Scriptures
3 Nephi 18


18. Kapitel

De Jesus setzt de Sakrament ënnert den Nephiten an—Si kréien d’Gebot, ëmmer a Sengem Numm ze bieden—Déi, déi Säi Fleesch onwierdeg iessen a Säi Blutt onwierdeg drénken, si verdaamt—De Jünger gëtt d’Muecht ginn, den Hellege Geescht ze vermëttelen. Ongeféier 34 n. Chr.

1 An et huet sech erginn: De Jesus huet senge Jünger gebueden, him Brout a Wäin ze bréngen.

2 A wärend si ëm Brout a Wäi gaange sinn, huet hien de Leit gebueden, sech op de Buedem nidderzesetzen.

3 A wéi d’Jünger mat Brout a Wäi komm waren, huet hie vum Brout geholl an et gebrach an et geséint: an hien huet de Jünger ginn an hinne gebueden ze iessen.

4 A wéi si giess haten a sat waren, huet hien hinne gebueden, de Leit ze ginn.

5 A wéi d’Leit giess haten a sat waren, huet hien zu de Jünger gesprach: Kuckt, een ënnert iech soll veruerdent ginn, an him wëll ech Muecht ginn, datt hie Brout brécht an et séint an et dem Vollek vu menger Kierch gëtt, alleguerten deenen, déi gleewen a sech a mengem Numm deefe loossen.

6 An dir sollt ëmmer dorop beduecht sinn, dëst ze maachen, esou wéi ech et gemaach hunn, jo, wéi ech d’Brout gebrach an et geséint an iech ginn hunn.

7 An dëst sollt dir als Memoire vu mengem Leif maachen, deen ech iech gewisen hunn. An et soll dëst dem Papp een Temoignage sinn, datt dir ëmmer u mech denkt. A wann dir ëmmer u mech denkt, da wäert mäi Geescht mat iech sinn.

8 An et huet sech erginn: Wéi hien dës Wierder gesot hat, huet hie senge Jünger gebueden, vum Wäin aus dem Kellech ze huelen an ze drénken an och dovunner de Leit ze ginn, fir datt si dovunner drénken.

9 An et huet sech erginn: Si hunn et gemaach an dovunner gedronk a goufe sat; a si hunn de Leit ginn, a si hu gedronk a goufe sat.

10 A wéi d’Jünger dëst gemaach haten, huet de Jesus zu hinne gesprach: Geséint sidd dir dowéinst, wat dir gemaach hutt, well et ass d’Erfëllung vu mengem Gebot, an et temoignéiert dem Papp, datt dir gudde Wëllens sidd, dat ze maachen, wat ech iech gebueden hunn.

11 An dat sollt dir ëmmer fir déijéineg maachen, déi ëmkéieren a sech a mengem Numm deefe loossen; an dir sollt et als Erënnerung vu mengem Blutt maachen, wat ech fir iech vergoss hunn, fir datt dir dem Papp temoignéiert, datt dir wierklech ëmmer u mech denkt. A wann dir ëmmer u mech denkt, da wäert mäi Geescht mat iech sinn.

12 An ech ginn iech d’Gebot, datt dir dëst maache sollt. A wann dir dëst ëmmer maacht, da sidd dir geséint, well dir sidd op mengem Fiels gebaut.

13 Wann awer ee vun iech méi oder manner mécht ewéi dëst, sou ass hien net op mengem Fiels gebaut, mee op sandegem Grond; a wann de Ree fält an d’Iwwerschwemmunge kommen an de Wand bléist an un hie stéisst, sou wäert hie falen, an d’Diere vun der Hell si schonn op, hien ze empfänken.

14 Dofir sidd dir geséint, wann dir meng Geboter haalt, vun deenen de Papp mir gebueden huet, se iech ze ginn.

15 Wierklech, wierklech, ech soen iech: Dir musst ëmmer oppassen a bieden, fir datt dir net vum Däiwel versicht a vun him gefaange gefouert gitt.

16 A wéi ech ënnert iech gebiet hunn, sou sollt och dir a menger Kierch bieden, ënnert mengem Vollek, wann et ëmkéiert a sech a mengem Numm deefe léist. Kuckt, ech sinn d’Luucht; ech hunn iech ee Beispill gesat.

17 An et huet sech erginn: Wéi de Jesus dës Wierder zu senge Jünger gesprach hat, huet hien sech erëm de Leit zougewannt an zu hinne gesprach:

18 Kuckt, wierklech, wierklech, ech soen iech: Dir musst ëmmer oppassen a bieden, fir datt dir net a Versuchung faalt; well de Satan verlaangt no iech, fir datt hien iech rëselt wéi Weess am Sift.

19 Dofir muss dir ëmmer a mengem Numm zum Papp bieden;

20 An wat dir de Papp a mengem Numm frot, souwäit et richteg ass an dir gleeft, datt dir et kritt, kuckt, et wäert iech gi ginn.

21 Biet an äre Familljen ëmmer a mengem Numm zum Papp, fir datt är Fraen a Kanner geséint sinn.

22 A kuckt, dir sollt iech och dacks versammelen; an dir sollt kengem verbueden, zu iech ze kommen, wann dir iech versammelt, mee zouloossen, datt si zu iech kommen, an et hinnen net verbueden;

23 mee dir sollt fir si bieden an si net ausstoussen; a wann si dacks zu iech kommen, da sollt dir a mengem Numm fir si zum Papp bieden.

24 Dofir haalt är Luucht héich, fir datt et der Welt liicht. Kuckt, ech sinn d’Liicht, dat dir héichhale sollt—dat, wat dir mech maache gesinn hutt. Kuckt, dir gesitt, datt ech zum Papp gebiet hunn; an dir alleguerte waart Zeien.

25 An dir gesitt, ech hu gebueden, datt kee vun iech ewech goe soll, mee ech hu villméi gebueden, datt dir bei mech komme sollt, fir datt dir fillen a kucke kënnt; genausou sollt dir der Welt maachen; a wien dëst Gebot brécht, dee léist zou, datt hien a Versuchung geréit.

26 An elo huet et sech erginn: Wéi de Jesus dës Wierder gesprach hat, huet hien seng Aen erëm de Jünger, déi hien ernimmt hat, zougewannt, an huet zu hinne gesprach:

27 Kuckt, wierklech, wierklech, ech soen iech: Nach ee Gebot ginn ech iech, an da muss ech bei mäi Papp goen, fir datt ech nach aner Geboter erfëllen, déi hie mir ginn huet.

28 An elo kuckt, dëst ass d’Gebot, dat ech iech ginn: Dir sollt net zouloossen, datt iergendee vu mengem Fleesch a Blutt wëssentlech onwierdeg hëlt, wann dir et ausdeelt;

29 well wie vu mengem Fleesch a Blutt onwierdeg ësst an drénkt, deen ësst an drénkt Verdaamtes fir seng Séil; dofir, wann dir wësst, datt ee Mënsch net wierdeg ass, vu mengem Fleesch a Blutt ze iessen an ze drénken, sou sollt dir et him verbueden.

30 Awer sollt dir hien net vun iech ausstoussen, mee him déngen an a mengem Numm fir hien zum Papp bieden; a wann hien dann ëmkéiert a sech a mengem Numm deefe léist, da sollt dir hien ophuelen an him vu mengem Fleesch a Blutt ausdeelen.

31 Wann hien awer net ëmkéiert, sou soll hie mengem Vollek net dobäigezielt ginn, fir datt hien net mäi Vollek zerschléit; well kuckt, ech kenne meng Schof, an si si gezielt.

32 Awer sollt dir hien net aus äre Synagogen an aus äre Veréierungs-Plazen ausstoussen, well esou ee sollt dir och weiderhin déngen; well dir wësst net, ob si net zeréckkommen an Ëmkéiert üben a mat ganzem Häerz bei mech kommen an ech si heele wäert; an dir wäert d’Mëttel sinn, fir hinnen d’Erléisung ze bréngen.

33 Dofir befollegt dës Wierder, déi ech iech gebueden hunn, fir datt dir net dem Scholdsproch verfaalt; well wéi deem, deen de Papp schëlleg schwätzt.

34 An ech ginn iech dës Geboter wéinst den Ausenanersetzungen, déi et ënnert iech ginn huet. A geséint ditt dir, wann dir ënnert iech keng Ausenanersetzungen hutt.

35 An elo ginn ech bei de Papp, well et ass besser, datt ech wéinst iech bei de Papp ginn.

36 An et huet sech erginn: Wéi de Jesus mat dëse Wierder op en Enn komm war, huet hien déi Jünger, déi hien ernimmt hat, beréiert, een nom anere mat der Hand, jo, bis hien si alleguerte beréiert hat; a wéi hien si beréiert huet, huet hie mat hinne geschwat.

37 An d’Leit hunn d’Wierder net héieren, déi hie geschwat huet, dofir hunn si dovunner keen Temoignage ginn; mee d’Jünger hunn Temoignage ginn, datt hien hinne Muecht ginn huet, den Hellege Geescht ze spenden. An ech wäert spéider nach weisen, datt dësen Temoignage wouer ass.

38 An et huet sech erginn: Wéi de Jesus si alleguerte beréiert hat, koum eng Wollek, déi Schied iwwer d’Leit bruecht huet, sou datt si de Jesus net méi konnte gesinn.

39 A wärend si am Schied waren, ass hie vun hinne gescheet an ass an den Himmel opgefuer. An d’Jünger hu gesinn an hunn Temoignage ginn, datt hien erëm an den Himmel opgefuer ass.