27. Kapitel
De Jesus befielt, datt d’Kierch no Sengem Numm genannt soll ginn—Seng Missioun a Säin Affer vun der Versönung bilde Säin Evangelium—D’Mënsche kréien d’Uweisung, ëmzekéieren a gedeeft ze ginn, fir datt si vum Hellege Geescht gehellegt kënne ginn—Si sollen sou sinn, wéi de Jesus ass. Ongeféier 34–35 n. Chr.
1 An et huet sech erginn: Wéi d’Jünger vum Jesus sech opgemaach an dat gepriedegt hunn, wat si héieren a gesinn haten, an am Numm vum Jesus Christus gedeeft hunn, huet et sech erginn: D’Jünger hunn sech zu mächtegem Bieden a Faaschte versammelt.
2 An de Jesus huet sech hinnen erëm gewisen, well si hunn a sengem Numm zum Papp gebiet; an de Jesus ass komm a stoung matzen ënnert hinnen an huet zu hinne gesprach: Wat wëllt dir, datt ech iech soll ginn?
3 A si hunn zu him gesprach: Här, mir wëllen, datt s du ons de Numm sees, wéi mir dës Kierch nenne sollen; well et ginn ënnert dem Vollek Ausenanersetzungen a Bezuch op dës Saach.
4 An den Här huet zu hinne gesprach: Wierklech, wierklech, ech soen iech: Fir wat sollt d’Vollek dowéinst streiden an Ausenanersetzungen hunn?
5 Hunn si net d’Schrëft gelies, déi do seet, dir misst den Numm vum Christus op iech huelen, nämlech mäin Numm? Well mat dësem Numm wäert dir um leschten Dag geruff ginn;
6 a wien mäin Numm op sech hëlt a bis un d’Enn aushält, dee wäert um leschten Dag gerett sinn.
7 Dofir: Wat och ëmmer dir maacht, dat sollt dir a mengem Numm maachen; dofir sollt dir d’Kierch no mengem Numm nennen; an dir sollt de Papp a mengem Numm uruffen, datt hien d’Kierch séint wéinst menger.
8 A wéi soll et meng Kierch sinn, wann se net no mengem Numm genannt gëtt? Well wann eng Kierch nom Numm vum Moses genannt gëtt, dann ass se d’Kierch vum Moses, oder wann se nom Numm vun engem Mënsch genannt gëtt, dann ass se d’Kierch vun engem Mënsch; wann se awer no mengem Numm genannt gëtt, dann ass se meng Kierch, wann se op mäin Evangelium opgebaut ass.
9 Wierklech, ech soen iech: Dir sidd op mäin Evangelium opgebaut; dofir sollt dir alles, wat ëmmer dir nennen oder uruffe wäert, mat mengem Numm nennen oder uruffen; dofir, wann dir de Papp fir d’Kierch urufft, sou wäert de Papp iech héieren, wann et a mengem Numm geschitt;
10 a wann d’Kierch op mäin Evangelium gebaut ass, da wäert de Papp selwer seng Wierker doranner weisen.
11 Wann se net op mäin Evangelium gebaut ass, mee op Mënschewierk gebaut ass oder op d’Wierker vum Däiwel, wierklech, ech soen iech: Si hunn eng Zäit laang Freed un hire Wierker, an eng Kéier kënnt d’Enn, a si ginn of gehaen an an d’Feier geworf, vu wou et kee Retour gëtt.
12 Well hier Wierker follegen hinnen no, well wéinst hirer Wierker ginn si of gehaen; dofir denkt un dat, wat ech iech gesot hunn.
13 Kuckt, ech hunn iech mäin Evangelium ginn, an dëst ass d’Evangelium, dat ech iech ginn hunn—Ech sinn an d’Welt komm, fir de Wëlle vu mengem Papp ze maachen, well mäi Papp huet mech geschéckt.
14 A mäi Papp huet mech geschéckt, fir datt ech um Kräiz erhuewe ginn; an nodeems ech um Kräiz erhuewe gi war, fir datt ech all Mënsche bei mech zéien, fir datt, wéi ech vun de Mënschen erhuewe gi sinn, sou solle Mënsche vum Papp erhuewe ginn, fir viru mir ze stoen, fir no hire Wierker verurteelt ze ginn, egal ob se gutt oder béis sinn—
15 an aus dësem Grond sinn ech eropgehuewe ginn; dofir wëll ech no der Muecht vum Papp all Mënschen zu mir zéien, fir datt si no hire Wierker geriicht ginn.
16 An et wäert sech erginn: Wien ëmkéiert a sech a mengem Numm deefe léisst, dee wäert saturéiert ginn; a wann hie bis un d’Enn aushält, kuckt, da wëll ech hie viru mengem Papp als ouni Schold betruechten un deem Dag, wou ech virtrieden, fir d’Welt ze riichten.
17 A wien net bis un d’Enn aushält, dee gëtt och ëmgehaen an an d’Feier geworf, vu wou hien net méi zeréckkomme kann, nämlech wéinst der Gerechtegkeet vum Papp.
18 An dëst ass d’Wuert, dat hien de Mënschekanner ginn huet. An aus dësem Grond erfëllt hien d’Wierder, déi hie ginn huet, an hie litt net, mee erfëllt all seng Wierder.
19 An näischt Onrenges kann a säi Räich kommen; dofir kënnt näischt a seng Rou ausser déi, déi hir Kleeder a mengem Blutt gewäsch hunn, wéinst hirem Glawen, der Ëmkéiert vun all hire Sënden, an hirer Trei bis zum Enn.
20 Dëst awer ass d’Gebot: Kéiert ëm, all dir Enne vun der Äerd, a kommt zu mir, a loosst iech a mengem Numm deefen, fir datt dir duerch den Empfang vum Hellege Geescht gehellegt gitt, fir datt dir um leschten Dag ouni Feeler viru mir stoe kënnt.
21 Wierklech, wierklech, ech soen iech: Dëst ass mäin Evangelium; an dir wësst, wat dir a menger Kierch maache musst; well d’Wierker, déi dir mech maache gesinn hutt, déi sollt och dir maachen; well dat, wat dir mech maache gesinn hutt, jo, dat sollt dir maachen;
22 dofir; Wann dir dëst maacht, sidd dir geséint, well dir wäert um leschten Dag eropgehuewe ginn.
23 Schreift nidder, wat dir gesinn an héieren hutt, ausser et wier eppes, wat verbueden ass.
24 Schreift déi Wierker vun dësem Vollek nidder, déi komme wäerten, jo, wéi dat niddergeschriwwen ass, wat gewiescht ass.
25 Well kuckt, aus de Bicher, déi geschriwwe gi sinn an déi een nach schreiwe wäert, soll dëst Vollek geriicht ginn, well duerch déi wäerten hier Wierker de Mënschen ugekënnegt ginn.
26 A kuckt, alles gëtt vum Papp geschriwwen; dofir wäert aus de Bicher, déi geschriwwe ginn, d’Welt geriicht ginn.
27 An dir sollt wëssen, datt dir Riichter vun dësem Vollek wäert sinn, nom Riichtersproch, deen ech iech ginn an dee gerecht wäert sinn. Dofir: Wat fir Männer sollt dir sinn? Wierklech, ech soen iech: Sou, wéi ech sinn.
28 An elo ginn ech zum Papp. A wierklech, ech soen iech: Wat dir de Papp a mengem Numm biede wäert, dat wäert iech gi ginn.
29 Dofir biet, an dir wäert empfaangen; klappt un, an et wäert iech opgemaach ginn; well, wie biet, deen empfänkt, a wien uklappt, deem gëtt opgemaach.
30 An elo, kuckt, meng Freed ass grouss, jo, ech sinn dovunner erfëllt, an zwar wéinst iech an och wéinst dëser Generatioun; jo, a souguer de Papp freet sech, an och all helleg Engelen, wéinst iech a wéinst dëser Generatioun, well keen dovunner ass verluer.
31 Kuckt, ech hätt gären, datt dir dëst verstitt; well ech mengen déijéineg, déi vun dëser Generatioun elo um Liewe sinn; a kee vun hinnen ass verluer, an un hinnen hunn ech eng Fëllt vu Freed.
32 Mee kuckt, ech sinn traureg wéinst der véierte Generatioun no dëser Generatioun, well si wäerte vun him gefaange gefouert ginn, sou wéi et mam Jong vun der Verdaamt war; well verkafe wäerten si mech ëm Sëlwer a Gold an ëm dat, wat Muerte friessen, an Déif, déi kënnen abriechen a stielen. An un deem Dag wëll ech si heemsichen, jo, ech wëll hinnen hier Wierker op dat eegent Haapt bréngen.
33 An et huet sech erginn: Wéi de Jesus mat dëse Wierder op en Enn komm war, huet hien zu senge Jünger gesprach: Gitt an duerch déi enk Paart; well enk ass d’Paart a schmuel de Wee, deen zum Liewe féiert. an nëmmen e puer sinn et, déi e fannen; awer wäit ass d’Paart a breet de Wee, deen zum Doud féiert, a vill sinn et, déi op em higoen, bis d’Nuecht kënnt, wou kee Mënsch méi schaffe kann.