Scriptures
3 Nephi 11


De Jesus Christus huet sech dem Vollek vum Nephi gewisen, wéi sech vill Mënschen am Land Iwwerfloss versammelt hunn, an huet hinne gedéngt; an hien huet sech hinnen op follgend Weis gewisen.

Fänkt u mat Kapitel 11.

11. Kapitel

De Papp temoignéiert vu Sengem Léiwe Jong—De Christus erschéngt a verkënnegt Seng Versönung—D’Leit fillen d’Narbe vu Senge Wonnen a Sengen Hänn, Senge Féiss an der Säit—Si ruffen Hosanna—Hien erkläert d’Aart a Weis vun der Daf—De Geescht vum Sträit ass vum Däiwel—D’Doktrinn vum Christus ass, datt d’Mënsche solle gleewen a gedeeft ginn an den Hellege Geescht empfänken. Ongeféier 34 n. Chr.

1 Elo awer huet et sech erginn: Et hunn sech vill Mënsche vum Vollek Nephi ronderëm den Tempel, deen sech am Land Iwwerfloss befonnt huet, gesammelt; a si hunn sech verwonnert an hu matenee gestaunt an hunn een dem aneren de groussen a wonnerbare Wandel, dee stattfonnt hat, gewisen.

2 An et goufen och Gespréicher iwwer dëse Jesus Christus, vun deem sengem Doud dat Zeeche gi war.

3 An et huet sech erginn: Wärend si esou matenee gesprach hunn, hunn si eng Stëmm héieren, wéi wann se aus dem Himmel kéim; a si hunn d’Ae ronderëm goe gelooss; well si hunn d’Stëmm net verstanen, déi si héieren hunn; an et war net eng rau Stëmm, nach war et eng haart Stëmm; mee onbeuecht vun deem, datt et eng lues Stëmm war, ass se deenen, déi se héieren hunn, bis an hiert Bannescht agedrongen, esou staark, datt et an hirem Kierper keen Deel gouf, deen se net biewe gelooss huet; jo, se ass hinne bis an d’Séil agedrongen an huet hinnen d’Häerz brenne gelooss.

4 An et huet sech erginn: Erëm hunn si d’Stëmm héieren, an si hunn se net verstanen.

5 An erëm, eng drëtte Kéier, hunn si d’Stëmm héieren an si hunn d’Oueren opgemaach, fir se ze héieren; an hir Aen hunn sech zu deem Toun hi gedréint, a si hunn direkt zum Himmel gekuckt, wouhier den Toun komm ass.

6 A kuckt, bei der drëtte Kéier hunn si d’Stëmm verstanen, déi si héieren hunn, a se huet zu hinne gesprach:

7 Kuckt, mäi léiwe Jong, un deem ech Freed hunn, un deem ech mäin Numm verherrlecht hunn—lauschtert hien.

8 An et huet sech erginn, wéi si et verstanen hunn, hunn si hir Aen erëm an den Himmel gehuewen; an do hunn si e Mann vum Himmel erofkomme gesinn; an hien hat e wäisst Kleed un; an hien ass erofkomm a stoung an hirer Mëtt; an d’Ae vun all deene Mënsche waren op hie geriicht, an si hunn sech net getraut, hire Mond opzemaachen, net emol een zum aneren, a woussten net, wat et bedeit huet, well si geduecht hunn, et wier en Engel, deen hinnen erschéngt wier.

9 An et huet sech erginn: Hien huet seng Hand ausgestreckt an zum Vollek gesprach, nämlech:

10 Kuckt, ech sinn de Jesus Christus, vun deem d’Prophete temoignéiert hunn, hie wäert an d’Welt kommen.

11 A kuckt, ech sinn d’Liicht an d’Liewe vun der Welt; an ech hunn aus dem battere Kellech gedronk, deen de Papp mir ginn huet, an hunn de Papp verherrlecht, andeems ech d’Sënde vun der Welt op mech geholl hunn; an doranner hunn ech de Wëlle vum Papp an allem vun Ufank u gelidden.

12 An et huet sech erginn: Wéi de Jesus dës Wierder gesprach hat, sinn déi vill Mënschen op d’Äerd gefall; well si hunn sech erënnert, datt ënnert hinne prophezeit gi war, de Christus géif sech hinnen no senger Himmelfaart weisen.

13 An et huet sech erginn: Den Här huet zu hinne gesprach, nämlech:

14 Stitt op, a kommt zu mir heihinner, fir datt dir d’Hänn a meng Säit leeën an d’Wonne vun de Neel a mengen Hänn a menge Féiss fille kënnt, fir datt dir wësst, datt ech de Gott vun Israel an de Gott vun der ganzer Äerd sinn a fir d’Sënde vun der Welt ëmbruecht gi sinn.

15 An et huet sech erginn: D’Mënsche sinn higaangen an hunn d’Hänn a seng Säit geluecht an d’Wonne vun de Neel a sengen Hänn an a senge Féiss gefillt; an dëst hunn si gemaach, andeems een nom aneren higaangen ass, bis si alleguerten higaange waren a mat eegenen Ae gesinn hunn a mat eegenen Hänn gefillt hunn a mat Gewëssheet woussten an Temoignagë ginn hunn, datt hien et war, vun deem d’Prophete geschriwwen haten, hie géif kommen.

16 A wéi si higaange waren an et selwer erlieft haten, hunn si ewéi mat enger Stëmm ausgeruff, nämlech:

17 Hosanna! Geséint sief den Numm vum Allerhéchste Gott! A si sinn dem Jesus zu Féiss gefall an hunn hien ugebiet.

18 An et huet sech erginn: Hien huet zum Nephi gesprach (well den Nephi huet sech ënnert de ville Mënsche befonnt) an huet him gebueden, no vir ze kommen.

19 An den Nephi huet sech erhuewen an ass no vir komm, an hien huet sech virum Här niddergeknéit an him d’Féiss gekësst.

20 An den Här huet him gebueden, sech ze erhiewen. An hien ass opgestanen a stoung virun him.

21 An den Här huet zu him gesprach: Ech ginn dir Muecht, dëst Vollek ze deefen, wann ech erëm zum Himmel opgefuer sinn.

22 An dann erëm huet den Här anerer geruff an huet hinnen datselwecht gesot; an hien huet hinne Muecht ginn, ze deefen. An hien huet zu hinne gesprach: Op dës Weis sollt dir deefen, an et soll keng Ausenanersetzungen ënnert iech ginn.

23 Wierklech, ech soen iech, wien sech op är Wierder hi vu senge Sënden ofkéiert an a mengem Numm gedeeft ze gi wënscht, dee sollt dir op folgend Weis deefen—Kuckt, dir sollt an d’Waasser erofklammen an doranner stoen, an a mengem Numm sollt dir hien deefen.

24 An elo kuckt, dëst sinn d’Wieder, déi dir schwätze sollt, andeems dir hie beim Numm nennt, nämlech:

25 Mat der Autoritéit, déi mir vum Jesus Christus ginn ass, deefen ech dech am Numm vum Papp a vum Jong a vum Hellege Geescht. Amen.

26 An da sollt dir hien am Waasser ënnerdauchen an erëm aus dem Waasser erophuelen.

27 An op dës Weis sollt dir a mengem Numm deefen; well kuckt, wierklech, ech soen iech, de Papp an de Jong an den Hellege Geescht sinn een; an ech sinn am Papp, an de Papp ass a mir, an de Papp an ech sinn een.

28 An esou wéi ech iech gebueden hunn, sou sollt dir deefen. An et soll ënnert iech keng Ausenanersetzunge ginn, wéi et bis elo gewiescht ass; och soll et ënnert iech keng Ausenanersetzungen a Bezuch op d’Punkte vu menger Doktrinn ginn, wéi et bis elo gewiescht ass.

29 Well wierklech, wierklech, ech soen iech, wien de Geescht vum Sträit huet, ass net vu mir, mee vum Däiwel, deen de Papp vum Sträit ass, an hie stëppelt de Mënschen d’Häerz op, a Roserei mateneen ze streiden.

30 Kuckt, et ass net meng Doktrinn, datt de Mënschen d’Häerzer zur Roserei géinteneen opgestëppelt ginn; mee et ass meng Doktrinn, datt et esou eppes net méi sollt ginn.

31 Kuckt, wierklech, wierklech, ech soen iech: Ech wëll iech meng Doktrinn verkënnegen.

32 An dëst ass meng Doktrinn, an et ass déi Doktrinn, déi de Papp mir ginn huet; an ech ginn Temoignage vum Papp, an de Papp gëtt Temoignage vu mir, an den Hellege Geescht gëtt Temoignage vum Papp a vu mir; an ech ginn Temoignage, datt de Papp all de Mënschen iwwerall kommandéiert, ëmzekéieren an u mech ze gleewen.

33 A wien u mech gleeft a sech deefe léisst, dee wäert gerett ginn; an dëst sinn et, déi d’Räich Gottes ierwe wäerten.

34 A wien net u mech gleeft an sech net deefe léisst, dee wäert verdaamt ginn.

35 Wierklech, wierklech, ech soen iech, dëst ass meng Doktrinn, an ech ginn dovunner Temoignage vum Papp; a wien u mech gleeft, dee gleeft och un de Papp; an him wäert de Papp Temoignage gi vu mir, well hie wäert mat Feier a mam Hellege Geescht bei hie kommen.

36 An esou wäert de Papp Temoignage gi vu mir, an den Hellege Geescht wäert him Temoignage gi vum Papp a vu mir; well de Papp an ech an den Hellege Geescht sinn een.

37 A weider soen ech iech: Dir musst ëmkéieren a wéi kleng Kanner ginn an iech a mengem Numm deefe loossen, soss kënnt dir dëst op kee Fall empfänken.

38 An erëm soen ech iech: Dir musst ëmkéieren a wéi kleng Kanner ginn an iech a mengem Numm deefe loossen, soss kënnt dir op kee Fall d’Räich Gottes ierwen.

39 Wierklech, wierklech, ech soen iech: Dëst ass meng Doktrinn, a wien doropper baut, dee baut op mengem Fiels, an d’Diere vun der Hell wäerten net gewanne géint hien.

40 A wien méi oder manner ewéi dëst verkënnegt an et als meng Doktrinn histellt, dee kënnt vum Béisen an ass net op mengem Fiels gebaut; mee hie baut op sandegem Grond, an d’Diere vun der Hell stinn op, hien ze empfänken, wann d’Flut kënnt an de Wand un hie stéisst.

41 Dofir gitt hin zu dësem Vollek a verkënnegt déi Wierder, déi ech gesprach hunn, bis un d’Enne vun der Äerd.