24. Kapitel
Dem Här Säi Bote wäert de Wee fir dat Zweet Komme virbereeden—De Christus wäert um Geriicht sëtzen—Israel gëtt gebueden, den Zéngten an d’Offranden ze bezuelen—E Buch vun der Erënnerung gëtt gehalen—Vergläicht de Malachi 3. Ongeféier 34 n. Chr.
1 An et huet sech erginn: Hien huet hinne gebueden, d’Wierder nidderzeschreiwen, déi de Malachi vum Papp kritt hat an déi hien hinnen usoe sollt. An et huet sech erginn: Nodeems se niddergeschriwwe waren, huet hien se ausgeluecht. An dëst sinn d’Wierder, déi hien hinnen ugesot huet, nämlech: Esou huet de Papp zum Malachi gesprach—Kuck, ech wäert mäin Engel schécken, datt hien de Wee viru mir prett mécht, an den Här, deen dir sicht, wäert plëtzlech a säin Tempel kommen, jo, den Engel vun der Allianz, un deem dir iech freet; kuck, hie wäert kommen, seet den Här vun den Arméien.
2 Wien awer kann den Dag vu sengem Kommen aushalen, a wie wäert bestoen, wann hien erschéngt? Well hien ass ewéi d’Feier vum Schmelzhär an ewéi d’Laug vum Walker.
3 An hie wäert als Schmëlzer a Rengeger vum Sëlwer do sëtzen; an hie wäert d’Jonge vum Levi rengegen an si wéi Gold a Sëlwer läiteren, sou datt si dem Här Affer duerbrénge kënnen a Gerechtegkeet.
4 Da wäert d’Offrande vu Juda a vu Jerusalem dem Här angeneem sinn wéi an alen Deeg a wéi a fréiere Joren.
5 An ech wäert iech no kommen, zum Geriicht; an ech wäert ee schnellen Zeien si géint d’Zauberer a géint d’Adultèren a géint déi, déi falsch schwieren an déijéineg, déi de Locataire a sengem Loun drécken, déi, déi d’Wittfraen an déi ouni Papp bedrécken an déi de Friemen ewech schécken a mech net fäerten, seet den Här vun den Arméien.
6 Well ech sinn den Här, ech ännere mech net; dofir gitt dir Jonge vum Jakob net enttäuscht.
7 Jo, vun den Deeg vun äre Pappen un sidd dir vu menge Veruerdnungen ewech gaangen an hutt se net gehalen. Kéiert zu mir zeréck, an ech wäert zu iech zeréck kéieren, sprécht den Här vun den Arméien. Dir awer sot: Wouranner solle mir zeréck kéieren?
8 Däerf dann de Mënsch Gott beklauen? An awer hutt dir mech beklaut. Dir awer schwätzt: Wouranner hu mir dech beklaut? Um Zéngten an un den Offranden.
9 Mat engem Fluch sidd dir verflucht, well dir hutt mech beklaut, jo, dës ganz Natioun.
10 Bréngt awer de ganzen Zéngten an d’Lagerhaus, fir datt Iessen a mengem Haus sief; a préift mech elo heimat, sprécht den Här vun den Arméien, ob ech iech net d’Fënstere vun den Himmelen opmaachen an iech Seegen erofschëdde wäert, datt net genuch Raum wäert sinn, en opzehuelen.
11 Da wäert ech wéinst iech de Friess-Heesprénger ermanen, an se soll d’Friichte vun ärem Buedem net vernichten; och soll äre Wäistack an de Felder hier Fruucht net virun der Zäit ofwerfen, seet den Här vun den Arméien.
12 An all Natioune wäerten iech geséint nennen, well dir wäert een angeneemt Land sinn, seet den Här vun den Arméien.
13 Är Wierder sinn trotzeg géint mech, sprécht den Här. Mee dir sot: Wat hu mir géint dech gesprach?
14 Gesprach hutt dir: Et ass onnëtz, Gott ze déngen, a wat ass et fir Gewënn, datt mir seng Veruerdnunge gehalen hunn an an Trauer gewandelt si virum Här vun den Arméien?
15 An elo nenne mir déi Stolz glécklech; jo, mat deenen, déi Béises maachen, steet et wuel; jo, déi Gott versichen, gi souguer befreit.
16 Mee déi den Här gefaart hunn, hunn oft matenee geschwat, an den Här huet nogelauschtert an héieren; an ee Buch vun der Erënnerung gouf geschriwwe vun him fir déi, déi den Här gefaart an u säin Numm geduecht hunn.
17 An si wäerte meng sinn, seet den Här vun den Arméien, op deem Dag, wann ech meng Edelsteng zesummebréngen; an ech wäert si verschounen, wéi e Mann säin eegene Jong verschount, deen him déngt.
18 Da wäert dir zeréck kéieren an den Ënnerscheed gesinn tëschent dem Gerechten an dem Béisen, tëschent deem, dee Gott déngt, an deem, deen him net déngt.