2. Kapitel
De Lehi féiert seng Famill an d’Wüüst beim Roude Mier—Si verloossen hire Besëtz—De Lehi bréngt dem Här en Affer duer an enseignéiert senge Jongen, d’Geboter ze halen—De Laman an de Lemuel grommele géint hire Papp—Den Nephi ass gehorsam a biet am Glawen; den Här schwätzt zu him, an hie gëtt gewielt, fir iwwer seng Bridder ze regéieren. Ongeféier 600 v. Chr.
1 Well kuckt, et huet sech erginn: Den Här huet zu mengem Papp geschwat, jo, an engem Dram, an en huet gesot: Geséint bass du, Lehi, dowéinst, wat s du gemaach hues; a well s du trei wars an dësem Vollek dat verkënnegt hues, wat ech dir gebueden hunn, kuck, dofir wëllen si dir d’Liewen huelen.
2 An et huet sech erginn: Den Här huet mengem Papp gebueden, jo, an engem Dram, hie sollt seng Famill huelen an duerch d’Wüüst zeien.
3 An et huet sech erginn: Hien huet dem Här sengem Wuert gefollegt, an dofir huet hien dat gemaach, wat den Här him gebueden huet.
4 An et huet sech erginn, datt hien an d’Wüüst fortgaangen ass. An hien huet säin Haus, an d’Land vu senger Ierfschaft, a säi Gold, a säi Sëlwer, a seng wäertvoll Saache verlooss, an huet näischt matgeholl, ausser seng Famill, a Proviant, an Zelter, an ass an d’Wüüst gaangen.
5 An esou ass hien erof komm an d’Géigend vum Floss vum Roude Mier; hien ass an d’Wüüst gezunn an déi Géigend, déi ganz no um Roude Mier léit; an d’Wüüst ass hie gezu mat senger Famill, déi sech aus menger Mamm Sariah a mengen eelere Bridder, nämlech de Laman, de Lemuel an de Sam zesummegesat huet.
6 An et huet sech erginn: Wéi hien dräi Deeg laang duerch d’Wüüst gezu war, huet hien säin Zelt an engem Dall, no vun engem Waasserlaf, opgebaut.
7 An et huet sech erginn: Hien huet een Altor aus Steng gebaut an huet dem Här een Affer offréiert an huet dem Här, eisem Gott, Merci gesot.
8 An et huet sech erginn: Hien huet dem Floss den Numm Laman ginn, an dësen huet sech an d’Rout Mier ergoss; d’Dall awer war an der Géigend no bei senger Mündung.
9 A wei mäi Papp gesinn huet, datt sech d’Waasser vum Floss an d’Quell vum Roude Mier ergoss huet, huet hien zum Laman gesot, nämlech: O wann s du nëmme wärs ewéi dëse Floss an dech bestänneg zur Quell vun aller Gerechtegkeet beganne géifs!
10 An och zum Lemuel sot hien: O wann s du wiers wéi dëst Dall, fest a standhaft an onerschëtterlech am Hale vun de Geboter vum Här!
11 Dëst huet hie wéinst der Bornéiert vum Laman a Lemuel geschwat; well si hunn a ville Saache géint hire Papp gegrommelt, well hie wär e Mann mat Visiounen, an hien hätt si aus dem Land Jerusalem gefouert, fir d’Land vun hirer Ierfschaft, hiert Gold, hiert Sëlwer an hir wäertvoll Saachen ze verloossen, fir an der Wüüst ëmzekommen. An dat hunn si gesot, hien hätt gemaach wéinst den dommen Abildunge vu sengem Häerz.
12 An esou hunn de Laman an de Lemuel, déi di eelste waren, gegrommelt, géint hire Papp. Si hu gegrommelt, well si d’Wierker vu Gott, deen si erschaf hat, net erkannt hunn.
13 Si hunn och net gegleeft, dat Jerusalem, déi grouss Stad, zerstéiert kéint ginn, wéi et d’Prophete gesot haten. Si ware wéi d’Judden zu Jerusalem, déi mengem Papp d’Liewe wollten huelen.
14 An et huet sech erginn: Am Dall Lemuel huet mäi Papp mat Muecht zu hinne geschwat, well hie war vum Geescht erfëllt, an si hu virun him um ganze Kierper geziddert. An esou huet hien si duerchernee bruecht, sou datt si sech net méi getraut hunn, iergend eppes géint hien ze soen; dofir hunn si dat gemaach, wat hien hinne gebueden huet.
15 A mäi Papp huet an engem Zelt gewunnt.
16 An et huet sech erginn: Ech, den Nephi, war zwar nach ganz jonk, wann och grouss vu Gestalt, mee ech hat grousst Verlaangen, vun de Geheimnisser Gottes ze wëssen; dofir hunn ech den Här ugejaut. A kuckt, hien huet mech besicht a mäin Häerz erweecht, sou dat ech all déi Wierder gegleeft hunn, déi mäi Papp geschwat hat; dofir hunn ech mech net, sou wéi meng Bridder, géint hie rebelléiert.
17 An ech hu mam Sam geschwat an hunn him alles bekannt gemaach, wat mir de Här duerch säin Hellege Geescht wësse gedoen huet. An et huet sech erginn: Hien huet menge Wierder gegleeft.
18 Mee kuckt, de Laman an de Lemuel wollten net op meng Wierder lauschteren; a well ech wéinst hirer Häerzenshäert ganz vill bekëmmert war, hunn ech den Här wéinst hinnen ugeruff.
19 An et huet sech erginn: Den Här huet zu mir gesprach, nämlech: Geséint bass du, Nephi, wéinst dengem feste Glawen, well du hues mech äifreg a mat bescheidenem Häerze gesicht.
20 A wann dir meng Geboter haalt, wäert et iech wuel ergoen, an dir wäert an ee versprachend Land gefouert ginn; jo, an ee Land, dat ech fir iech virbereet hunn, jo, ee Land, dat virun allen anere Länner auserwielt ass.
21 A wann deng Bridder sech géint mech rebelléieren, wäerten si aus der Géigewaart vum Här verbannt ginn.
22 A wann s du meng Geboter häls, wäerts du zu engem Herrscher iwwer deng Bridder an zu engem Enseignant fir si gemaach ginn.
23 Well kuck, un deem Dag, an deem si sech géint mech rebelléieren, wëll ech si verfluchen, jo, mat engem schwéiere Fluch, an si solle keng Muecht iwwer deng Nokommen hunn, ausser wann déi sech géint mech rebelléieren.
24 A wann si sech géint mech rebelléieren, wäerten déi dengen Nokommen eng Gäissel sinn, fir si opzestëppelen, dat si sech erëm erënneren.