Scriptures
1 Nephi 12


12. Kapitel

Den Nephi gesäit an enger Visioun dat versprachent Land; d’Gerechtegkeet, d’Ongerechtegkeet an den Ënnergang vu senge Bewunner; d’Komme vum Lämmche Gottes ënnert hinnen; wéi déi Zwielef Jünger an déi Zwielef Apostelen Israel riichte wäerten; an den eekelhaften an dreckegen Zoustand vun deenen, déi am Onglawe verkommen. Ongeféier 600–592 v. Chr.

1 An et huet sech erginn: den Engel huet zu mir gesprach: Kuck, a kuck deng Nokommen an och d’Nokomme vun denge Bridder. An ech hu gekuckt an hunn d’Land vun der Verheeschung gesinn; an ech hu Versammlunge vu Mënsche gesinn, jo, deenen hir Zuel sou grouss geschéngt huet wéi de Sand am Mier.

2 An et huet sech erginn: Ech hu Versammlunge gesinn, zum Kampf opgestallt, eng géint déi aner; an ech hu Kricher a Krichsgerücht a grousst Gemetzelt mam Schwäert ënnert mengem Vollek gesinn.

3 An et huet sech erginn: Ech hu vill Generatioune vergoe gesinn, wéi et bei Krich a Sträit am Land sou ass; an ech hu vill Stied gesinn, jo, sou vill, datt ech se net gezielt hunn.

4 An et huet sech erginn: Ech hunn een däischteren Niwwel op dem Land vun der Verheeschung leie gesinn; an ech hu Blëtzer gesinn an hunn Donnerschléi an Äerdbiewen an allerhand heftege Kaméidi héieren. An ech hunn d’Äerd an d’Fielsen sech spalte gesinn; an ech hu Bierger a Stécker brieche gesinn; an ech hu gesinn, wéi d’flaacht Land sech opgedoen huet, a vill Stied hunn ech versénke gesinn, vill hunn ech a Flamen opgoe gesinn, vill hunn ech astierze gesinn, well d’Äerd gebieft huet.

5 An et huet sech erginn: Nodeems ech dëst gesinn hat, hunn ech bemierkt, wéi sech den däischteren Donst vum Äerdbuedem gehuewen huet; a kuckt, ech hunn déi Versammlunge gesinn, déi wärend dem groussen a schreckleche Strofgeriicht vum Här net gefall waren.

6 An ech hunn den Himmel op gesinn an hien, d’Lämmche Gottes, aus dem Himmel erofkomme gesinn; hie koum erof an huet sech hinne gewisen.

7 An ech hunn och gesinn an temoignéieren, datt den Hellege Geescht op zwielef anerer gefall ass; an si goufe vu Gott veruerdent an ausgewielt.

8 An den Engel huet zu mir gesprach, nämlech: Kuck déi zwielef Jünger vum Lämmche, déi gewielt sinn, dengen Nokommen ze déngen.

9 An hien huet zu mir gesprach: Erënners du dech un déi zwielef Apostele vum Lämmche? Kuck, si sinn et, déi déi zwielef Stämm vun Israel riichte wäerten; dofir wäerten och déi zwielef geeschtlech Dénger aus dengen Nokomme vun hinne geriicht ginn; well där sidd vum Haus vun Israel.

10 An dës zwielef geeschtlech Dénger, déi s du gesäis, wäerten deng Nokomme riichten. Kuck, si si gerecht fir ëmmer, well duerch hire Glawen un d’Lämmche Gottes sinn hir Kleeder a sengem Blutt wäiss gemaach.

11 An den Engel huet zu mir gesprach: Kuck! An ech hu gekuckt an hunn dräi Generatiounen a Gerechtegkeet vergoe gesinn; an hir Kleeder ware wäiss, jo, sou wäiss wéi dat vum Lämmche Gottes. An den Engel huet zu mir gesprach: Dës sinn duerch hire Glawen un d’Lämmche Gottes a säi Blutt wäiss gemaach.

12 An ech, Nephi, hunn där och vill aus der véierter Generatioun a Gerechtegkeet vergoe gesinn.

13 An et huet sech erginn: Ech hunn d’Leit vun der Welt versammelt gesinn.

14 An den Engel huet zu mir gesprach: Kuck deng Nokommen an och d’Nokomme vun denge Bridder.

15 An et huet sech erginn: Ech hu gekuckt an hu gesinn, datt d’Vollek vu mengen Nokommen ganz vill géint d’Nokomme vu menge Bridder versammelt waren; a si waren zum Kampf versammelt.

16 An den Engel huet zu mir gesprach, nämlech: Kuck d’Quell mam dreckege Waasser, déi däi Papp gesinn hat; jo, nämlech dee Floss, vum deem hie gesprach hat; a seng Déifte sinn d’Déifte vun der Hell.

17 An déi däischter Niwwele sinn d’Versuchunge vum Däiwel, deen d’Ae vun de Mënschekanner blann mécht an d’Häerz verhäert an si op déi breet Stroossen ewechféiert, sou datt si ëmkommen a verluer sinn.

18 An dat grousst a geraimegt Gebai, dat däi Papp gesinn huet, stellt déi iwwerhieflech Abildung an de Stolz vun de Mënschekanner duer. An eng grouss a schrecklech Kluft trennt se; jo, nämlech d’Wuert vun der Gerechtegkeet vum éiwege Gott a vum Messias, deen d’Lämmche Gottes ass; a vun dësem gëtt den Hellege Geescht Temoignage, vun Ufank vun der Welt un bis zu dëser Zäit a vun dëser Zäit u fir ëmmer.

19 A während den Engel dës Wierder gesprach huet, hunn ech gekuckt an hu gesinn, datt d’Nokomme vu menge Bridder géint meng Nokomme gekämpft hunn, wéi den Engel et gesot hat; an ech hu gesinn: D’Vollek vu mengen Nokomme gouf wéinst sengem Stolz a wéinst de Versuchunge vum Däiwel vun den Nokomme vu menge Bridder iwwerrannt.

20 An et huet sech erginn: Ech hu gekuckt an hunn d’Vollek vun den Nokomme vu menge Bridder gesinn, wéi si meng Nokommen iwwerrannt haten; an si hunn sech ganz vill iwwer d’ganz Land ausgebreet.

21 An ech hunn si ganz vill versammelt gesinn, an ech hu Kricher a Rumeuren iwwer Kricher ënnert hinne gesinn; an a Kricher a Rumeuren iwwer Kricher hunn ech vill Generatioune vun hinne vergoe gesinn.

22 An den Engel huet zu mir gesprach: Kuck, dës wäerten an Onglawe verfalen.

23 An et huet sech erginn, datt ech gesinn hunn, nodeems si an Onglawe verfall waren, sinn si zu engem däischteren, eeklegen an dreckege Vollek ginn, voller Lidderegkeet an all Zorte vun Abscheilechkeeten.