3. Kapitel
Dem Lehi seng Jonge ginn zeréck op Jerusalem fir d’Placken aus Messeng ze kréien—De Laban refuséiert, d’Placken ofzeginn—Den Nephi ermaant a motivéiert seng Bridder—De Laban klaut hire Besëtz a probéiert si ëmzebréngen—De Laman an de Lemuel schloen den Nephi an de Sam a gi vun engem Engel op d’Plaz gesat. Ongeféier 600–592 v. Chr.
1 An et huet sech erginn: Nodeems ech, den Nephi, mam Här geschwat hat, war ech zeréck an d’Zelt vu mengem Papp gekéiert.
2 An et huet sech erginn: Hien huet mat mir geschwat, nämlech: Kuck, ech hunn een Dram gedreemt, an doranner huet mir den Här gebueden, dat s du an deng Bridder a Jerusalem zeréckgoe sollt.
3 Well kuck, de Laban huet d’Opzeechnunge vun de Judden, an och eng Genealogie vu menge Virfaren, an zwar op Placken aus Messeng gravéiert.
4 Dofir huet mir den Här gebueden, dat s du an deng Bridder bei de Laban heem sollt goen, fir déi Opzeechnungen ze kréien, an dat dir se heihinner an d’Wüüst brénge sollt.
5 Lo awer kuck, deng Bridder grommelen a soen, datt dat, wat ech vun hinne verlaangen, schwéier wier; mee kuck, net ech hunn et vun hinne verlaangt, mee et ass ee Gebot vum Här.
6 Dofir géi hin, mäi Jong, an den Här wäert dech begënstegen, well s du net gegrommelt hues.
7 An et huet sech erginn, datt ech, den Nephi, zu mengem Papp gesot hunn: Ech wäert goen an dat maachen, wat den Här gebueden huet, well ech weess, datt den Här de Kanner vum Mënsch keng Geboter gëtt, ausser hie wäert e Wee fir si virbereeden, fir datt si dat erfëlle kënnen, wat hien hinne gebueden huet.
8 An et huet sech erginn: Wéi mäi Papp déi Wieder héieren huet, war hien immens frou, well hie wosst, dat ech vum Här geséint gi war.
9 An ech, Nephi, a meng Bridder hunn eis mat eisen Zelter duerch d’Wüüst op de Wee gemaach, fir an d’Land Jerusalem eropzegoen.
10 An et huet sech erginn: Nodeems mir an d’Land Jerusalem eropgaange waren, hu meng Bridder an ech eis matenee beroden.
11 A mir hunn d’Lous geworf—wie vun eis zum Laban säin Haus goe sollt. An et huet sech erginn: D’Lous ass op de Laman gefall; an de Laman ass zu dem Laban säin Haus gaangen an huet mat him geschwat, wéi hien a sengem Haus souz.
12 An hien huet vum Laban d’Opzeechnunge gewënscht, déi op de Placken aus Messeng agravéiert waren a wou d’Genealogie vu mengem Papp dra war.
13 A kuckt, et huet sech erginn: De Laban ass rose ginn an huet en eraus gestouss an hie wollt net, datt de Laman d’Opzeechnunge sollt kréien. Dofir huet hien zu him gesot: Kuck, du bass ee Raiber an ech wäert dech ëmbréngen.
14 Mee de Laman ass virun him geflücht an huet ons erzielt, wat de Laban gemaach hat. A mir hunn ugefaangen, immens besuergt ze sinn; a meng Bridder wollte bei mäi Papp an d’Wüüst zeréckgoen.
15 Mee kuckt, ech hunn zu hinne geschwat: Sou wouer den Här lieft a mir liewe,mir wäerten net éischter zu eisem Papp an d’Wüüst erofgoen, bis mir dat vollbruecht hunn, wat den Här eis gebueden huet.
16 Dofir loosse mir am Hale vum Här senge Geboter trei sinn; dofir loosst eis erof goen an d’Land vun der Ierfschaft vun eisem Papp; well kuckt, hien huet vill Gold a Sëlwer an allerhand Räichtemer zeréckgelooss. An hien huet dat nom Gebot vum Här gemaach.
17 Well hien huet gewosst, datt Jerusalem wéinst der Béist vum Vollek zerstéiert muss ginn.
18 Well kuckt, si hunn d’Wierder vun de Prophete verworf. Wann elo mäi Papp an deem Land géif wunne bleiwen, nodeems him gebuede ginn ass, do raus ze flüchten, kuckt, da géif och hien ëmkommen. Dofir huet hie missen aus dem Land flüchten.
19 A kuckt, et ass no Gottes Weisheet, datt mir dës Opzeechnunge kréien, fir datt mir fir eis Kanner d’Sprooch vun eise Pappen erhalen,
20 An och fir datt mir hinnen d’Wierder erhale kënnen, déi duerch de Mond vun all den hellege Prophete geschwat goufen, déi hinne vum Geescht a vun der Muecht vu Gott iwwergi goufen, zënter dem Ufank vun der Welt, souguer bis zu dëser haiteger Zäit.
21 An et huet sech erginn, datt ech no dëser Aart a Weis vu Sprooch meng Bridder iwwerzeegt hunn, datt si trei am Hale vun de Geboter vu Gott kéinte sinn.
22 An et huet sech erginn: Mir sinn an d’Land vun eiser Ierfschaft erof gaang, a mir hunn all eist Gold an eist Sëlwer an all eis wäertvoll Saachen zesumme gedroen.
23 An nodeems mir alles zesumme gedro haten, si mir erëm erop bei de Laban heem gaangen.
24 An et huet sech erginn: Mir ware bei de Laban era gaangen an hu vum him gewënscht, hie soll eis d’Opzeechnunge ginn, déi op de Placken aus Messeng gravéiert waren, an dofir wollte mir him all eist Gold, eist Sëlwer an all eis wäertvoll Saache ginn.
25 An et huet sech erginn, datt, wéi de Laban eise Besëtz gesinn huet, an datt en aussergewéinlech grouss war, et him duerno geglëscht huet, sou datt hien eis erausgedriwwen huet an eis seng Dénger nogeschéckt huet, fir eis ëmzebréngen, fir datt hien eise Besëtz kéint kréien.
26 An et huet sech erginn: Mir si virum Laban senge Kniecht geflücht, a mir hunn all eis Wäertsaache missen zeréckloossen, an se waren dem Laban an d’Hänn gefall.
27 An et huet sech erginn: Mir sinn an d’Wüüst geflücht, an dem Laban seng Kniecht hunn eis net erëm kritt; a mir hunn eis an enger Höl vun engem Fiels verstoppt.
28 An et huet sech erginn: De Laman war rose ginn iwwer mech an och iwwer mäi Papp, an esou war et och mam Lemuel, well hien huet op dem Laman seng Wierder gelauschtert. Dofir hunn de Laman an de Lemuel vill haart Wierder géint eis, hir méi jonk Bridder, geschwat, an si hunn eis souguer mat Rutte geschloen.
29 An et huet sech erginn: Wéi si eis mat Rutte geschloen hunn, kuckt, do koum een Engel vum Här an huet sech virun si gestallt an huet mat hinne geschwat, nämlech: Firwat schlot dir äre méi jonke Brudder mat Rutten? Wësst dir dann net, datt den Här hien auserwielt huet, Herrscher iwwert iech ze sinn, an zwar wéinst ärem béisen Dreiwen? Kuckt, dir sollt nach eng Kéier op Jerusalem eropgoen, an den Här wäert iech de Laban an är Hänn ginn.
30 An nodeems den Engel zu eis geschwat hat, huet hien eis verlooss.
31 An nodeems den Engel eis verlooss hat, hunn de Laman an de Lemuel erëm ugefaange mat grommelen, nämlech: Wéi ass et méiglech, datt den Här eis de Laban an eis Hänn kéint ginn? Kuckt, hien ass ee mächtege Mann, an hie kann iwwer fofzeg kommandéieren; jo, hie kann der souguer fofzeg ëmbréngen; firwat net och eis?