Scriptures
3 Nephi 1


Drëtten Nephi

D’Buch vum Nephi
de Jong vum Nephi, deen de Jong vum Helaman war

An den Helaman war de Jong vum Helaman, deen de Jong vum Alma war, deen de Jong vum Alma war, nämlech een Nokomm vum Nephi, deen de Jong vum Lehi war, deen am éischte Joer vun der Regierung vum Zedekia, dem Kinnek vu Juda, aus Jerusalem komm war.

1. Kapitel

Den Nephi, de Jong vum Helaman, verléisst d’Land, a säi Jong Nephi féiert d’Opzeechnungen—Obwuel et vill Zeechen a Wonner gëtt, plangen déi Béis, déi Gerecht ëmzebréngen—D’Nuecht vun der Gebuert vum Christus kënnt—D’Zeeche gëtt ginn, an en neie Stär kënnt op—Ligen an Täuschung huelen zou, an d’Raiber vum Gadianton bréngen der vill ëm. Ongeféier 1–4 n. Chr.

1 Elo huet et sech erginn: Dat eenannonzegt Joer war vergaangen, an et war sechshonnert Joer zënter där Zäit, wou de Lehi Jerusalem verlooss hat; an et war an deem Joer, wou de Lachoneus Ieweschte Riichter a Gouverneur vum Land war.

2 An den Nephi, de Jong vum Helaman, war aus dem Land Zarahemla ewech gezunn, nodeems hie sengem Jong Nephi, deen säin eelste Jong war, d’Verantwortung iwwerdroen hat, nämlech a Bezuch op d’Placken aus Messeng an all Opzeechnungen, déi gefouert gi waren, an iwwert alles dat, wat zënter dem Depart vum Lehi aus Jerusalem helleg gehale gi war.

3 Dunn ass hien aus dem Land ewech gezunn; a wouhinner hie gaangen ass, weess kee Mënsch; a säi Jong Nephi huet d’Opzeechnungen a senger Plaz weidergefouert, jo, de Bericht vun dësem Vollek.

4 An et huet sech erginn: Um Ufank vum zweeannonzegte Joer, kuckt, do hunn d’Prophezeiunge vun de Propheten ugefaangen, sech ëmmer méi ze erfëllen; well et hunn gréisser Zeechen a Wonnerdoten ugefaangen, déi ënnert dem Vollek gewierkt goufen.

5 Mee et waren der e puer, déi ugefaangen hunn ze soen, d’Zäit wier eriwwer, datt sech d’Wierder erfëlle kéinten, déi vum Samuel, dem Lamanit, gesprach gi waren.

6 A si hunn ugefaangen, sech iwwert hir Bridder lëschteg ze maachen, nämlech: Kuckt, d’Zäit ass eriwwer, an d’Wierder vum Samuel hunn sech net erfëllt; dofir waren är Freed an äre Glawen dorunner onnëtz.

7 An et huet sech erginn: Si hunn eng grouss Opreegung am ganze Land zu Wee bruecht; an dat Vollek, dat Glawen hat, huet ugefaangen, ganz vill besuergt ze sinn, nämlech datt dat, wat gesot gi war, sech iergendwéi net realiséiere géif.

8 Mee kuckt, si hu standhaft gewaart op deen Dag an déi Nuecht an deen Dag, déi wéi een Dag sollte sinn, wéi wann et keng Nuecht géif ginn, sou datt si wësse géifen, datt hire Glawen net onnëtz gewiescht war.

9 Elo huet et sech erginn: Vun den Ongleewege war een Dag festgesat ginn, wou alleguerten, déi un déi Traditioune gegleeft hunn, higeriicht sollte ginn, wann d’Zeechen net antriede géif, dat vum Prophet Samuel genannt gi war.

10 Elo huet et sech erginn: Wéi den Nephi, de Jong vum Nephi, d’Béist vu sengem Vollek gesinn huet, war säin Häerz ganz traureg.

11 An et huet sech erginn: Hien ass eraus gaangen an huet sech op de Buedem niddergeknéit a mächteg zu sengem Gott fir säi Vollek gejaut, jo, fir déi, déi no dorunner waren, wéinst hirem Glawen un d’Traditioune vun hire Pappen zerstéiert ze ginn.

12 An et huet sech erginn: Hien huet mächteg zum Här gejaut, de ganzen Dag laang; a kuckt, d’Stëmm vum Här ass un hie gaangen, nämlech:

13 Hief däin Haapt héich, a sief gudder Déng; well kuck, d’Zäit ass no, an an dëser Nuecht wäert d’Zeeche gi ginn, a muer kommen ech op d’Welt, fir der Welt ze weisen, datt ech alles erfëlle wäert, wat ech duerch de Mond vu mengen hellege Prophete soe gelooss hunn.

14 Kuckt, ech kommen zu mengen Eegenen, fir all d’Saachen ze erfëllen, déi ech de Mënschekanner vun der Grënnung vun der Welt u bekannt gemaach hunn, an de Wëlle vum Papp a vum Jong ze maachen—vum Papp wéinst mir, a vum Jong wéinst mengem Fleesch. A kuck, d’Zäit ass no, an dës Nuecht wäert d’Zeeche gi ginn.

15 An et huet sech erginn: D’Wierder, déi un den Nephi gaange sinn, hunn sech deemno, wéi se gesprach gi waren, erfëllt; well kuckt, wéi d’Sonn ënnergaangen ass, do gouf et net däischter; an d’Vollek huet ugefaangen, sech ze wonneren, well et net däischter ginn ass, wéi d’Nuecht komm ass.

16 An et sinn der vill ginn, déi net un d’Wierder vun de Prophete gegleeft haten an déi zu Buedem gefall sinn a mat deenen et esou war, wéi wann si dout wieren, well si hu gewosst, datt de grousse Plang vun der Vernichtung, deen si géint déijéineg ausgeschafft haten, déi un d’Wierder vun de Prophete gegleeft haten, duerchkräizt war; well dat Zeechen, dat ugi gi war, dat war schonn do.

17 A si hunn ugefaangen, ze erkennen, datt de Jong Gottes a kuerzem erschénge misst; jo, schliisslech waren all Mënschen op der ganzen Äerd, vum Weste bis zum Osten, souwuel am Land am Norden ewéi och am Land am Süden, esou vill bestierzt, datt si zu Buedem gefall sinn.

18 Well si woussten, datt d’Prophete vill Jore laang dovunner Temoignage ginn haten an datt dat Zeechen, dat ugi gi war, schonn do war; a wéinst hiren Ongerechtegkeeten an hirer Ongleewegt hunn si ugefaangen, ze fäerten.

19 An et huet sech erginn: Dës ganz Nuecht laang gouf et keen Däischtert, mee et war esou hell, wéi wann et Mëtteg wier. An et huet sech erginn, datt d’Sonn moies erëm opgaangen ass, no hirer richteger Uerdnung; an si woussten, datt et den Dag war, un deem den Här gebuer sollt ginn, wéinst dem Zeechen, dat gi war.

20 An et hat sech erginn, jo, alles, ganz esou, no de Wierder vun de Propheten.

21 An et huet sech och erginn: Een neie Stär huet geschéngt, nom Wuert.

22 An et huet sech erginn: Vun där Zäit un huet et ugefaangen, datt Ligen ënnert d’Vollek komm sinn, vum Satan, fir hiert Häerz ze verhäerten, zu deem Zweck, datt si net un d’Zeechen a Wonner gleewe sollten, déi si gesinn haten; mee trotz dëser Ligen an Täuschungen huet de gréissten Deel vum Vollek awer gegleeft an sech zum Här bekéiert.

23 An et huet sech erginn: Den Nephi an och vill anerer sinn higaangen ënnert d’Vollek an hunn zur Ëmkéiert gedeeft, woubäi et zu engem grousse Verzeie vun de Sënde komm ass. An esou huet d’Vollek erëm ugefaangen, am Land Fridden ze hunn.

24 An et goufe keng Streidereien, ausser datt et e puer Leit gi sinn, déi mat priedegen ugefaangen hunn an dorunner gaange sinn, aus der Schrëft beweisen ze wëllen, datt et net méi laang néideg wier, d’Gesetz vum Moses ze befollegen. Doranner hunn si sech awer geiert, well si hunn d’Schrëft net verstanen.

25 Mee et huet sech erginn: Séier hunn si sech bekéiert an hunn sech vun deem Iertum iwwerzeegt, an deem si sech befonnt hunn; well et gouf hinne gewisen, datt d’Gesetz nach net erfëllt wier an datt et ganz erfëllt misst sinn; jo, datt net ee Jota oder Pinktche vergoe sollt, bis et ganz erfëllt wäert sinn; dofir goufen si an dësem selwechte Joer zum Wësse vun hirem Iertum bruecht a si hunn hir Feeler bekannt.

26 An esou ass dat zweeannonzegst Joer vergaangen, nodeems et dem Vollek wéinst den Zeechen, déi agetruede waren, frou Noriicht bruecht hat, no de Prophezeiungswierder vun allen hellege Propheten.

27 An et huet sech erginn: Dat dräiannonzegt Joer ass och a Fridde vergaangen, ausser wat d’Gadiantonraiber betraff huet, déi an de Bierger gewunnt an d’Land onsécher gemaach hunn; well esou staark waren hir Stëtzpunkten an hir geheim Verstoppen, datt d’Vollek si net iwwerwältege konnt; dofir hunn si vill Morde begaangen an hu vill Gemetzelt ënnert dem Vollek ugeriicht.

28 An et huet sech erginn: Am véierannonzegte Joer hunn si ugefaangen, am grousse Mooss zouzehuelen, well et goufe vill Rebellen ënnert den Nephiten, déi zu hinne geflücht sinn, a si hu vill Kummer ënnert den Nephiten, déi am Land verbliwwe sinn, verursaacht.

29 An et gouf och ee Grond fir de ville Kummer ënnert de Lamaniten; well kuckt, si hate vill Kanner, wéi si opgewuess sinn an ugefaangen hunn, u Joren zouzehuelen, sech selbststänneg gemaach hunn a vun e puer, déi Zoramite waren, duerch hir Ligen a Schmeechelriede verfouert goufen, sech dëse Gadiantonraiber unzeschléissen.

30 An sou goufen och d’Lamanite betraff, a si hunn ugefaangen, wat hire Glawen an hir Gerechtegkeet ugeet, zeréckzegoen, wéinst der Béist vun der opkommender Generatioun.