15. Kapitel
D’Nokomme vum Lehi sollen d’Evangelium vun den Heiden an de leschten Deeg kréien—D’Versammlung vun Israel gëtt mat engem Olivebam verglach, deem seng natierlech Äscht erëm ageprouft ginn—Den Nephi interpretéiert d’Visioun vum Bam vum Liewen a schwätzt vun der Gerechtegkeet vu Gott, andeems hien déi Béis vun de Gerechten trennt. Ongeféier 600–592 v. Chr.
1 An et huet sech erginn: Nodeems ech, den Nephi, vum Geescht fortgefouert gi war an all dës Saache gesinn hat, sinn ech zeréck an d’Zelt vu mengem Papp gaangen.
2 An et huet sech erginn: Ech hu meng Bridder gesinn, a si hu matenee gestridden iwwer dat, wat mäi Papp zu hinne geschwat hat.
3 Well hien huet wierklech vill grouss Saachen zu hinne geschwat, déi schwéier ze verstoe waren, ausser wann ee beim Här nofreet; a well si an hiren Häerzer haart waren, hunn si net sou op den Här gekuckt, wéi si et sollten.
4 Lo war ech, Nephi, bekëmmert wéint hirer Häerzenshäert an och dowéinst, wat ech gesinn hat, a well ech wousst, datt et wéinst der grousser Béist vun de Mënschekanner geschéie misst.
5 An et huet sech erginn: Ech gouf vu menge Bedrängnisser iwwerwältegt, an ech hu meng Bedrängnisser wéinst der Vernichtung vu mengem Vollek als immens schwéier ugesinn; well ech hat säi Fall gesinn.
6 An et huet sech erginn: Nodeems ech Kraaft empfaangen hat, hunn ech zu menge Bridder gesprach a wollt vun hinne wëssen, firwat si sech gestridden hunn.
7 A si hu gesot: Kuck, mir kënnen net verstoen, wat eise Papp vun den natierlechen Branche vum Olivebam a vun den Aneren erzielt huet.
8 An ech hunn zu hinne gesprach: Hutt dir den Här befrot?
9 An si hunn zu mir gesprach: Dat hu mir net; well den Här weist eis sou eppes net.
10 Kuckt, ech hunn zu hinne gesprach: Wéi kënnt et, datt dir d’Geboter vum Här net haalt? Wéi kënnt et, datt dir wéinst ärer Häerzenshäert ëmkomme wëllt?
11 Erënnert dir iech net un déi Saachen, déi den Här gesot huet?—Wann dir är Häerzer net verhäert a mech am Glawe frot, a gleeft, datt dir et kritt, a mat Fläiss meng Geboter haalt, da ginn dës Saachen iech sécherlech bekannt gemaach.
12 Kuckt, ech soen iech: d’Haus Israel ass duerch de Geescht vum Här, deen op eisem Papp war, mat engem Olivebam verglach ginn; a kuckt, si mir net vum Haus Israel ofgebrach, si mir net eng Branche vum Haus vun Israel?
13 Wat elo eise Papp mam Apropfe vun den natierlechen Branche mengt, an zwar duerch d’Fëllt vun den Aneren, ass dëst: An de leschten Deeg, wann eis Nokommen an Onglawe verfale wäerte sinn, jo, vill Joren a vill Generatiounen nodeems sech de Messias de Mënschekanner leiblech offenbaart wäert hunn, do wäert dann d’Fëllt vum Evangelium vum Messias zu den Anere kommen a vun den Aneren zum Iwwerrescht vun eisen Nokommen—
14 An un deem Dag wäert den Iwwerrescht vun eisen Nokomme wëssen, datt si zum Haus vun Israel gehéieren an datt si d’Vollek vun der Allianz vum Här sinn; si wäerten dann hir Virfaren erkennen a Wësse vun hinnen erhalen, an och Wësse vum Evangelium vun hirem Erléiser, dat hire Pappe vun him duer gebuede ginn ass; da wäerten si Wësse vun hirem Erléiser erhalen an déi wouerech Grondsätz vu senger Doktrinn verstoen, sou datt si wëssen, wéi si zu him kommen a gerett kënne ginn.
15 Wäerten si sech dann un deem Dag net freeën an hiren éiwege Gott, hire Fiels an hir Errettung, luewen? Wäerten si un deem Dag net Kraaft an Iesse vum wierkleche Wäistack empfaangen? Jo, wäerten si net zur wierklechen Häerd Gottes kommen?
16 Kuckt, ech soen iech, Jo; Hinne soll am Haus vun Israel erëm geduecht ginn; si sollen an de wierklechen Olivebam agepropft ginn, well si sinn eng natierlech Branche vum Olivebam.
17 Dat ass et, wat eise Papp mengt; an hie mengt, et wäert réischt da geschéien, wann si duerch déi Aner verstreet géife sinn; an hie mengt, et wäert duerch déi Aner geschéien, fir dat den Här den Aneren seng Muecht weise kann, an zwar dofir, well hie vun de Judden, nämlech vum Haus vun Israel, verworf ginn ass.
18 Dofir huet eise Papp net nëmme vun eisen Nokomme geschwat, mee och vum ganzen Haus vun Israel, an op d’Allianz higewisen, déi an de leschten Deeg erfëllt wäert ginn. Dës Allianz huet den Här mat eisem Papp Abraham gemaach, nämlech: An dengen Nokomme wäerten all Geschlechter vun der Äerd geséint sinn.
19 An et huet sech erginn: Ech, Nephi, hu vill zu hinnen doriwwer gesprach; jo, ech hunn zu hinnen iwwer d’Restauratioun vun de Judden an de leschten Deeg gesprach.
20 An ech hunn hinnen dem Jesaja seng Wierder virgedroen, dee vun der Restauratioun vun de Judden, nämlech dem Haus vun Israel, geschwat hat an dovunner, datt si no der Restauratioun net méi blaméiert géife ginn; och verstreet géifen si net méi ginn. An et huet sech erginn: Ech hunn zu menge Bridder vill Wierder gesprach, sou datt si friddlech gi sinn an sech virum Här humiliéiert hunn.
21 An et huet sech erginn: Si hu weider zu mir gesprach, nämlech: Wat bedeit dat, wat eise Papp am Dram gesinn huet? Wat bedeit dee Bam, deen hie gesinn huet?
22 An ech sot zu hinnen, dat wär eng Duerstellung vum Bam vum Liewen.
23 A si hunn zu mir gesprach: Wat bedeit déi Eisestaang, déi eise Papp gesinn huet an déi zu deem Bam féiert?
24 An ech sot hinnen, dat wär d’Wuert Gottes; a wien op d’Wuert vu Gott lauschtert an dorunner festhält, wäert nimools ëmkommen; och d’Versuchungen a feiereg Feiler vum Géigner kéinten hien net mat Verblendung schloe fir hien an d’Verdierwen ze féieren.
25 Dofir hunn ech, Nephi, si ermaant, dem Wuert vum Här Beuechtung ze schenken; jo, ech hunn si mat der ganzer Kraaft vu menger Séil ermaant a mat aller Fäegkeet, déi a mir war, dem Wuert vu Gott Beuechtung ze schenken a si sollten dorobber beduecht sinn, datt si senge Geboter ëmmer an an allem befollegen.
26 A si hunn zu mir gesprach: Wat bedeit dee Waasserlaf, deen eise Papp gesinn huet?
27 An ech sot hinnen, datt dat Waasser, dat mäi Papp gesinn huet, Dreckeges bedeit; mee säi Sënn wär sou vill mat anerem beschäftegt gewiescht, datt hien net gesinn huet, wéi dreckeg d’Waasser war.
28 An ech sot hinnen, datt et eng fuerchtbar Kluft wier, déi déi Béis vum Bam vum Liewen an och vun den Hellege Gottes géif trennen.
29 An ech sot hinnen, dat wier d’Duerstellung vun där fuerchtbarer Hell, déi no de Wierder vum Engel fir déi Béis prett gemaach ass.
30 An ech sot hinnen, eise Papp hätt och gesinn, datt déi Béis vun de Gerechten och duerch d’Gerechtegkeet Gottes getrennt wieren, där hir Hellegkeet engem flamende Feier gläicht, dat fir ëmmer an ëmmer zu Gott opsteigt a keen Enn huet.
31 A si hunn zu mir gesprach: Ass domadder déi leiblech Qual an den Deeg vun der Probatioun gemengt, oder bedeit et de schliisslechen Zoustand vun der Séil nom Doud vum ierdesche Leif, oder bezitt et sech op dat, wat zäitlech ass?
32 An et huet sech erginn: Ech sot hinnen, dëst wär eng Duerstellung souwuel vum Zäitleche wéi och vum Geeschtegen; well den Dag wäert kommen, datt si no hire Wierker geriicht musse ginn, jo, no de Wierker, déi si am ierdesche Leif an den Deeg vun hirer Probatioun gemaach hunn.
33 Dofir, wann si an hirer Béist stierwe sollten, mussen si och verstouss ginn, wat déi geeschteg Saachen ugeet, déi zur Gerechtegkeet gehéieren; dofir mussen si viru Gott bruecht ginn, fir no hire Wierker geriicht ze ginn; a wann hir Wierker Dreck waren, mussen si noutwennegerweis dreckeg sinn; a wann si dreckeg sinn, muss et noutwennegerweis sinn, datt si net am Räich vu Gott wunne kënnen; wa jo, muss d’Räich vu Gott och dreckeg sinn.
34 Mee kuckt, ech soen iech: D’Räich Gottes ass net dreckeg, an näischt Onrenges kann an d’Räich Gottes eragoen; dofir muss noutwennegerweis een Uert mat Dreck prett gemaach si fir dat, wat dreckeg ass.
35 An esou een Uert ass prett gemaach, jo, nämlech déi fuerchtbar Hell, vun där ech gesprach hunn an deem säi Virbereeder den Däiwel ass. Dofir ass et de schliisslechen Zoustand vun der Mënscheséil, datt se entweder am Räich Gottes wunne wäert oder awer wéinst der Gerechtegkeet, vun där ech geschwat hunn, ausgestouss wäert sinn.
36 Dofir ginn déi Béis verworf, ewech vun de Gerechten, genausou vum Bam vum Liewen, deem seng Fruucht immens kostbar a virun allen anere Fruuchten extrem wënschenswäert ass; jo, a se ass déi gréisst vun alle Gabe Gottes. An esou hunn ech zu menge Bridder gesprach. Amen.