7. Kapitel
D’Jonge vum Lehi kommen zeréck op Jerusalem a invitéieren den Ismael a säin Haushalt, sech hinnen op hirer Rees unzeschléissen—De Laman an anerer rebelléieren—Den Nephi ermaant seng Bridder, un den Här ze gleewen—Si bannen hie mat Seeler a plangen seng Zerstéierung—Hie gëtt duerch d’Muecht vum Glawe befreit—Seng Bridder froen ëm Verzeiung—De Lehi a seng Gesellschaft bréngen Affer, fir ze verbrennen, duer. Ongeféier 600–592 v. Chr.
1 An elo wëll ech, datt dir wësst, datt nodeems mäi Papp, de Lehi, opgehalen hat, iwwer seng Nokommen ze prophezeien, huet et sech erginn, datt den Här nach eng Kéier zu him geschwat huet a gesot huet, datt et net gutt fir hien, de Lehi, wier, seng Famill eleng an d’Wüüst ze bréngen; mä datt seng Jongen Duechteren zur Fra sollen huelen, fir datt si dem Här Nokommen am Land vun der Verheeschung grousszéie kéinten.
2 An et huet sech erginn: Den Här huet him gebueden, datt ech, Nephi, a meng Bridder nach eng Kéier an d’Land Jerusalem zeréckgoen an den Ismael mat senger Famill an d’Wüüst brénge sollten.
3 An et huet sech erginn: Ech, Nephi, sinn nach eng Kéier mat menge Bridder eraus an d’Wüüst gezunn, fir no Jerusalem eropzegoen.
4 An et huet sech erginn: Mir sinn erop bei den Ismael heem gaangen, a mir hu Gonscht an dem Ismael sengen Ae fonnt, sou datt mir him d’Wierder vum Här matgedeelt hunn.
5 An et huet sech erginn: Den Här huet dem Ismael an och senger Famill d’Häerz erweecht, an sou sinn si mat eis an d’Wüüst erofgezunn, zum Zelt vun eisem Papp.
6 An et huet sech erginn: Wéi mir an d’Wüüst higezu sinn, kuckt, do hunn sech de Laman an de Lemuel an och zwee vun den Duechtere vum Ismael mat hire Famillje géint eis rebelléiert; jo, géint mech, den Nephi, a géint de Sam a géint hire Papp Ismael a seng Fra a seng dräi aner Duechteren.
7 An et huet sech erginn: An dëser Rebellioun hunn si sech gewënscht, an d’Land Jerusalem zeréckzegoen.
8 Lo war ech, Nephi, iwwert hir Häerzenshäert traureg, dowéinst hunn ech zu hinne geschwat, jo, zum Laman an zum Lemuel, nämlech: Kuckt, dir sidd meng eelste Bridder. Wéi kënnt et, datt äert Häerz sou verhäert ass an äre Sënn sou verblennt, datt ech, äre jéngste Brudder, zu iech schwätzen, jo, iech ee Beispill gi muss?
9 Wéi kënnt et, datt dir net op dem Här seng Wierder héieren hutt?
10 Wéi kënnt et, datt dir vergiess hutt, datt dir een Engel vum Här gesinn hutt?
11 Jo, a wéi kënnt et, datt dir vergiess hutt, wat fir grouss Saachen den Här fir eis gemaach huet, andeems hien eis aus den Hänn vum Laban befreit huet, an och, datt mir d’Opzeechnung kréie sollten?
12 Jo, wéi kënnt et, datt dir vergiess hutt, datt den Här no sengem Wëlle fir d’Mënschekanner alles maache kann, wann se nëmme fest un hie gleewen? Dofir loosst eis him trei sinn.
13 A wa mir him trei sinn, da wäerte mir d’Land vun der Verheeschung kréien, an enges Daags wäert dir schonn nach erkennen, datt sech d’Wuert vum Här iwwert d’Zerstéierung vu Jerusalem erfëlle wäert. Well alles, wat den Här iwwert d’Zerstéierung vu Jerusalem gesot huet, muss sech erfëllen.
14 Well kuckt, de Geescht vum Här hält gläich op, sech mat hinnen ofzeméien; well kuckt, si hunn d’Prophete verworf, an de Jeremia hunn si an de Prisong geworf. A si hu mengem Papp nom Liewe getruecht, wouduerch si hien aus dem Land gejot hunn.
15 Kuckt elo, ech soen iech, datt wann dir op Jerusalem zeréck gitt, dir och mat hinnen ëmkommt. An elo, wou dir d’Wiel hutt, gitt erop an d’Land, an denkt un déi Wierder, déi ech zu iech soen, datt, wann dir zeréckgitt, dir och ëmkomme géift; well sou drängt mech de Geescht vum Här, ze schwätzen.
16 An et huet sech erginn, datt, wéi ech, den Nephi, dës Wierder zu menge Bridder gesot hat, si rosen op mech waren. An et huet sech erginn, datt si hir Hänn op mech geluecht hunn, well kuckt, si ware ganz rosen, an si hu mech mat Seeler gebonnen, well si wollte mir d’Liewen huelen, fir mech an der Wüüst ze loossen, fir datt ech vu wëlle Béischte verschléngt ginn.
17 Mee et huet sech erginn: Ech hunn zum Här gebiet, nämlech: Befrei mech, o Här, no mengem Glawen, deen ech an dech setzen, aus der Gewalt vu menge Bridder; jo, gëff mir d’Kraaft, dës Fesselen ze zerräissen, mat deenen ech gebonne sinn.
18 An et huet sech erginn: Wéi ech dës Wierder gesot hat, kuckt, do hunn sech d’Fessele vu mengen Hänn a Féiss geléist, an ech si viru meng Bridder hi getrueden an hunn nach eng Kéier zu hinne geschwat.
19 An et huet sech erginn, datt si erëm rosen op mech waren a probéiert hunn, hir Hänn u mech ze leeën; awer kuckt, eng vun den Duechtere vum Ismael, jo, an och hir Mamm, an ee vun de Jonge vum Ismael, hu fir mech bei menge Bridder plädéiert, sou datt si hir Häerzer mëll gemaach hunn; an si hunn opgehalen ze probéieren, mir d’Liewen ze huelen.
20 An et huet sech erginn: Hir Béist huet hinne Leed gedoen, a si hunn sech viru mech nidder gebéckt a hu mir mat Bieden zougesat, hinnen dat ze verzeien, wat se mir ugedoen haten.
21 An et huet sech erginn: Gudden Häerzens hunn ech hinnen alles verzien, wat si mir ugedoen haten, an hunn si ermaant, zum Här, zu hirem Gott, ëm Verzeiung ze bieden. An et huet sech erginn: Si hunn et gemaach. Nodeems si mam Bieden zum Här fäerdeg waren, hu mir eis erëm zum Zelt vun eisem Papp opgemaach.
22 An et huet sech erginn: Mir koumen erof zum Zelt vun eisem Papp. An nodeems ech a meng Bridder an déi ganz Famill vum Ismael zum Zelt vun eisem Papp erofkomm waren, hunn si dem Här, hirem Gott, Merci gesot; a si hunn him Affer an Brandaffer duer bruecht.