8. Kapitel
De Lehi gesäit eng Visioun vum Bam vum Liewen—Hie ësst vu senger Fruucht a wënscht, datt seng Famill dat selwecht mécht—Hie gesäit eng Staang aus Eisen, e schmuelen an enke Wee an den Niwwel vun der Däischtert, deen d’Mënschen ëmschléisst—D’Sariah, den Nephi an de Sam iesse vun der Fruucht, awer de Laman an de Lemuel refuséieren. Ongeféier 600–592 v. Chr.
1 An et huet sech erginn: Mir haten allerlee Som vun all Genre gesammelt, souwuel Som vu Getreider vun all Zort wéi och Som vu Friichte vun all Zort.
2 An et huet sech erginn: Wéi mäi Papp an der Wüüst war, huet hien zu eis gesprach, nämlech: Kuckt, ech hunn een Dram gedreemt; oder mat aner Wierder, ech hunn eng Visioun gesinn.
3 A kuckt, nodeems ech dat gesinn hunn, hunn ech ee Grond, mech wéinst dem Nephi an dem Sam am Här ze freeën; well ech hu Grond ze mengen, datt si a vill vun hiren Nokomme gerett wäerte ginn.
4 Mee kuckt, Laman a Lemuel, wéinst iech sinn ech immens besuergt; well kuckt, mir schéngt, ech hunn a mengem Dram eng däischter an trouschtlos Wüüst gesinn.
5 An et huet sech erginn: Ech hunn ee Mann gesinn, deen an ee wäisst Kleed gekleet war; an hie koum an huet sech viru mech hi gestallt.
6 An et huet sech erginn: Hien huet zu mir geschwat an huet mech invitéiert, him nozegoen.
7 An et huet sech erginn: Wéi ech him nogaange sinn, hunn ech realiséiert, datt ech mech an enger däischteren an trouschlose Wüüst befonnt hunn.
8 An nodeems ech vill Stonne laang an der Dáischtert gewandert war, hunn ech ugefaangen, zum Här ze bieden, hie géif baarmhäerzeg zu mir sinn, no senger grousse Baarmhäerzegkeet voller Léift.
9 An et huet sech erginn: Nodeems ech zum Här gebiet hat, hunn ech ee grousst a wäit Feld erbléckt.
10 An et huet sech erginn: Ech hunn ee Bam erbléckt, deem seng Fruucht wënschenswäert war, fir ee glécklech ze maachen.
11 An et huet sech erginn: Ech sinn higaangen an hu vu senger Fruucht giess, an ech hu fonnt, datt se ganz séiss war, méi séiss wéi alles, wat ech jee virdru geschmaach hat. Jo, an ech hu gesinn, datt seng Fruucht wäiss war, méi wäiss wéi alles, wat ech jee gesinn hat.
12 A wéi ech vu senger Fruucht giess hunn, gouf meng Séil vun immens grousser Freed erfëllt; dowéinst ass bei mir de Wonsch héich komm, datt meng Famill och dovunner iesse géif; well ech wousst, datt dës Fruucht méi wënschenswäert war wéi all aner.
13 A wéi ech ronderëm gekuckt hunn, fir vläicht och meng Famill ze gesinn, do hunn ech ee Waasserlaf bemierkt, a säi Waasser ass no laanscht de Bam gefloss, vun deem ech grad d’Fruucht giess hunn.
14 An ech hu gekuckt a wollt gesinn, vu wou d’Waasser kéim; an ech hunn, net wäit ewech, säin Ursprong gesinn; an um Ursprong hunn ech är Mamm d’Sariah souwéi de Sam an de Nephi gesinn; an si stoungen do, wéi wann se net wéissten, wouhin si goe sollten.
15 An et huet sech erginn: Ech hunn si erbäi gewénkt an hunn hinnen och mat haarder Stëmm zougeruff, si sollten zu mir hikommen a vun der Fruucht iessen, déi méi wënschenswäert wéi all aner Fruucht war.
16 An et huet sech erginn: Si sinn zu mir hi komm an hunn och vun der Fruucht giess.
17 An et huet sech erginn: Ech hat de Wonsch, datt och de Laman an de Lemuel kéimen a vun der Fruucht géifen iessen, dofir hunn ech zum Ursprong vum Floss higekuckt, ob ech vläicht déi zwee géif gesinn.
18 An et huet sech erginn: Ech hunn si gesinn, mee si wollten net zu mir hikommen a vun der Fruucht iessen.
19 An ech hunn eng Eisestaang erbléckt, an se ass laanscht d’Ufer vum Floss gelaf an huet bis zum Bam gefouert, bei deem ech stoung.
20 Ech hunn och ee schmuelen an enke Pad erbléckt, deen nieft der Eisestaang bis zu deem Bam, bei dem ech stoung, laanscht gefouert war; se huet och am Ursprong laanscht zu engem Feld gefouert, dat sou grouss a wäit war, wéi wann et eng Welt wier.
21 An ech hunn onzielbar Versammlunge vu Mënsche gesinn, a vill vun hinnen hunn no vir gestrieft, fir op dee Pad ze kommen, deen zu deem Bam gefouert huet, bei deem ech stoung.
22 An et huet sech erginn: Si koumen erbäi an hunn dee Pad betrueden, deen zum Bam gefouert huet.
23 An et huet sech erginn: Et ass stackdäischteren Niwwel opkomm, jo, een immens dichten an däischteren Niwwel, sou datt déijéineg, déi de Pad betrueden haten, de Wee verluer hunn, sech verluer hunn a verluer gaange sinn.
24 An et huet sech erginn: Ech hunn nach anerer no vir striewe gesinn, an déi sinn no vir getrueden an hunn d’Enn vun der Eisestaang ergraff; si sinn duerch den däischteren Niwwel no vir gestrieft an hunn sech un der Eisestaang ugehal, bis si bei eis ukoumen a vun der Fruucht vum Bam giess hunn.
25 An nodeems si vun der Fruucht vum Bam giess haten, hunn si ronderëm gekuckt, wéi wann si sech géife schummen.
26 An ech hunn och meng Aen ëmgedréint a gesinn, op der anerer Säit vum Waasser-Floss, e grousst a geraimegt Gebai; an et stoung, wéi wann et an der Loft wier, héich iwwert der Äerd.
27 An et war voll vu Mënschen, al a jonk, männlech a weiblech; a si waren op d’Feinst gekleet. Si stoungen do an hu verspott an hu mam Fanger op déijéineg gewisen, déi dobäi koum waren a grad vun der Fruucht giess hunn.
28 An nodeems dës vun der Fruucht geschmaach haten, hunn si sech geschummt, well déi aner se verspott hunn; a si sinn op verbuede Pade geroden a si verluer gaangen.
29 Lo awer schwätzen ech, Nephi, net all Wierder vu mengem Papp.
30 Mee fir et kuerz ze schreiwen, kuckt, hien huet nach aner Mënscheversammlungen no vir striewe gesinn; si koumen an hunn d’Enn vun der Eisestaang ergraff, a si sinn op dem Pad no vir gestrieft an hunn sech dobäi bestänneg un der Eisestaang festgehal, bis si bei eis ukoumen, sech niddergelooss hunn a vun der Fruucht vum Bam giess hunn.
31 An hien huet och aner Mënscheversammlunge gesinn, déi sech de Wee zu dem groussen a raimleche Gebai erugetaascht hunn.
32 An et huet sech erginn: Et sinn der vill an den Déifte vun der Quell erdronk; a vill huet hien aus den Ae verluer, well si sinn op frieme Pade gewandert.
33 A grouss war déi Versammlung vun deenen, déi an dat komescht Gebai gaange sinn. Nodeems si an dat Gebai agetruede waren, hunn si mam Fanger vun der Veruechtung op mech an op déijéineg, déi och vun der Fruucht giess hunn, gewisen; mee mir hunn se net beuecht.
34 Dëst awer huet mäi Papp gesot: Well deen, deen si beuecht, géif rebellesch ginn.
35 De Laman an de Lemuel awer hunn net vun der Fruucht giess, sot mäi Papp.
36 An et huet sech erginn, nodeems mäi Papp all déi Wierder vu sengem Dram oder senger Visioun geschwat hat, déi vill waren, huet hien zu eis gesot, wéinst dëse Saachen, déi hien an enger Visioun gesinn huet, huet hien immens Angscht ëm de Laman an de Lemuel gehat; jo, hien huet Angscht gehat, datt si aus der Géigewaart vum Här verdriwwe géifen.
37 An hien huet si du mat all dem Gefill vun engem zäertlechen Elterendeel ermaant, datt si op seng Wierder lauschtere sollten, fir dat den Här mat hinne baarmhäerzeg wier a si net géif verstoussen; jo, mäi Papp huet hinne gepriedegt.
38 An nodeems hien hinne gepriedegt a Villes prophezeit hat, huet hien si gebieden, d’Geboter vum Här ze halen; an dunn huet hien opgehalen, mat hinnen ze schwätzen.