17. Kapitel
De Jesus weist d’Leit un, iwwer Seng Wierder nozedenken a fir Verständnis ze bieden—Hien heelt hir Krank—Hie biet fir d’Leit a benotzt eng Sprooch, déi net geschriwwe ka ginn—Engelen déngen hire Klengen, a Feier ëmschléisst si. Ongeféier 34 n. Chr.
1 Kuckt, elo huet et sech erginn: Wéi de Jesus dës Wierder geschwat hat, huet hien erëm op d’Leit ronderëm gekuckt an zu hinne geschwat: Kuckt, meng Zäit ass no.
2 Ech si mir bewosst, datt dir schwaach sidd, datt dir net all meng Wierder verstoe kënnt, déi ech iech zu dëser Zäit soe soll, wéi mir de Papp kommandéiert huet.
3 Dofir gitt heem an denkt iwwer dat no, wat ech gesot hunn, a biet de Papp a mengem Numm, fir datt dir verstoen an äre Sënn fir muer bereet maache kënnt, an ech kommen erëm zu iech.
4 Mee elo ginn ech zum Papp an och, fir mech de verluere Stämm vun Israel ze weisen, well fir de Papp sinn se net verluer, well hie weess, wouhinner hien se bruecht huet.
5 An et huet sech erginn: Wéi de Jesus esou gesprach hat, huet hien d’Aen erëm ronderëm iwwert d’Leit goe gelooss an huet gesinn, datt hinnen d’Tréinen erofgelaf sinn, a si hunn hien déi ganzen Zäiten ugekuckt, wéi wann si hie biede wéilten, nach e bësse méi laang bei hinnen ze bleiwen.
6 An hien huet zu hinne gesprach: Kuckt, mäi Banneschtes ass vu Matgefill mat iech erfëllt.
7 Hutt dir Kranker ënnert iech? Bréngt si heihinner. Hutt dir Schlammer oder Blanner oder Hautkranker oder Krëppel oder Aussätzeger oder déi verduerwe sinn oder déi daf sinn oder déi an iergendenger Weis bedrängt sinn? Bréngt si heihinner, an ech wäert si heelen, well ech hu Matgefill mat iech; mäi Banneschtes ass vu Baarmhäerzegkeet erfëllt.
8 Well ech si mir bewosst, datt dir de Wonsch hutt, ech géif iech weisen, wat ech äre Bridder zu Jerusalem gemaach hunn, well ech gesinn, datt dir genuch Glawen hutt, sou datt ech iech heele kann.
9 An et huet sech erginn: Wéi hien esou geschwat hat, koumen déi ganz Leit harmonesch erun, mat hire Kranken an hire Bedrängten an hire Schlammen an hire Blannen an hire Stommen an deenen, déi ob iergendeng Weis bedrängt waren; an hien huet jidderee geheelt, wéi si zu him hi bruecht goufen.
10 A si alleguerten, déijéineg, déi hie geheelt hat, an déijéineg, déi gesond waren, hunn sech nidder gebéit, him zu Féiss, an hunn hien ugebiet; alleguerten, déi amstand waren, trotz de Leit un hien erunzekommen, hunn him d’Féiss gekësst, sou datt si seng Féiss mat hiren Tréinen naass gemaach hunn.
11 An et huet sech erginn: Hien huet hinne gebueden, hir kleng Kanner ze bréngen.
12 Sou hunn si hir kleng Kanner bruecht an se him ronderëm op de Buedem gesat, an de Jesus stoung an der Mëtt; an d’Leit hu Plaz gemaach, bis se alleguerten zu him bruecht gi waren.
13 An et huet sech erginn: Wéi se alleguerte bruecht waren an de Jesus an der Mëtt stoung, huet hien de Leit gebueden, op de Buedem nidderzeknéien.
14 An et huet sech erginn: Wéi si op de Buedem niddergeknéit waren, huet de Jesus ënnerlech gejéimert a gesot: Papp, ech si beonrouegt wéinst der Béist vum Haus vun Israel.
15 A wéi hien dës Wierder gesprach hat, huet hien sech och op de Buedem niddergeknéit; a kuckt, hien huet zum Papp gebiet, an dat, wat hie gebiet huet, kann net niddergeschriwwe ginn, an d’Leit, déi hien héieren hunn, hunn Temoignage ginn.
16 An op dës Weis ginn si Temoignage: Sou Grousses a Wonnerbares, wéi mir de Jesus zum Papp schwätze gesinn an héieren hunn, dat huet virdru keen A gesinn, keen Ouer héieren;
17 an esou Grousses a Wonnerbares, wéi mir de Jesus et schwätzen an och héieren hunn, dat ka keng Zong ausschwätzen, och ka kee Mënsch et nidderschreiwen, an d’Mënschenhäerz kann et net erfaassen; a kee kann déi Freed moossen, déi ons Séil erfëllt huet zu där Zäit, wou mir hie fir ons zum Papp bieden héieren hunn.
18 An et huet sech erginn: Wéi de Jesus mat sengem Gebiet zum Papp op en Enn komm war, ass hien opgestanen; esou grouss awer war d’Freed vun de Leit, datt si iwwerwältegt waren.
19 An et huet sech erginn: De Jesus huet zu hinne gesprach an huet si geheescht opzestoen.
20 An si si vun der Äerd opgestan, an hien huet zu hinne gesot: Geséint sidd dir wéinst ärem Glawen. An elo kuckt, meng Freed ass voll.
21 A wéi hien dës Wierder gesot hat, huet hie gekrasch, an d’Leit hunn dovunner Temoignage ginn, an hien huet hir kleng Kanner geholl, eent nom aneren, an huet si geséint a fir si zum Papp gebiet.
22 A wéi hien dës gemaach hat, huet hien erëm gekrasch;
23 an hien huet zu de Leit geschwat an zu hinne gesprach: Kuckt är Klenger.
24 A wéi si gekuckt hunn, fir ze gesinn, hunn si de Bléck zum Himmel gehuewen, a si hunn den Himmel op gesinn, a si hunn Engelen aus dem Himmel erofkomme gesinn, esou wéi matze vu Feier; a si sinn erofkomm a sech am Krees ëm déi Kleng gestallt, a si ware vu Feier ëmschloss; an d’Engelen hunn hinne gedéngt.
25 An d’Leit hu gesinn an héieren an Temoignage ginn; a si wëssen, datt hiren Temoignage wouer ass; well si alleguerten hu gesinn an héieren, jiddweree selwer; a si ware un Zuel an di zweedausendfënnefhonnert Séilen; an et waren do Männer, Fraen a Kanner.