4. Kapitel
Déi Nephitesch Arméie gewanne géint d’Gadianton-Raiber—De Giddianhi gëtt ëmbruecht, a säin Nofollger, den Zemnarihah, gëtt gehängt—D’Nephiten luewen den Här fir hir Victoiren. Ongeféier 19–22 n. Chr.
1 An et huet sech erginn: Géint der Enn vum uechzéngte Joer haten sech d’Raiberarméie fir de Kampf virbereet an hunn ugefaangen, erofzekommen a vun den Hiwwelen aus a vun de Bierger a vun der Wüüst a vun hire Festungen an hire Verstoppen ervir ze briechen; a si hunn ugefaangen, d’Lännereien a Besëtz ze huelen, souwuel déi am Land am Süden ewéi och déi am Land am Norden, a si hunn ugefaangen, all Lännereien, déi vun den Nephitë verlooss gi waren, an d’Stied, déi eidel zeréckgelooss gi waren, a Besëtz ze huelen.
2 Mee kuckt, et sinn an de Lännereien, déi vun den Nephiten zeréckgelooss gi waren, keng wëll Déieren a kee Wëld ginn, an et gouf fir d’Raiber kee Wëld, ausser an der Wüüst.
3 An d’Raiber konnten hiert Liewen net oprechterhalen, ausser an der Wüüst, well si näischt ze iessen haten; well d’Nephiten haten hir Lännereien eidel zeréckgelooss an haten hir Schof an all hire Besëtz gesammelt an hunn enk beienee gewunnt.
4 Dofir gouf et fir d’Raiber keng Méiglechkeet, ze klauen an ze iessen ze kréien, ausser an oppenem Kampf géint d’Nephiten erun ze zéien; an d’Nephiten hunn enk beienee gewunnt a waren un Zuel ganz vill an hate fir sech Proviant ugeheeft, Päerder an Hausdéieren a Klengvéi vu jiddwer Gattung, sou datt si siwe Jore laang iwwerliewe konnten, a wellecher Zäit si gehofft hunn, d’Raiber aus dem Land ewech ze vernichten; an esou ass dat uechzéngt Joer op en Enn gaangen.
5 An et huet sech erginn: Am nonzéngte Joer huet de Giddianhi fonnt, datt et besser wier, géint d’Nephiten an de Kampf ze zéien, well et ass fir si keng Méiglechkeet ginn ze iwwerliewen, ausser duerch Klauen a Stielen a Mord.
6 A si hunn sech net getraut, sech am Land esou vill auszebreeden, datt si Getreider zéie konnten, fir datt net d’Nephiten iwwert si kéimen a si ëmbrénge géifen; dofir huet de Giddianhi sengen Arméien de Befeel ginn, an dësem Joer géint d’Nephiten an de Kampf ze zéien.
7 An et huet sech erginn: Si sinn zum Kampf eru gezunn; an et war am sechste Mount; a kuckt, grouss a schrecklech war deen Dag, wou si zum Kampf eru gezu sinn; a si waren no der Aart vun de Raiber ugedoen; a si hate Lammfell ëm d’Hëften, a si ware mat Blutt verschmiert, an hir Käpp ware geschuer, a si haten dorobber Kappplacken; a grouss a schrecklech war d’Ausgesi vum Giddianhi sengen Arméie wéinst hirer Rëschtung a well si mat Blutt verschmiert waren.
8 An et huet sech erginn: Wéi d’Arméie vun den Nephite wouergeholl hunn, wéi dem Giddianhi seng Arméi ausgesinn huet, sinn si zur Äerd gefall an hunn hiert Jäizen zum Här, hirem Gott, erhuewen, datt hien si verschounen an aus den Hänn vun hire Feinde befreie sollt.
9 An et huet sech erginn: Wéi d’Arméie vum Giddianhi dëst gesinn hunn, hunn si vu Freed mat haarder Stëmm ze jäizen ugefaangen, well si hate gemengt, d’Nephite wieren aus Schrecke virun hirer Arméi nidder gefall.
10 Mee doranner goufen si enttäuscht, well d’Nephiten hunn si net gefaart; mee si hunn hire Gott gefaart an hunn hien ëm Schutz gefleet; dofir, wéi d’Arméi vum Giddianhi op si lass gestierzt ass, waren si bereet, sech hinnen ze stellen; jo, mat der Stäerkt vum Här hunn si si empfaangen.
11 An de Kampf huet an dësem sechste Mount ugefaangen; a grouss a schrecklech war de Kampf, jo, grouss a schrecklech war dat Gemetzelt, sou schlëmm, datt ënnert dem Lehi sengem Vollek, zënter hie Jerusalem verlooss hat, nimools een esou grousst Gemetzelt bekannt gewiescht war.
12 An trotz den Drohungen an den Eeden, déi de Giddianhi gemaach hat, kuckt, d’Nephiten hunn si geschloen, sou datt si virun hinnen zeréckgefall sinn.
13 An et huet sech erginn: De Gidgiddoni huet sengen Arméie kommandéiert, si bis un d’Grenze vun der Wüüst ze verfollegen a keen ze verschounen, deen hinnen op dem Wee an d’Hänn fale géif; an esou hunn si si bis un d’Grenze vun der Wüüst verfollegt an ëmbruecht, jo, bis si de Befeel vum Gidgiddoni ausgefouert haten.
14 An et huet sech erginn: De Giddianhi, dee mat Courage gestanen a gekämpft hat, gouf verfollegt, wéi hie fort gelaf ass; a well hie wéinst sengem ville Kämpfe midd war, gouf hien ageholl an ëmbruecht. An dëst war d’Enn vum Raiber Giddianhi.
15 An et huet sech erginn: D’Arméie vun den Nephitë sinn erëm an hier Befestegungen zeréck gekéiert. An et huet sech erginn: Dëst nonzéngt Joer ass vergaangen, an d’Raiber koumen net erëm zum Kampf; och am zwanzegste Joer koumen si net erëm.
16 An am eenanzwanzegste Joer sinn si net zum Kampf eru gezunn, mee si koume vun alle Säiten, fir d’ganzt Vollek Nephi ronderëm ze belageren; well si hu gemengt, wann si d’Vollek Nephi vu senge Lännereien ofschneide kéinten an et op jiddwer Säit aschléisse géifen a wann si et vun all Notzung, déi ausserhalb léit, ofschneide géifen, kéinten si et doduerch zwéngen, datt et sech no hirem Wonsch ausliwwere géif.
17 Elo haten si sech een anere Führer bestëmmt, deem säin Numm Zemnarihah war; dofir war et den Zemnarihah, deen dës Belagerung kommandéiert huet.
18 Mee kuckt, dëst war ee Virdeel fir d’Nephiten; well et war fir d’Raiber onméiglech, d’Belagerung laang genuch oprechtzëerhalen, sou datt se eng Wierkung op d’Nephitë gehat hätt, well dës hate vill Proviant, déi si agelagert haten,
19 an de Proviant bei de Raiber war ganz knapp; well kuckt, si haten näischt ausser Fleesch als Verfleegung, an dëst Fleesch hunn si sech an der Wüüst verschaaft;
20 An et huet sech erginn, datt d’Wëld an der Wüüst rar gouf, sou datt d’Raiber bal vun Honger ëmkomm sinn.
21 An d’Nephiten si bestänneg lassmarschéiert, bei Dag an Nuecht, a sinn iwwert d’Arméien hiergefall an hunn si zu Dausenden an Zéngdausenden ausgeschalt.
22 An esou gouf et de Wonsch vum Vollek Zemnarihah, sech vu sengem Virhunn zeréckzezéien, an zwar wéinst der grousse Vernichtung, déi bei Nuecht a bei Dag iwwert si koum.
23 An et huet sech erginn: Den Zemnarihah huet sengem Vollek de Befeel ginn, sech vun der Belagerung zeréckzezéien an an déi méi ofgeleeën Deeler vum Land am Norden ze marschéieren.
24 Wou awer de Gidgiddoni hir Absicht wouer geholl huet an hir Schwächt wéinst dem Mangel un Iessen an dem grousse Gemetzelt, dat ënnert hinnen ugeriicht gi war, kannt huet, huet hien seng Arméien zur Nuetszäit erausgeschéckt an hinnen de Réckzuch ofgeschnidden an huet seng Arméien un hirem Réckzuchswee opgestallt.
25 An dëst hunn si zur Nuetszäit gemaach a sinn op hirem Marsch iwwert d’Raiber eraus komm, esou datt d’Raiber um anere Mueren, wéi si ugefaangen hu mat marschéieren, vun den Arméie vun den Nephitë souwuel vu vir ewéi och vun hanne gestallt goufen.
26 An déi Raiber, déi am Süde waren, goufen och vun hire Sanctuairen ofgeschnidden. An all dëst ass geschitt op Befeel vum Gidgiddoni.
27 An et si vill Dausender ginn, déi sech den Nephiten als Gefaangener ausgeliwwert hunn, an déi iwwreg vun hinne goufen ëmbruecht.
28 An hire Führer, den Zemnarihah, gouf ergraff an un engem Bam gehenkt, jo, un deem senger Spëtzt, bis hien dout war. A wéi si hie gehenkt haten, bis hien dout war, hunn si de Bam zur Äerd gefält a mat haarder Stëmm geruff, nämlech:
29 Géif den Här säi Vollek a Gerechtegkeet an Hellegkeet vum Häerz preservéieren, fir datt si all déi, déi si wéinst Muecht a geheime Verbindungen ëmbrénge wëllen, op d’Äerd fale loossen, sou wéi dëse Mann op d’Äerd gefall ass.
30 An si hunn sech gefreet a erëm wéi mat enger Stëmm geruff, nämlech: Géif de Gott vum Abraham an de Gott vum Isaak an de Gott vum Jakob dëst Vollek a Gerechtegkeet schützen, soulaang et den Numm vu sengem Gott ëm Schutz urifft.
31 An et huet sech erginn: Si alleguerten, ewéi ee Mann, sinn a Gesang ausgebrach an hu Gott fir dat Grousst gelueft, datt hie fir si gemaach hat, andeems hien si dovunner beschützt huet, hire Feinden an d’Hänn ze falen.
32 Jo, si hu geruff: Hosanna dem Allerhéchste Gott. An si hu geruff: Geséint sief den Numm vum Här Gott, dem Allmächtegen, dem Allerhéchste Gott.
33 An d’Häerz ass hinne vu Freed geschwollen, bis si vill Tréine vergoss hunn wéinst der grousse Guttheet vu Gott, deen si aus den Hänn vun hire Feinde befreit hat; a si woussten, datt si wéinst hirer Ëmkéiert an hirer Humilitéit aus enger éiweger Zerstéierung befreit gi waren.