Scriptures
1 Nephi 16


16. Kapitel

Déi Béis halen d’Wourecht fir haart—D’Jonge vum Lehi bestueden d’Duechtere vum Ismael—De Liahona leet hire Wee an der Wüüst—Botschafte vum Här gi vun Zäit zu Zäit op de Liahona geschriwwen—Den Ismael stierft; seng Famill meckert wéinst hirem Leed. Ongeféier 600–592 v. Chr.

1 An et huet sech erginn: Nodeems ech, Nephi, mat menge Wierder u meng Bridder op en Enn komm war, kuckt, du hunn si zu mir gesprach: Du hues eis Haardes verkënnegt, méi haart, wéi mir et erdroe kënnen.

2 An et huet sech erginn, datt ech hinne gesot hunn, datt ech wousst, datt ech haart Saache géint déi Béis geschwat hunn, no der Wourecht; an déi Gerecht hunn ech gerechtfäerdegt, an temoignéieren, datt si um leschten Dag opgehuewe solle ginn; dofir halen déi Schëlleg d’Wourecht fir haart, well se duerchschneit si bis an d’Mëtt vun hirem Wiesen.

3 An elo, meng Bridder, wann dir gerecht a bereet wäert, op d’Wouerecht ze lauschteren an hir Beuechtung ze schenken, fir datt dir ouni Reprochë viru Gott wandele kënnt, da géift dir net wéinst der Wouerecht motzen a soen: Du schwätzt haart Wierder géint eis.

4 An et huet sech erginn: Ech, Nephi, hu meng Bridder mat allem Äifer ermaant, d’Geboter vum Här ze halen.

5 An et huet sech erginn: Si hunn sech virum Här humiliéiert, sou datt ech mech gefreet hunn a wierklech ugefaangen hunn ze hoffen, si géifen op de Pade vun der Gerechtegkeet wandelen.

6 Dëst alles awer gouf gesprach a gemaach, wéi mäi Papp an engem Zelt an deem Dall gewunnt huet, dat hie Lemuel genannt huet.

7 An et huet sech erginn: Ech, Nephi, hunn eng vun den Duechtere vum Ischmael zur Fra geholl; an och meng Bridder hunn sech Duechtere vum Ischmael zur Fra geholl; den Zoram awer huet sech déi eelsten Duechter vum Ischmael zur Fra geholl.

8 Sou hat mäi Papp all Geboter erfëllt, déi den Här him ginn hat. An och ech, Nephi, war vum Här iwwer d’Mosse geséint ginn.

9 An et huet sech erginn: D’Stëmm vum Här huet enges Nuets zu mengem Papp gesprach an him gebueden, hie soll de nächsten Dag de Wee duerch d’Wüüst fortsetzen.

10 An et huet sech erginn: Wéi mäi Papp den anere Mueren opgestan an zur Dir vum Zelt gaang ass, huet hien zu senger grousser Verwonnerung um Buedem eng ronn Kugel vu friemer Aart erbléckt; se war aus feinem Messeng. An der Kugel waren zwou Spëndelen, an déi eng huet de Wee ugewisen, wouhi mir an der Wüüst goe sollten.

11 An et huet sech erginn: Mir hunn alles zesummegedroen, wat mir an d’Wüüst mathuele mussen, an och alles, wat vun eisen Iesssaachen nach iwwreg war, déi den Här eis zoukomme gelooss huet. A mir hu Som vun all Aart gesammelt, fir en an d’Wüüst matzehuelen.

12 An et huet sech erginn: Mir hunn eis Zelter geholl, hunn de Floss Laman iwwerquéiert a sinn an d’Wüüst gezunn.

13 An et huet sech erginn: Mir si véier Deeg laang gewandert an zimlech genau südsüdëstlecher Richtung; dann hu mir rëm eis Zelter opgebaut an hunn deen Uert Schazer genannt.

14 An et huet sech erginn, datt mir eis Béi an eis Feiler geholl hunn a fortgaange sinn, fir Iesse fir eis Familljen ze schéissen; an nodeems mir Iesse fir eis Famillje geschoss haten, si mir rëm zeréck bei eis Familljen an der Wüüst gaangen, op d’Plaz vum Shazer. An mir sinn erëm an d’Wüüst gaangen, an déi selwecht Richtung, a mir sinn an de fruchtbaarste Géigende vun der Wüüst bliwwen, déi un de Grenze beim Roude Mier louchen.

15 An et huet sech erginn, datt mir vill Deeg gereest sinn, a mir hunn ënnerwee Iesse geschoss, mat eise Béi an eise Feiler an eise Steng an eise Schleideren.

16 A mir sinn der Instruktioun vun der Kugel nogaangen, déi eis an déi fruchtbarst Gebitter vun der Wüüst gefouert huet.

17 An nodeems mir vill Deeg laang gewandert waren, hu mir fir eng Zäit laang eis Zelter opgebaut, fir eis rëm auszerouen an Iesse fir eis Familljen ze beschafen.

18 An et huet sech erginn: Wéi ech, Nephi, ausgaange sinn, fir op d’Juegd ze goen, kuckt, do ass mir mäi Bou, deen aus feinem Stol ugefäerdegt war, zerbrach; an nodeems mir mäi Bou zerbrach war, kuckt, do ware meng Bridder rosen op mech wéinst dem Verloscht vu mengem Bou; well mir konnten elo keen Iesse méi beschafen.

19 An et huet sech erginn: Mir sinn zu eise Familljen ouni Iessen zeréckkomm; A well si wéinst der Wanderung vill midd waren, hunn si ganz vill ënnert dem Mangel vun Iesse gelidden.

20 An et huet sech erginn: De Laman an de Lemuel an d’Jonge vum Ismael hunn ugefaange wéinst hire Leiden a Bedrängnisser an der Wüüst iwwer d’Moossen ze grommelen; an och mäi Papp huet ugefaangen, géint den Här, säi Gott, ze grommelen. Jo, si waren immens bekëmmert, sou datt si géint den Här gegrommelt hunn.

21 An et huet sech erginn: Ech, Nephi, a meng Bridder, ware wéinst dem Verloscht vu mengem Bou uerg bedrängt, well och hir Béi haten d’Spannung verluer; an dofir gouf eis Situatioun immens schwiereg, jo, well mir eis keen Iesse méi beschafe konnten.

22 An et huet sech erginn: Ech, Nephi, hu vill zu menge Bridder gesprach, well si erëm hiert Häerz sou vill verhäert haten, datt si sech souguer iwwer den Här, hire Gott, beklot hunn.

23 An et huet sech erginn: Ech, Nephi, hu mir aus Holz ee Bou an aus engem riichten Aascht ee Feil gemaach; an sou hunn ech mech mat Bou a Feil, mat enger Schleider a Steng bewaffnet. An ech hunn zu mengem Papp gesprach: Wouhinner soll ech goe fir Iessen ze beschafen?

24 An et huet sech erginn: Hien huet den Här befrot; wéinst menge Wierder hunn si sech virum Här gedemütegt; ech hat hinnen nämlech mat der Kraaft vu menger Séil Villes gesot.

25 An et huet sech erginn: D’Stëmm vum Här ass u mäi Papp gaangen; him goufe wierklech d’Lewitte gelies wéinst sengem Motze géint den Här, sou vill, datt hien an déiwe Kummer gefall ass.

26 An et huet sech erginn: D’Stëmm vum Här huet zu him gesprach: Kuck dir d’Kugel un a lies, wat do geschriwwe steet.

27 An et huet sech erginn: Wéi mäi Papp dat erbléckt huet, wat op der Kugel geschriwwe war, huet hie ganz vill gefaart an iwwer d’Moosse geziddert, genausou meng Bridder an d’Jonge vum Ismael an eis Fraen.

28 An et huet sech erginn: Ech, Nephi, hunn d’Zäre betruecht, déi an der Kugel waren, an hu gesinn, datt se nom Glawen an dem Äifer an der Beuechtung geschafft hunn, déi mir dorobber ugewannt hunn.

29 An op hinne stoung och eppes Neies geschriwwen, wat kloer ze liese war an ons d’Weeër vum Här verstoe gelooss huet; et gouf vun Zäit zu Zäit geschriwwen a geännert, jee nom Glawen an Äifer, déi mir dorobber ugewannt hunn. A sou gesi mir: Duerch kleng Mëttel kann den Här eppes Grousses vollbréngen.

30 An et huet sech erginn: Ech, Nephi, sinn op d’Spëtzt vum Bierg geklommen, no den Uweisungen, déi op der Kugel gi goufen.

31 An et huet sech erginn: Ech hu Wëld erluet, sou datt ech fir eis Familljen Iesse beschafen hunn.

32 An et huet sech erginn, datt ech zeréck an eis Zelter gaange sinn, mat den Déieren, déi ech geschoss hat; an elo, wéi si gesinn hunn, datt ech Iessen hat, wéi grouss war hir Freed! An et huet sech erginn, datt si sech virum Här humiliéiert hunn a him Merci gesot hunn.

33 An et huet sech erginn: Mir hunn eis Wanderung erëm opgeholl an hu bal déiselwecht Richtung ageschloe wéi am Ufank; an nodeems mir vill Deeg laang gewandert waren, hu mir erëm eis Zelter opgebaut, fir eng Zäit laang ze raschten.

34 An et huet sech erginn: Den Ismael ass gestuerwen a gouf begruewen un deem Uert, deen Nahom geheescht huet.

35 An et huet sech erginn, datt d’Duechtere vum Ismael immens gekrasch hunn, wéinst dem Verloscht vun hirem Papp, a wéinst hirem Leed an der Wüüst; a si hu géint mäi Papp gegrommelt, well hien si aus dem Land Jerusalem bruecht hat, a gesot: Eise Papp ass dout; jo, a mir si vill an der Wüüst gewandert, a mir hu vill Leed, Honger, Duuscht a Middegkeet gelidden; an no all dësem Leed musse mir an der Wüüst vun Honger ëmkommen.

36 An esou hunn si géint mäi Papp an och géint mech gegrommelt; a si haten de Wonsch, no Jerusalem zeréckzegoen.

37 An de Laman huet zum Lemuel gesprach an och zu de Jonge vum Ismael: Kuckt, loosst eis eise Papp ëmbréngen, an och eise Brudder Nephi, dee sech ugemoosst huet, eisen Herrscher an Enseignant ze sinn, wou mir dach seng eelste Bridder sinn.

38 Elo seet hien, datt den Här mat him geschwat huet, an och datt Engelen him gedéngt hunn. Mä kuckt, mir wëssen, datt hien eis belitt; an hie seet eis dës Saachen, an hie mécht vill Saachen duerch seng hannerlëschteg Konscht, fir eis Aen ze täuschen, andeems hie mengt, datt hien eis vläicht an eng komesch Wüüst kéint féieren; an nodeems hien eis fortgefouert huet, huet hie geduecht, sech selwer zu engem Kinnek an engem Herrscher iwwer eis ze maachen, fir mat eis no sengem Wëllen a Pleséier ze maachen. An op dës Manéier huet mäi Brudder Laman hir Häerzer zur Roserei opgestëppelt.

39 An et huet sech erginn: Den Här war mat ons, jo, souguer d’Stëmm vum Här ass u si ergaangen an huet vill Wierder zu hinne gesprach an huet hinnen eng hefteg Moralpriedegt gehal; an nodeems si duerch d’Stëmm vum Här geziicht gi waren, hunn si vun hirer Roserei ofgelooss a si vun hire Sënden ëmgekéiert, sou datt den Här eis rëm mat Iesse geséint huet a mir net ëmkomm sinn.