Scriptures
1 Nephi 9


9. Kapitel

Den Nephi mécht zwee Set vu Placken—Allen zwee ginn d’Placke vum Nephi genannt—Déi grouss Placken enthalen eng weltlech Geschicht; déi kleng konzentréieren sech haaptsächlech op helleg Saachen. Ongeféier 600–592 v. Chr.

1 An all dës Saachen huet mäi Papp gesinn, héieren a geschwat, wéi hien an engem Zelt am Dall vu Lemuel gewunnt huet, an och vill méi Saachen, déi net op dës Placke geschriwwe kënne ginn.

2 An elo, wéi ech iwwer dës Placke geschwat hunn, kuckt, et sinn net déi Placken, op deenen ech ee komplette Bericht vun der Geschicht vu mengem Vollek maachen; well d’Placken, op deenen ech ee komplette Bericht vu mengem Vollek maachen, hunn ech den Numm Nephi ginn; dofir ginn se d’Placke vum Nephi genannt, no mengem eegenen Numm; an dës Placke ginn och d’Placke vum Nephi genannt.

3 Mee ech hu vum Här d’Gebot empfaangen, dës Placken zu deem besonneschen Zweck ze maachen, datt dorobber ee Bericht iwwer d’geeschtlecht Wierke vu mengem Vollek agravéiert géif.

4 Op déi aner Placke soll ee Bericht iwwer d’Regierung vun de Kinneken an iwwer d’Kricher a Streidereie vu mengem Vollek gravéiert ginn; dofir sinn dës Placke méi dem geeschtleche Wierke gewidmet, wougéint déi aner Placke méi vun der Regierung vun de Kinneken an iwwer d’Kricher a Steidereie vu mengem Vollek berichten.

5 Lo huet den Här mir gebueden, dës Placken ze maachen, an zwar a senger weiser Intentioun, mee ech kennen dës Intentioun net.

6 Mee den Här weess alles, vun Ufank un; dofir bereet hien ee Wee, säi ganzt Wierk ënnert de Mënschekanner ze vollbréngen; well kuckt, hien huet all Muecht, seng sämtlech Wierder ze erfëllen. An esou ass et. Amen.