp an ech sinn eent;

11 an den Hellege Geescht gëtt Temoignage vum Papp a vu mir; an de Papp gëtt de Mënschekanner den Hellege Geescht wéinst menger.

12 An et huet sech erginn: Wéi de Jesus dës Wierder geschwat hat, huet hie jidderee vun hinne mam Fanger beréiert, ausser déi dräi, déi bleiwe sollten, an dann ass hie vun hinne gaangen.

13 A kuckt, d’Himmele goufen opgemaach, a si goufen an den Himmel entgéintgeholl an hunn onbeschreiflech Saache gesinn an héieren.

14 An et gouf hinne verbueden ze schwätzen; et gouf hinnen och keng Muecht ginn, iwwer dat ze schwätzen, wat si gesinn an héieren hunn;

15 an ob si am Kierper waren oder baussent dem Kierper, konnten si net soen; well et huet hinne geschéngt, wéi wann si verkläert gi wieren, nämlech datt si vun dësem Kierper aus Fleesch an een onstierflechen Zoustand verwandelt gi wieren, sou datt si dat konnte gesinn, wat vu Gott ass.

16 Awer et huet sech erginn: Si hunn erëm op der Uewerfläch vun der Äerd gedéngt, mee hunn si vun deem, wat si héieren a gesinn haten, näischt matgedeelt, an zwar wéinst dem Gebot, dat hinnen am Himmel gi gi war.

17 Mee ob si vun deem Dag vun hirer Verkläerung un stierflech oder onstierflech ware, dat weess ech net;

18 mee sou vill weess ech, laut der Opzeechnung, déi gi gouf—si sinn op d’Uewerfläch vum Land erausgaangen an hunn all de Leit gedéngt, an sou vill Leit mat der Kierch vereenegt, déi un hir Priedegt gegleeft hunn; si hunn si gedeeft, an esou vill, wéi gedeeft goufen, hunn den Hellege Geescht kritt.

19 A si sinn an de Prisong geworf gi vun deenen, déi net zur Kierch gehéiert hunn. An d’Prisonge konnten si net festhalen, well se sinn an zwee gebrach.

20 An si goufen an d’Äerd gehäit; awer si hunn d’Äerd mam Wuert vu Gott geschloen, sou datt si duerch seng Muecht aus den Déifte vun der Äerd befreit goufen; an dofir konnten si keng Lächer gruewen, déi déif genuch waren, fir si ze halen.

21 An dräimol sinn si an ee Feieruewe geworf ginn an hu kee Schued gelidden.

22 An zweemol sinn si an ee Gruef mat wëllen Déiere geheit ginn, a kuckt, si hu mat de Déiere gespillt wéi ee Kand mat engem schnuckelege Lämmchen an hu kee Schued gelidden.

23 An et huet sech erginn: Si sinn higaangen ënnert all Vollek Nephi an hunn alle Mënschen am ganze Land d’Evangelium gepriedegt; an dës goufen zum Här bekéiert a mat der Kierch vum Christus vereent, an esou gouf d’Vollek vun där Generatioun nom Wuert vum Jesus geséint.

24 An ech, Mormon, halen elo eng Zäit laang op, dovunner ze schwätzen.

25 Kuckt, ech war dorunner, d’Nimm vun deenen nidderzeschreiwen, déi nimools den Doud schmaache sollten, mee den Här huet et verbueden; dofir schreiwen ech se net nidder, well si sinn der Welt verstoppt.

26 Mee kuckt, ech hunn si gesinn, a si hu mir gedéngt.

27 A kuckt, si wäerten ënnert den Anere sinn, an déi Aner wäerten si net kennen.

28 Si wäerten och ënnert de Judde sinn, an d’Judde wäerten si net kennen.

29 An et wäert sech erginn: Wann den Här et a senger Weisheet fir richteg hält, da wäerten si allen zerstreete Stämm vun Israel an allen Natiounen, Geschlechter, Sproochen a Vëlker déngen an esou aus hinne vill Séilen zu Jesus bréngen, fir datt hire Wonsch sech erfëllt an och wéinst der Iwwerzeegungskraaft Gottes, déi an hinnen ass.

30 An si sinn ewéi d’Engele Gottes, a wann si am Numm vum Jesus zum Papp bieden, sou kënnen si sech jiddwerengem weisen, wéi et hinne gutt schéngt.

31 Dofir wäerte vun hinne grouss a wonnerbar Wierker vollbruecht gi virum groussen a kommenden Dag, wou gewëss all Mënsche virum Riichterstull Christi stoe mussen;

32 jo, souguer ënnert den Anere wäert vun hinnen ee grousst a wonnerbaart Wierk vollbruecht ginn, ier den Dag vum Geriicht kënnt.

33 A wann dir all d’Schrëften hätt, déi ee Bericht vun alle wonnerbare Wierker vum Christus ginn, géift dir no de Wierder vum Christus wëssen, datt dëst gewëss komme wäert.

34 A wéi deem, deen op d’Wierder vum Jesus net lauschtere wëll, och net op déijéineg, déi hien ernimmt an ënnert si geschéckt huet; well wien d’Wierder vum Jesus an d’Wierder vun deenen, déi hie geschéckt huet, net unhëlt, deen hëlt hien net un; dofir wäert hien si um leschten Dag net unhuelen;

35 an et wär besser fir si, datt si net gebuere gi wären. Mengt dir dann, datt dir der Rechtsspriechung vun engem gekränkte Gott, dee vun de Mënsche mat Féiss getrëppelt gouf, entkomme kéint an datt doranner d’Rettung bestoe géif?

36 An elo kuckt, wéi ech iwwer déi geschwat hunn, déi den Här erausgesicht huet, jo, souguer dräi, déi an den Himmel opgeholl goufen, wousst ech net, ob si vun der Stierflechkeet an d’Onstierflechkeet gerengegt goufen—

37 Mee kuckt, zënter ech geschriwwen hunn, hunn ech den Här gefrot, an hien huet mir kloer gemaach, datt et onbedéngt eng Verännerung an hire Kierper muss ginn, soss mussen si den Doud schmaachen;

38 Dofir, fir datt si den Doud net schmaache missten, gouf eng Verännerung un hire Kierper bewierkt, fir datt si weder Péng nach Kummer fille géifen, ausser wéinst de Sënde vun der Welt.

39 Elo war awer dës Verännerung net gläich där, déi um leschten Dag stattfanne wäert; mee et gouf un hinnen eng Verännerung bewierkt, sou datt de Satan keng Muecht iwwert si konnt hunn, datt hien si net versiche konnt; a si goufen am Fleesch gehellegt, sou datt si helleg waren an d’Muechte vun der Äerd si net hale konnten.

40 An an dësem Zoustand sollen si bis zum Geriichtsdag vum Christus verbleiwen; an un deem Dag sollen si eng gréisser Verännerung empfänken an an d’Räich vum Papp opgeholl ginn, fir ni méi erauszekommen, mee fir éiweg mat Gott an den Himmelen ze wunnen.