Scriptures
1 Nephi 18


18. Kapitel

D’Schëff ass fäerdeg—D’Gebuerte vum Jakob a vum Joseph ginn ernimmt—D’Kompanie geet u Bord fir an dat versprachent Land ze fueren—D’Jonge vum Ismael an hir Fraen huelen un der Feierlechkeet an der Rebellioun deel—Den Nephi gëtt gebonnen, an d’Schëff gëtt vun engem schreckleche Stuerm zeréckgedriwwen—Den Nephi gëtt befreit, an duerch säi Gebiet hält de Stuerm op—D’Leit kommen am versprachene Land un. Ongeféier 591–589 v. Chr.

1 An et huet sech erginn: Si hunn den Här veréiert; a si si mat mir higaangen, a mir hunn Holzstämm op eng besonnesch Weis verschafft. An den Här huet mir vun Zäit zu Zäit gewisen, wéi ech d’Holz fir d’Schëff verschaffe sollt.

2 Ech, Nephi, hunn d’Holz awer net op déi Weis verschafft, wéi d’Mënschen et léieren, nach hunn ech d’Schëff op de Mënschen hir Weis gebaut; mee ech hunn et op déi Weis gebaut, déi den Här mir gewisen hat; dofir war d’Schëff net no der Weis vun de Mënschen.

3 An ech, Nephi, sinn oft op de Bierg geklomm an hunn oft zum Här gebiet; dofir huet den Här mir Grousses gewisen.

4 An et huet sech erginn: Nodeems ech d’Schëff nom Wuert vum Här fäerdeg hat, hu meng Bridder gesinn, dat et gutt war an dat d’Handwierkeraarbecht dorunner vun immens héijer Qualitéit war; dofir hunn si sech rëm eng Kéier virum Här humiliéiert.

5 An et huet sech erginn: U mäi Papp ass d’Stëmm vum Här gaangen, mir sollten eis opmaachen an an d’Schëff klammen.

6 An et huet sech erginn, datt mir den nächsten Dag, nodeems mir alles virbereet haten, vill Uebst a Fleesch aus der Wüüst, an Hunneg a villes méi, a Proviant no deem, wat den Här eis gebueden hat, an an d’Schëff gaange sinn, mat eiser ganzer Ladung an eisem Som, an allem, wat mir matbruecht haten, jiddereen no sengem Alter; dofir si mir all an d’Schëff gaangen, mat eise Fraen an eise Kanner.

7 Mäi Papp awer huet an der Wüüst zwee Jonge kritt; den eeleren huet Jakob geheescht an dee méi jonke Joseph.

8 An et huet sech erginn: Nodeems mir all an d’Schëff erofgeklomme waren an eis Reserven an alles, wéi et eis gebuede war, matgeholl haten, si mir a Séi gestach a si vum Wand zum versprachene Land hi gedriwwe ginn.

9 An nodeems mir vill Deeg laang vum Wand gedriwwe goufen, kuckt, do hu meng Bridder an d’Jonge vum Ismael an och hir Fraen ugefaangen, sech ze belëschtegen, sou datt si ugefaangen hunn, ze danzen an ze sangen a vill rau Rieden ze féieren; jo, si hunn souguer vergiess, duerch wat fir eng Muecht si bis heihinner gefouert goufen; jo, si goufen iwwerhieflech bis zur Brutalitéit.

10 An ech, Nephi, hunn ugefaangen ze fäerten, den Här géif rosen op eis ginn an eis wéinst eiser Ongerechtegkeet schloen, sou datt mir vun der Déift vum Mier verschlonge géifen; dofir hunn ech, Nephi, ugefaangen, ganz seriéis zu hinnen ze schwätzen; mee kuckt, si ware rosen op mech an hu gesprach: Mir wëllen net, datt eise méi jonke Brudder Herrscher iwwert eis soll sinn.

11 An et huet sech erginn: De Laman an de Lemuel hu mech gegraff a mat Strécke gebonnen, a si hu mech mat grousser Häert behandelt; mee den Här huet et zougelooss, fir datt hien seng Muecht erweise kéint a fir dat säi Wuert erfëllt géif, wat hien a Bezuch op déi Béis gesprach hat.

12 An et huet sech erginn: Nodeems si mech sou fest gebonnen haten, datt ech mech net réiere konnt, huet de Kompass, den dën Här prett gemaach hat, opgehale mat schaffen.

13 Dofir wossten si net méi, wouhinner si d’Schëff steiere sollten; an dunn huet sech ee Stuerm erhuewen, jo, ee grousst a schrecklecht Onwieder, a mir goufen dräi Deeg laang op dem Waasser zeréck gedriwwen; a si hunn ugefaangen, iwwert d’Moossen ze fäerten, si kéinten am Mier erdrénken; trotzdem hunn si mech net lassgebonnen.

14 An um véierten Dag, wou mir zeréck gedriwwe goufen, huet d’Onwieder ugefaangen, immens hefteg ze ginn.

15 An et huet sech erginn: Mir waren no dorunner, an dën Déifte vum Mier verschlongen ze ginn. An nodeems mir véier Deeg laang vum Waasser zeréckgedriwwe gi waren, hu meng Bridder ugefaangen ze gesinn, datt d’Urteeler vu Gott op hinne waren, an datt si vergoe missten, ausser si géife vun hiren Ongerechtegkeeten ëmkéieren; dofir sinn si bei mech komm an hunn d’Bänner lass gemaach, déi ëm mengen Handgelenker waren, a kuckt, se ware ganz geschwollen; an och meng Knéchel ware ganz geschwollen, an d’Péng war grouss.

16 Trotzdem hunn ech zu mengem Gott eropgekuckt an hunn hien de ganzen Dag laang gelueft; an ech hu net géint dën Här gegrommelt, datt ech sou vill Bedrängnisser ze leiden hat.

17 Lo hat mäi Papp Lehi zu hinnen an och zu de Jonge vum Ismael Villes gesprach, awer kuckt, si hu vill Drohunge géint jiddwereen ausgestouss, dee sech menger unhuele géif; a well meng Eltere vum Alter gebéit waren a wéinst hire Kanner vill Kummer gelidden haten, goufen si nidder geworf, jo, op d’Krankebett.

18 Wéinst dem Kummer an hire ville Suergen a wéinst der Ongerechtegkeet vu menge Bridder ware si no dorunner, aus dësem Liewen ze scheeden a virun hire Gott ze trieden; jo, et war bal esou wäit, datt hir gro Hoer an de Stëbs geluet goufen; jo, si waren no dorunner, vu Kummer an ee fiicht Graf geworf ze ginn.

19 An de Jakob an de Joseph, déi jonk waren an nach vill Iesse gebraucht hunn, ware wéinst der Bedrängnis vun hirer Mamm bedréift; an och meng Fra mat hiren Tréinen a mat hirem Bieden an och meng Kanner hu menge Bridder d’Häerz net erweecht, sou datt si mech lassgelooss hätten.

20 Et war näischt do, wat hinnen d’Häerz erweeche konnt, ausser d’Muecht Gottes, déi si mat Vernichtung bedrot huet; a wéi si gesinn hunn, datt d’Déifte vum Mier si verschlénge wollten, huet hinnen dat, wat si gemaach haten, Leed gedoen, a si hu mech lassgebonnen.

21 An et huet sech erginn: Nodeems si mech lassgebonnen haten, kuckt, hunn ech de Kompass geholl, an en huet erëm geschafft, wéi ech et mir gewënscht hunn. An et huet sech erginn: Ech hunn zum Här gebiet, an nodeems ech zum Här gebiet hat, huet de Wand opgehalen, an de Stuerm huet sech geluet, an et war eng grouss Stëllt.

22 An et huet sech erginn: Ech, Nephi, hunn d’Schëff gelenkt, sou datt mir rëm nom versprachene Land gesegelt sinn.

23 An et huet sech erginn: Nodeems mir vill Deeg laang gesegelt waren, koume mir zum versprachene Land; a mir sinn u Land gaangen an hunn eis Zelter opgebaut. A mir hunn et d’versprachend Land genannt.

24 An et huet sech erginn: Mir hunn ugefaangen, d’Land ze bebauen a Som ze planzen; jo, mir hunn all Som, dee mir aus dem Land Jerusalem matbruecht haten, an d’Äerd geluet. An et huet sech erginn: En ass iwwer d’Moosse gewuess, a sou ware mir räichlech geséint.

25 An et huet sech erginn: Wéi mir duerch d’Wüüst gezu sinn, hu mir gesinn, datt et am versprachene Land Déiere vun all Gattung an de Bëscher gouf: Kéi a Rëndvéier, Ieselen a Päerdercher, Geessen a wëll Geessen an allerhand wëll Déieren, déi dem Mënschen nëtzlech sinn. A mir hunn allerhand Äerz, Gold souwuel als och Sëlwer a Koffer entdeckt.