10. Kapitel
De Lehi seet viraus, datt d’Judde vun de Babylonier gefaange geholl ginn—Hie erzielt vum Komme vun engem Messias, engem Retter, engem Erléiser ënnert de Judden—De Lehi erzielt och vum Komme vun deem, deen d’Lämmche Gottes deefe soll—De Lehi erzielt vum Doud an der Opersteeung vum Messias—Hie vergläicht d’Verstreeën an d’Versammlung vun Israel mat engem Olivebam—Den Nephi schwätzt vum Jong vu Gott, vun der Gab vum Hellege Geescht a vun der Noutwennegkeet vu Gerechtegkeet. Ongeféier 600–592 v. Chr.
1 An elo fueren ech, Nephi, weider, op dëse Placken ee Bericht vu mengen Handlungen, menger Regierung a mengem geeschtleche Wierken ze ginn; fir awer de Bericht weiderzeféieren, muss ech e puer Saachen iwwert mäi Papp a meng Bridder soen.
2 Well kuckt, et huet sech erginn: Nodeems mäi Papp säin Dram fäerdeg erzielt an si zu allem Fläiss opgefuerdert hat, huet hien zu hinnen iwwer d’Judde geschwat—
3 Nodeems si zerschloe géife sinn, jo, och déi grouss Stad Jerusalem, an nodeems der vill no Babylon a Gefaangenschaft gefouert géife sinn, géifen si zu der vum Här bestëmmten Zäit rëm zeréckkommen, jo, aus der Gefaangenschaft zeréckbruecht ginn. An nodeems si aus der Gefaangenschaft zeréckkomm wären, géifen si rëm d’Land vun hirer Ierfschaft besëtzen.
4 Jo, an nach sechshonnert Joer vun där Zäit un, wou mäi Papp Jerusalem verlooss hat, wäert den Härgott ënnert de Judden ee Prophet erwächen—nämlech ee Messias, oder mat anere Wierder, ee Retter vun der Welt.
5 An hien huet och iwwer d’Prophete geschwat, wéi der vill vun dëse Saachen temoignéiert haten, iwwer dëse Messias, vun deem hie geschwat hat, oder dësen Erléiser vun der Welt.
6 Dofir war déi ganz Mënschheet an engem verluerenen an an engem gefalenen Zoustand, a wier et fir ëmmer, ausser si géifen sech op dësen Erléiser verloossen.
7 An hien huet och vun engem Prophet geschwat, dee virum Messias kéim, fir de Wee vum Här virzebereeden—
8 Jo, souguer hie sollt erausgoen a ruffen an der Wüst: Bereet de Wee vum Här vir, a maacht seng Weeër riicht; well et steet een ënnert iech, deen dir net kennt; an hien ass méi mächteg wéi ech, deem seng Schongstréckelen ech net wierdeg sinn opzemaachen. A vill huet mäi Papp iwwer dës Saach geschwat.
9 A mäi Papp huet gesot, deejéinege wäert zu Bethabara, déi aner Säit vum Jordan, deefen; an hien huet och gesot, deejéinege wäert mat Waasser deefen, jo, souguer de Messias wäert hie mat Waasser deefen.
10 An nodeems hien de Messias mat Waasser gedeeft wäert hunn, wäert hien erkennen an Temoignage ginn, datt hien d’Lämmche Gottes gedeeft hätt, dat d’Sënde vun der Welt ewechhuele wäert.
11 An et huet sech erginn: Nodeems mäi Papp dës Wierder gesot hat, huet hie mat menge Bridder iwwer d’Evangelium geschwat, dat ënnert de Judde gepriedegt sollt ginn, an datt d’Judden an Onglawe verfale géifen. An da géifen si de Messias, deen do komme wäert, ëmbréngen; an nodeems hien ëmbruecht ginn ass, wäert hie vun den Doudegen operstoen an sech duerch den Hellege Geescht den Anere manifestéieren.
12 Jo, a mäi Papp huet vill iwwer déi Aner geschwat an och iwwer d’Haus vun Israel, an dëst huet hie mat engem Olivebam verglach, deem seng Zweigen ofgebrach an iwwer d’ganz Uewerfläch vun der Äerd verstreet wäerte ginn.
13 Dofir, sot hien, misst et onbedéngt geschéien, datt mir eestëmmeg an d’Land vun der Verheeschung kommen, fir datt sech d’Wuert vum Här erfëllt, nämlech datt mir iwwer d’ganz Uewerfläch vun der Äerd verstreet wäerte ginn.
14 An nodeems d’Haus vun Israel verstreet ass, wäert et erëm gesammelt ginn, oder, kuerz gesot, nodeems déi Aner d’Fëllt vum Evangelium empfaangen hätten, géifen déi natierlech Zweig vum Olivebam oder d’Iwwerreschter vum Haus vun Israel agepropft ginn oder zum Wësse vum wierkleche Messias, hirem Här an Erléiser, kommen.
15 An no dëser Aart a Weis vu Sprooch huet mäi Papp zu menge Bridder prophezeit a geschwat an hien huet nach vill Aneres gesot, wat ech an dësem Buch net nidderschreiwen; well dat, wat ech dovunner fir gutt gehal hunn, hunn ech a mengem anere Buch geschriwwen.
16 An dëst alles, vun deem ech geschwat hunn, ass geschitt, wéi mäi Papp am Dall Lemuel an engem Zelt gewunnt huet.
17 An et huet sech erginn, nodeems ech, den Nephi, all déi Wierder vu mengem Papp héieren hat, iwwer déi Saachen, déi hien an enger Visioun gesinn huet, an och déi Saachen, déi hie geschwat huet duerch d’Muecht vum Hellege Geescht, déi hien duerch de Glawen un de Jong vu Gott kritt huet—an de Jong vu Gott war de Messias, dee komme sollt—ech, den Nephi, hat och de Wonsch, vun dëse Saachen ze gesinn, ze héieren an ze wëssen, duerch d’Muecht vum Hellege Geescht, deen d’Gab vu Gott fir all déi ass, déi hie fläisseg sichen, souwuel a fréieren Zäite wéi och an der Zäit, an där hien sech de Mënschekanner manifestéiere wäert.
18 Well hien ass deselwechte gëschter, haut a fir ëmmer; an de Wee ass fir all Mënsche prett gemaach vun der Grënnung vun der Welt un, wann se nëmmen ëmkéieren an zu him hikommen.
19 Well wien äifreg sicht, dee wäert fannen, an d’Geheimnisser Gottes wäerten him duerch d’Muecht vum Hellege Geescht gewise ginn, an dëser Zäit wéi och an aler Zäit, och an aler Zäit wéi och an Zukunft; well de Wee vum Här ass déiselwecht éiweg Ronn.
20 Dofir bedenk, o Mënsch, dat s du fir alles, wat s de méchs, viru Geriicht gestallt wäerts ginn.
21 Wann dir dofir an den Deeg vun ärer Bewärung dorobber beduecht waart, Béises ze maachen, da wäert dir virum Riichterstull Gottes fir onreng befonnt ginn; mee näischt, wat onreng ass, ka beim Gott wunnen; dofir musst dir fir ëmmer verstouss ginn.
22 An den Hellege Geescht gëtt mir d’Autoritéit, datt ech dës Saache soe soll, an se net verleegnen.