6. Kapitel
D’Nephiten prosperéieren—Stolz, Räichtum a Klassenënnerscheeder entstinn—D’Kierch gëtt duerch Meenungsverschiddenheeten zerrass—De Satan féiert d’Vollek an eng oppe Rebellioun—Vill Prophete ruffen no Ëmkéiert a ginn ëmbruecht—Hir Mäerder verschwieren sech, fir d’Regierung ze iwwerhuelen. Ongeféier 26–30 n. Chr.
1 An elo huet et sech erginn: Dat ganzt Vollek vun den Nephiten ass am sechsanzwanzegte Joer zu sengen eege Lännereien zeréckgaangen, jiddwer Mann mat senger Famill, mat senge Schof a senge Kéi a mat senge Päerder a sengen Hausdéieren a mat allem, wat him gehéiert huet.
2 An et huet sech erginn: Si haten hire Proviant nach net all giess; dofir hunn si alles matgeholl, wat si net giess haten, all hir Getreider vu jiddwer Aart, an hiert Gold an hiert Sëlwer an all hir wäertvoll Saachen, a si sinn zu hiren eege Lännereien a Proprietéiten zeréckgaangen, souwuel am Norden ewéi am Süden, souwuel am Land am Norden ewéi am Land am Süden.
3 A si hunn deene Raiber, déi d’Allianz agaange waren, am Land Fridden ze halen, an déi de Wonsch haten, Lamaniten ze bleiwen, Lännereien no hirer Unzuel ginn, fir datt si eppes hätten, wouvunner si duerch hir Aarbecht liewe konnten; an esou hunn si am ganze Land Fridden opgeriicht.
4 An erëm ass et hinne wuel ergaangen, a si hunn ugefaangen, grouss ze ginn; an dat sechsanzwanzegt an dat siwwenanzwanzegt Joer si vergaangen, an et gouf eng grouss Uerdnung am Land; a si haten hir Gesetzer no der Gerechtegkeet a Rechtsspriechung gemaach.
5 An am ganze Land ass et näischt ginn, wat d’Vollek dorunner gehënnert huet, sech bestännegem Wuelergoen ze erfreeën, ausser wann si an Iwwertriedung fale géifen.
6 Elo awer waren et de Gidgiddoni an de Riichter Lachoneus an déijéineg, déi zu Führer bestëmmt gi waren, déi dëse grousse Fridden am Land opgeriicht haten.
7 An et huet sech erginn: Et si vill Stied nei erriicht ginn, an et si vill al Stied erëm opgebaut ginn.
8 An et si vill Landstroossen opgeschott a vill Stroossen ugeluecht ginn, déi vu Stad zu Stad a vun Uert zu Uert gefouert hunn.
9 An esou ass dat aachtanzwanzegt Joer op en Enn gaangen, an d’Vollek hat bestänneg Fridden.
10 Mee et huet sech erginn: Am nénganzwanzegte Joer, do hunn Ausenanersetzungen ënnert dem Vollek ugefaangen; an e puer goufen am Stolz an am Bretze wéinst hirem ganz grousse Räichtem iwwerhieflech, jo, bis zu grousse Verfollgungen;
11 well et goufe vill Geschäftsleit am Land an och vill Gesetzeskënneger a vill Beamten.
12 An d’Vollek huet ugefaangen, sech no Klassen ze ënnerscheeden, no hire Räichtemer an hire Méiglechkeete fir ze léieren, jo, déi eng ware wéinst hirer Aarmut onwëssend, an anerer hu wéinst hirem Räichtem vill Beléierung kritt.
13 Déi eng waren am Stolz iwwerhieflech, an anerer ware ganz humiliéiert; déi eng hu Beleidegung mat Beleidegung belount, wärend anerer Beleidegungen a Verfollgung an all Zorte vu Leed iwwert sech ergoe gelooss hunn an net hirersäits beleidegt hunn, mee humiliéiert a roueg viru Gott waren.
14 An esou ass am ganze Land eng grouss Ongläichheet entstanen, esou grouss, datt d’Kierch ze zerbriechen ugefaangen huet, jo, esou vill, datt d’Kierch am drëssegte Joer zerbrach war, ausser datt et ënnert de Lamaniten e puer gouf, déi sech zum richtege Glawe bekéiert hunn; a si wollten net dovunner ofloossen, well si ware fest a standhaft an onerschëtterlech a mat allem Fläiss bereet, d’Geboter vum Här ze halen.
15 De Grond awer fir dës Misär vum Vollek war folgenden—De Satan hat grouss Muecht, nämlech d’Vollek opzestëppelen, sou datt et all Zort vun Ongerechtegkeete begaangen huet, an et mat Stolz opzeblosen an et ze versichen, sou datt et no Muecht an Autoritéit a Räichtemer an dem Näischnotz vun der Welt getruecht huet.
16 An esou huet de Satan dem Vollek d’Häerz verfouert, allerhand Ongerechtegkeeten ze begoen; dofir hunn si sech nëmmen e puer Joren um Fridde gefreet.
17 An esou, um Ufank vum drëssegste Joer—dem Vollek war et nämlech fir eng laang Zäit operluecht, vun den Tentatioune vum Däiwel hin an hier gerass ze ginn, deen et dohinner gefouert huet, wou hien et hinzeféiere gewënscht huet, a jiddwer Ongerechtegkeet ze begoen, wéi eng hie gewënscht huet, datt hien se begoe géif—an esou waren si um Ufank vun dësem drëssegste Joer an engem Zoustand vu fuerchtbarer Béist.
18 Si hunn awer net onwëssend gesëndegt, well si hunn de Wëlle Gottes kannt a Bezuch op si, well si waren doriwwer enseignéiert ginn; dofir hunn si sech virsätzlech géint Gott rebelléiert.
19 Elo awer war et an den Deeg vum Lachoneus, dem Jong vum Lachoneus, well de Lachoneus huet de Sëtz vu sengem Papp ageholl an huet an dësem Joer d’Vollek regéiert.
20 A Männer hunn ugefaangen, vum Himmel inspiréiert an erausgeschéckt ze ginn; si sinn am ganze Land ënnert dem Vollek opgetrueden an hu gepriedegt an hunn ouni ze fäerten d’Sënden an d’Ongerechtegkeete vum Vollek temoignéiert; si hunn en Temoignage a Bezuch op d’Erléisung ginn, déi den Här fir säi Vollek maache wäert, oder mat anere Wierder, d’Opersteeung vum Christus; an si hunn ouni ze fäerte vu sengem Doud a sengem Leiden temoignéiert.
21 Elo goufen et der vill am Vollek, déi ganz rose waren, well déi dovunner temoignéiert haten; an déi rose waren, dat waren haaptsächlech déi iewescht Riichter an déijéineg, déi Hohepriister a Gesetzeskënneger gewiescht waren; jo, alleguerten, déi Gesetzeskënneger gewiescht waren, waren op déi rosen, déi dovunner Temoignage ofgeluecht haten.
22 Et gouf awer weder ee Gesetzeskënnegen nach ee Riichter oder Hohepriister, deen d’Muecht gehat hätt, iergend een zum Doud ze veruerteelen, ausser de Scholdsproch wär vum Gouverneur vum Land ënnerschriwwe ginn.
23 Elo gouf et awer ënnert deenen, déi dat, wat de Christus betraff huet, temoignéiert haten, an zwar ouni Angscht temoignéiert haten, vill, déi vun de Riichter ergraff an am geheimen higeriicht goufen, sou datt d’Wësse vun hirem Doud eréischt no hirem Doud un de Gouverneur vum Land komm ass.
24 Kuckt elo, dëst war géint d’Gesetzer vum Land, datt iergendeen zum Doud verurteelt sollt ginn, ausser hien hätt Muecht vum Gouverneur vum Land—
25 dofir koum eng Reklamatioun an d’Land Zarahemla, zum Gouverneur vum Land, an zwar géint déi Riichter, déi d’Prophete vum Här entgéint dem Gesetz veruerteelt haten.
26 Elo huet et sech erginn, datt si geholl a virun de Riichter bruecht goufen, fir wéinst dem Verbriechen, dat si begaangen haten, verurteelt ze ginn, laut dem Gesetz, dat vum Vollek gi war.
27 Et huet sech awer erginn: Dës Riichter hate vill Frënn a Famill; an den Iwwerrescht, jo, bal all Gesetzeskënneger an Hohepriister, hunn sech zesumme gedoen a sech mat de Famillje vun de Riichter, déi nom Gesetz viru Geriicht gestallt gi sollten, vereenegt.
28 A si si mateneen eng Allianz agaangen, jo, déi selwecht Allianz, déi vun de Männer an anticker Zäit komm ass, an dës Allianz gouf vum Däiwel ginn a bewierkstellegt, fir sech géint all Gerechtegkeet ze verbannen.
29 Dowéinst hunn si sech géint d’Vollek vum Här verbonnen a sinn eng Allianz agaangen, et ze zerschloen an déijéineg, déi wéinst Mord schëlleg waren, aus dem Grëff vun der Rechtsspriechung ze befreien, déi elo grad nom Gesetz ugewannt sollt ginn.
30 An si hunn d’Gesetz an d’Rechter vun hirem Land veruecht, a si hunn ënnereneen eng Allianz gemaach, fir de Gouverneur ze zerstéieren an e Kinnek iwwer d’Land ze setzen, sou datt d’Land net méi fräi wier, mee de Kinneken ënnergeuerdent wier.