Scriptures
3 Nephi 22


22. Kapitel

An de leschten Deeg wäerten Zion a seng Péil etabléiert ginn, an Israel wäert a Barmhäerzegkeet a Léift versammelt ginn—Si wäerten triumphéieren—Vergläicht Jesaja 54. Ongeféier 34 n. Chr.

1 An da wäert sech erginn, wat geschriwwe steet: Jäiz, du Onfruchtbaart, déi du net gebueren hues; briech a Freet aus a jäiz, déi du keng Wéie kritt hues; well méi sinn d’Kanner vun därer, déi eleng ass, ewéi d’Kanner vun der bestuete Fra, sprécht den Här.

2 Maach wäit de Raum vun dengem Zelt, a looss d’Riddo vun denger Wunneng ausspanen; spuer net, maach deng Seeler laang, a maach deng Péil staark;

3 Well du wäerts dech ausbreeden zur Rietsen an zur Lénken, an deng Nokomme wäerten déi Aner ierwen an deng eidel Stied erëm bevëlkeren.

4 Fäert net, well du solls net blaméiert ginn; schumm dech net, well du solls net zu Schued kommen; well du wäerts de Schued vun denger Jugend vergiessen an du wäerts der Blamage vun denger Jugend net méi gedenken an du wäerts der Blamage als Wittfra oder Wittmann net méi gedenken.

5 Well däi Schëpfer, däi Mann, den Här vun den Arméien ass säin Numm; an däin Erléiser, den Hellege vun Israel—de Gott vun der ganzer Äerd wäert hie genannt ginn.

6 Well den Här huet dech geruff wéi eng Fra, déi verlooss gouf, an am Geescht traureg ass, wéi eng Fra aus der Jugendzäit, déi verworf gouf, seet däi Gott.

7 Ee klenge Moment hunn ech dech verlooss, mee mat groussem Erbaarme wëll ech dech erbäihuelen.

8 An enger klenger Roserei hunn ech mäi Gesiicht virun dir fir ee klenge Moment verstoppt, mee mat éiwegem Wuelwëlle wëll ech zu dir baarmhäerzeg sinn, seet den Här, däin Erléiser.

9 Well dëst ass mir ewéi d’Waasser vum Noah; well ewéi ech geschwuer hunn, datt d’Waasser vum Noah ni méi iwwert d’Äerd goe soll, sou hunn ech geschwuer, datt ech dir net méi rose wëll sinn.

10 Well d’Bierger wäerte weechen, an d’Hiwwele wäerte wibbelen, mee mäi Wuelwëlle wäert vun dir net weechen, nach wäert d’Allianz vu mengem Fridde wibbelen, seet den Här, deen Erbaarme mat dir huet.

11 O du Ënnerdréckten, vun Onwieder gestouss an net getréischt! Kuck, ech wëll deng Steng a schéi Faarwe leeën an däi Grond mat Saphiren ausleeën.

12 An ech wëll deng Fënster aus Achat maachen an deng Dieren aus Karfunkelsteng an all deng Encadrementer aus Edelsteng.

13 An all denge Kanner wäert d’Léier vum Här zoukomme gelooss ginn; a grouss wäert de Fridde vun denge Kanner sinn.

14 A Gerechtegkeet wäerts du opgeriicht sinn; wäit ewech wäerts du si vu Ënnerdréckung, well du solls net fäerten, a vum Schrecken, well hie soll dir net no kommen.

15 Kuck, si wäerten sech gewëss géint dech versammelen, mee net duerch mech; wien sech géint dech versammelt, wäert wéinst denger stierzen.

16 Kuck, ech hunn de Schmëdd erschaf, deen d’Kuelefeier ubléist an een Outil ervirbréngt fir seng Aarbecht; an ech hunn den Zerstéierer erschaf, deen zerstéiert.

17 Keng Waff, déi géint dech geformt gëtt, wäert erfollegräich sinn; an all Zong, déi dech am Urteel beleidegt, wäerts du verurteelen. Dëst ass d’Ierfschaft vun de Kniecht vum Här, an hir Gerechtegkeet ass vu mir, sprécht den Här.