Scriptures
1 Nephi 11


11. Kapitel

Den Nephi gesäit de Geescht vum Här a kritt an enger Visioun de Bam vum Liewe gewisen—Hie gesäit d’Mamm vum Jong vu Gott a léiert vun der Erofloossung vu Gott—Hie gesäit d’Daf, den Déngscht an d’Kräizegung vum Lämmche vu Gott—Hie gesäit och d’Beruffung an de geeschtlechen Déngscht vun den Zwielef Apostele vum Lämmchen. Ongeféier 600–592 v. Chr.

1 An et huet sech erginn: Nodeems ech mir gewënscht hat, och dat ze wëssen, wat mäi Papp gesinn hat, a well ech fest doru gegleeft hunn, datt den Här amstand wier, et mech wëssen ze loossen, do gouf ech, wéi ech do souz an a mengem Häerz doriwwer nogeduecht hunn, am Geescht vum Här ewechgefouert, jo, op een immens héije Bierg, deen ech nach ni virdru gesinn an och nach ni betrueden hat.

2 An de Geescht huet zu mir gesprach: Kuck, wat wënschs du?

3 An ech hu gesot: Ech wënschen dat ze gesinn, wat mäi Papp gesinn hat.

4 An de Geescht huet zu mir gesprach: Gleefs du dann, datt däi Papp dee Bam gesinn hat, vun deem hie geschwat huet?

5 An ech hu gesot: Jo; du weess, datt ech all Wierder vu mengem Papp gleewen.

6 An nodeems ech dës Wierder geschwat hat, huet de Geescht mat haarder Stëmm geruff a gesot: Hosanna dem Här, dem allerhéchste Gott; well hien ass Gott iwwer der ganzer Äerd, jo, souguer iwwer allem. A geséint bass du, Nephi, well s du un de Jong vum allerhéchste Gott gleefs; dofir wäerts du déi Saache gesinn, déi s du gewënscht hues.

7 A kuck, dëst soll dir een Zeeche sinn: Wann s du de Bam gesi wäerts hunn, deen déi Fruucht dréit, vun deem däi Papp giess hat, wäerts du och ee Mann aus dem Himmel erofkomme gesinn, an dovunner solls du Zeie sinn. An nodeems du dat erlieft wäerts hunn, solls du Temoignage ginn, datt hien de Jong vu Gott ass.

8 An et huet sech erginn: De Geescht huet zu mir geschwat: Kuck! An ech hu gekuckt an hunn ee Bam gesinn; an e war wéi dee Bam, dee mäi Papp gesinn hat; en ass bei wäitem iwwert alles Schéines eraus gaangen, jo, en huet all Schéinheet iwwertraff, an e war méi wäiss ewéi frësch gefalene Schnéi.

9 An et huet sech erginn: Nodeems ech de Bam gesinn hat, hunn ech zum Geescht gesprach: Ech gesinn, du hues mir dee Bam gewisen, dee méi wäertvoll ass wéi alles.

10 An hien huet zu mir geschwat: Wat wënschs du?

11 An ech hunn zu him gesot: Fir d’Interpretatioun dovun ze wëssen—well ech hunn zu him geschwat, wéi e Mënsch schwätzt; well ech hu gesinn, datt hien a Form vun engem Mënsch war; awer trotzdeem wousst ech, datt et de Geescht vum Här war; an hien huet zu mir geschwat, wéi e Mënsch mat engem anere schwätzt.

12 An et huet sech erginn: Hien huet zu mir geschwat: Kuck! An ech hu gekuckt fir hien ze betruechten, mee ech hunn hien net gesinn; well hien hat sech aus menger Géigewaart ewech gemaach.

13 An et huet sech erginn: Ech hu gekuckt an hunn déi grouss Stad Jerusalem an och aner Stied gesinn. Ech hunn d’Stad Nazareth erbléckt, an an der Stad Nazareth hunn ech eng Jongfra erbléckt, déi war immens schéin a wäiss.

14 An et huet sech erginn: Ech hunn den Himmel op gesinn, an een Engel koum erof an ass viru mech getrueden; an hien huet zu mir gesprach: Nephi, wat gesäis du?

15 An ech hunn zu him gesprach: Eng Jongfra, immens schéin a charmant, méi wéi all aner Jongfraen.

16 An hien huet zu mir gesprach: Kenns du d’Erofloossung Gottes?

17 An ech hunn zu him gesprach: Ech weess, datt hien seng Kanner gär huet; awer d’Bedeitung vun allem weess ech net.

18 An hien huet zu mir gesprach: Kuck, déi Jongfra, déi s du gesäis, ass d’Mamm vum Jong vu Gott no der Weis vum Fleesch.

19 An et huet sech erginn: Ech hu gesinn, datt si am Geescht ewechgefouert gouf, an nodeems si eng Zäit laang am Geescht ewechgefouert war, huet den Engel zu mir gesprach, nämlech: Kuck!

20 An ech hu gekuckt an hunn erëm d’Jongfra gesinn, an si huet op hiren Äerm ee Kand gedro.

21 An den Engel huet zu mir gesprach: Kuck d’Lämmche Gottes, jo, de Jong vum Éiwege Papp! Kenns du d’Bedeitung vum Bam, deen däi Papp gesinn huet?

22 An ech hunn him geäntwert, nämlech: Jo, dat ass d’Léift Gottes, déi sech iwwerall de Mënschekanner an d’Häerz géisst; dofir ass dëst dat Wënschenswäertest vun allem.

23 An hien huet zu mir gesprach, nämlech: Jo, an déi gréisste Freed fir d’Séil.

24 An nodeems hien dëst gesprach hat, huet hien zu mir gesot: Kuck! An ech hu gekuckt an hunn de Jong vu Gott gesinn, wéi hien ënner d’Mënschekanner gaangen ass; an ech hunn der vill gesinn, déi him zu Féiss gefall sinn an hie veréiert hunn.

25 An et huet sech erginn: Ech hu gesinn, datt déi Eisestaang, déi mäi Papp gesinn hat, d’Wuert vu Gott ass, dat zu der Quell aus liewegem Waasser oder zum Bam vum Liewe féiert. Dëst Waasser awer ass eng Duerstellung vun der Léift Gottes; ech hunn och gesinn, datt de Bam vum Liewen eng Duerstellung vun der Léift Gottes war.

26 An den Engel huet nach eng Kéier zu mir gesprach: Kuck, an du gesäis d’Erofloossung Gottes!

27 An ech hu gekuckt an hunn den Erléiser vun der Welt gesinn, vun deem mäi Papp gesprach hat; an ech hunn och de Prophet gesinn, deen de Wee virun him prett maache soll. An hien, d’Lämmche Gottes, ass higaangen a gouf vun him gedeeft, an nodeems hie gedeeft war, hunn ech den Himmel op gesinn, an den Hellege Geescht koum vum Himmel erof an huet sech op him niddergelooss a Gestalt vun enger Dauf.

28 An ech hu gesinn, datt hien higaangen ass an dem Vollek mat Muecht a grousser Herrlechkeet gedéngt huet; an d’Leit hunn sech gesammelt, fir hien ze héieren; an ech hu gesinn, datt si hie vun sech ausgestouss hunn.

29 An ech hunn och gesinn, datt zwielef anerer him gefollegt sinn. An et huet sech erginn: Si goufen am Geescht viru mengen Aen ewechgefouert, an ech hunn si net méi gesinn.

30 An et huet sech erginn: Den Engel huet weider zu mir gesprach, nämlech: Kuck! An ech hu gekuckt an hunn erëm den Himmel op gesinn, an ech hunn Engele gesinn erofkommen zu de Mënschekanner an hinnen déngen.

31 Nach eng Kéier huet hien zu mir gesprach, nämlech: Kuck! An ech hu gekuckt an hunn d’Lämmche Gottes gesinn, dat higaangen ass zu de Mënschekanner. An ech hunn eng Versammlung Mënsche gesinn, déi verkrëppelt waren a vun allerhand Krankheete bedrängt goufen, och vun Däiwelen an onrenge Geeschter; an den Engel huet zu mir gesprach a mir dëst alles gewisen. A si goufen duerch d’Muecht vum Lämmche Gottes geheelt, an d’Däiwelen an onreng Geeschter goufen ausgedriwwen.

32 An et huet sech erginn: Den Engel huet weider zu mir gesprach, nämlech: Kuck! An ech hu gekuckt a gesinn, datt d’Lämmche vu Gott vum Vollek geholl gouf; jo, de Jong vum éiwege Gott gouf vun der Welt verurteelt; an ech hunn et gesinn a bezeien et.

33 An ech, Nephi, hu gesinn, datt hien op d’Kräiz opgehuewen a fir d’Sënde vun der Welt ëmbruecht ginn ass.

34 An nodeems hien ëmbruecht gouf, hunn ech d’Massen op der Äerd gesinn, datt si sech versammelt hunn, fir géint d’Apostele vum Lämmchen ze kämpfen; well sou goufen déi Zwielef vum Engel vum Här geruff.

35 An d’Leit vun der Äerd ware versammelt; an ech hu gesinn, datt si an engem groussen a geraimege Gebai waren, wéi dat Gebai, dat mäi Papp gesinn huet. An den Engel vum Här huet nach eng Kéier zu mir geschwat a gesot: Kuck d’Welt an hir Weisheet; jo, kuck, d’Haus vun Israel huet sech versammelt, fir géint déi zwielef Apostele vum Lämmchen ze kämpfen.

36 An et huet sech erginn: Ech hu gesinn a ginn Temoignage, datt dat grousst a geraimegt Gebai de Stolz vun der Welt war; an et ass agestierzt, a säin Ofstuerz war immens grouss. An den Engel vum Här huet nach eng Kéier zu mir gesprach, nämlech: Sou wäerten all Natiounen, Geschlechter, Sproochen a Vëlker, déi géint déi zwielef Apostele vum Lämmche streiden, zerschloe ginn.