5. Kapitel
D’Sariah beschwéiert sech iwwert de Lehi—Béid freeën sech iwwer d’Erëmkomme vun hire Jongen—Si bréngen Affer duer—D’Placken aus Messeng enthale Schrëfte vum Moses an de Propheten—D’Placken identifizéieren de Lehi als Nokomme vum Joseph—De Lehi prophezeit iwwert seng Nokommen an d’Erhale vun de Placken. Ongeféier 600–592 v. Chr.
1 An et huet sech erginn: Wéi mir zu eisem Papp an d’Wüüst koumen, du war hie voller Freed, an och meng Mamm Sariah war immens frou; well wierklech, si hat ëm eis getrauert.
2 Well si hat gemengt, mir wieren an der Wüüst ëmkomm. Och hat si mengem Papp Virwërf gemaach a gesot, hie wär ee Mënsch mat Visiounen; si sot: Kuck, du hues eis aus dem Land vun eiser Ierfschaft ewechgefouert, a meng Jonge liewen net méi, a mir kommen an der Wüüst ëm.
3 An no dëser Aart a Weis vu Sprooch hat meng Mamm mengem Papp Virwërf gemaach.
4 An et hat sech erginn: Mäi Papp huet zu hir geschwat, nämlech: Ech weess, datt ech Visiounen hunn; well wann ech dat, wat vu Gott ass, net an enger Visioun gesinn hätt, dann hätt ech dem Härgott seng Guttheet net erlieft, mee ech wär zu Jerusalem bliwwen a mat menge Bridder ëmkomm.
5 Mee kuckt, ech hunn e versprachent Land kritt, un deem ech mech freeën; jo, an ech weess, datt den Här meng Jongen aus den Hänn vum Laban befreie wäert, an si erëm bei eis an d’Wüüst brénge wäert.
6 An no dëser Aart a Weis vu Sprooch huet mäi Papp Lehi meng Mamm Sariah a Bezuch op eis getréischt, während mir duerch d’Wüüst zum Land Jerusalem gezu sinn, fir d’Opzeechnunge vun de Judden ze kréien.
7 A wéi mir zum Zelt vun eisem Papp erëm koumen, kuckt, du war hir Freed voll, a meng Mamm war getréischt.
8 An si huet geschwat a gesot: Elo weess ech sécher, datt den Här mengem Mann gebueden huet, an d’Wüüst ze flüchten; jo, an ech weess och sécher, datt den Här meng Jonge beschützt huet, an si aus den Hänn vum Laban befreit huet, an hinnen d’Muecht ginn huet, mat där si dat erreeche konnten, wat den Här hinne gebueden huet. An no dëser Aart a Weis vu Sprooch huet si geschwat.
9 An et huet sech erginn: Si hunn sech iwwert d’Moosse gefreet an hunn dem Här Affer a Brandaffer duer bruecht; a si hunn dem Gott vun Israel Merci gesot.
10 Nodeems si dem Gott vun Israel Merci gesot haten, huet mäi Papp Lehi d’Opzeechnunge geholl, déi op de Placken aus Messeng gravéiert waren, an huet se vun Ufank un duerchgekuckt.
11 Hien huet gesinn, datt doranner déi fënnef Bicher vum Moses enthale waren, an doranner huet sech och ee Bericht vun der Schëpfung vun der Äerd an och vun Adam an Eva, eisen éischten Elteren, befonnt;
12 dozou ee Bericht vun de Judden, vun Ufank un bis zum Ufank vum Zedekia, de Kinnek vu Juda, senger Regierung;
13 ausserdeem d’Prophezeiunge vun den hellege Propheten, vun Ufank un bis zum Ufank vum Zedekia senger Regierung, souwéi vill Prophezeiungen, déi duerch dem Jeremia säi Mond geschwat gi waren.
14 An et huet sech erginn, datt mäi Papp, de Lehi, op de Placken aus Messeng och eng Genealogie vu senge Pappe fonnt huet; dofir wousst hien, datt hien en Nokomme vum Joseph war; jo, souguer dee Joseph, deen de Jong vum Jakob war, deen an Ägypte verkaaft gouf, an dee vun der Hand vum Här beschützt gouf, fir datt hie säi Papp, de Jakob, a säi ganzen Haushalt virun der Hongersnout rette kéint.
15 An si goufe vun deemselwechte Gott, deen si beschützt hat, och aus der Gefaangenschaft gefouert, aus dem Land Ägypten.
16 Sou huet mäi Papp Lehi d’Genealogie vu senge Pappen entdeckt. Och de Laban huet vum Joseph ofgestaamt, an dofir haten hien a seng Pappen d’Opzeechnunge gefouert.
17 Wéi mäi Papp elo dat alles gesinn huet, gouf hie vum Geescht erfëllt an huet ugefaangen, a Bezuch op seng Nokommen ze prophezeien—
18 datt dës Placken aus Messeng un all Natiounen, Geschlechter, Sproochen an all Vëlker komme géifen, déi zu sengen Nokomme gehéiere géifen.
19 Dofir sot hien, dës Placken aus Messeng géifen ni zerstéiert ginn; se géifen och net méi duerch d’Zäit ondäitlech ginn. An hien huet Villes prophezeit a Bezuch op seng Nokommen.
20 An et huet sech erginn: Sou wäit hate mäi Papp an ech d’Geboter gehalen, déi den Här eis ginn hat.
21 A mir haten d’Opzeechnunge kritt, wéi den Här et eis gebueden hat. Mir haten se duerchgekuckt a fonnt, datt se eis ganz vill profitéiere géifen, jo, se ware fir eis vu groussem Wäert, well doduerch konnte mir dem Här seng Geboter fir eis Kanner erhalen.
22 Dofir war et no der Weisheet vum Här, dat mir se mat eis huele sollten, wa mir duerch d’Wüüst dem Land vun der Verheeschung entgéint zéie géifen.